Scriptures
1 Nephi 6


6. Kapitel

Den Nephi schreift iwwer d’Saache vu Gott—Dem Nephi säin Zweck ass et, d’Mënschen ze iwwerzeegen, zum Gott vum Abraham ze kommen a gerett ze ginn. Ongeféier 600–592 v. Chr.

1 An elo ginn ech, den Nephi, d’Genealogie vu menge Pappen net an dësem Deel vu menger Opzeechnung; an ech wäert se zu kengem Zäitpunkt duerno op dëse Placken opschreiwen, déi ech schreiwen; well se ass an der Opzeechnung ginn, dee vu mengem Papp gefouert gouf; dofir schreiwen ech se net an dësem Wierk.

2 Well et geet duer, wann ech soen, datt mir vum Joseph ofstamen.

3 Et kënnt mir net dorop un, vun allem, wat mäi Papp betrëfft, ee vollstännege Bericht ze ginn; dëst kann op dëse Placken net geschriwwe ginn; well ech wëll Plaz hunn, fir iwwer dat, wat vu Gott ass, schreiwen ze kënnen.

4 Well d’Fëllt vu menger Absicht ass et, datt ech d’Mënschen iwwerzeege kann, zum Gott vum Abraham, dem Gott vum Isaak an dem Gott vum Jakob ze kommen a gerett ze ginn.

5 Dofir schreiwen ech net déi Saachen, déi der Welt gefalen, mee déi, déi Gott gefalen an deenen, déi net vun der Welt sinn.

6 Dofir wäert ech mengen Nokomme gebieden, dës Placken net mat eppes ze fëllen, wat fir d’Mënschekanner kee Wäert huet.