4. Kapitel
Den Nephi bréngt de Laban op Uerder vum Här ëm a kritt dann d’Placken aus Messeng duerch eng Strategie—Den Zoram decidéiert, sech der Famill vum Lehi an der Wüüst unzeschléissen. Ongeféier 600–592 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Ech hu mat menge Bridder geschwat, nämlech: Loosst eis nach eng Kéier op Jerusalem eropgoen, a loosse mir am Hale vun de Geboter vum Här trei sinn; well kuckt, hien ass méi mächteg wéi déi ganz Äerd, firwat also net och méi mächteg wéi de Laban a seng Fofzeg, jo, wei seng Zéngdausend?
2 Dofir loosst eis eropgoen; loosst eis staark si wéi de Moses; well tatsächlech, hien huet zu de Flutë vum Roude Mier geschwat, an se hunn sech no den zwou Säite gedeelt, an eis Pappe si mat dréchenem Fouss doduerch gaangen, aus der Gefaangenschaft, an d’Arméie vum Pharao waren hinnen nogaangen a waren an de Flutë vum Roude Mier erdronk.
3 Kuckt elo, dir wësst, datt dat wouer ass; an dir wësst och, datt en Engel mat iech geschwat huet; wéi kënnt dir zweifelen? Loosst eis eropgoen; den Här ass fäeg, eis ze befreien, sou wéi eis Pappen, an de Laban ze zerstéieren, sou wéi d’Ägypter.
4 Nodeems ech dës Wierder geschwat hat, waren si nach ëmmer rosen an hunn net opgehal mat grommelen; mee awer sinn si mat mir gaangen, bis mir un d’Mauere vu Jerusalem eru koumen.
5 Et war Nuecht, an ech hunn si sech baussent de Mauere verstoppe gelooss. Soubal si sech verstoppt haten, hunn ech, Nephi, mech an d’Stad geschlach a sinn op dem Laban säin Haus zougaangen.
6 Ech gouf vum Geescht gefouert; ech wousst net am viraus, wat ech maache sollt.
7 Ech sinn awer weider gaangen, a wéi ech no un dem Laban säin Haus eru komm sinn, hunn ech ee Mann viru mir gesinn, deen op de Buedem gefall ass, well hie war vum Wäin dronken.
8 A wéi ech bei hien hikoum, hunn ech gesinn, datt et de Laban war.
9 An ech hu säi Schwäert erbléckt an hunn et aus der Scheed gezunn. D’Heft war aus purem Gold, an et war op eng ganz fäi Weis geschafft. Ech hunn och gesinn, datt d’Kléng aus héich kostbarem Stol war.
10 An et huet sech erginn: Ech gouf vum Geescht gedrängt, de Laban ëmzebréngen; mee a mengem Häerzen hunn ech geschwat: Nach ni hunn ech d’Blutt vun engem Mënsch vergoss. An ech hunn zeréck geschréckt a mir gewënscht, ech bräicht hien net ëmzebréngen.
11 An de Geescht sot nach eng Kéier zu mir: Kuck, den Här huet en dir an deng Hänn ginn. Jo, an ech wousst och, datt hie mir d’Liewe wollt huelen; jo, an hie wollt net op d’Geboter vum Här lauschteren; an hien hat och eise Besëtz geholl.
12 An et huet sech erginn: De Geescht huet alt erëm zu mir geschwat: Bréng hien ëm, well den Här huet dir en an d’Hand ginn.
13 Kuck, den Här bréngt déi Béis ëm, fir seng gerecht Intentiounen ze verwierklechen. Et ass besser, een eenzele Mënsch geet ënner, wéi wann ee ganzt Vollek an Onglawe verfält an ëmkënnt.
14 A wéi ech, den Nephi, dës Wierder héieren hunn, hunn ech un all dat geduecht, wat den Här zu mir an der Wüüst gesot hat, nämlech: Wann deng Nokomme meng Geboter halen, wäert et hinne wuel ergoen am Land vun der Verheeschung.
15 Jo, an ech hunn och geduecht, datt si d’Geboter vum Här nom Gesetz vum Moses net kéinten halen, ausser si hätten d’Gesetz.
16 An ech hunn och gewosst, datt d’Gesetz op de Placken aus Messeng agravéiert war.
17 Ausserdeem wousst ech, datt mir den Här de Laban dofir a meng Hand ginn hat—fir datt ech, no sengem Gebot, d’Opzeechnunge kréie kéint.
18 Dofir hunn ech der Stëmm vum Geescht gefollegt, hunn de Laban bei dën Hoer gegraff an hunn him mat sengem eegene Schwäert de Kapp ofgeschlo.
19 Nodeems ech him mat sengem eegene Schwäert de Kapp ofgeschlo hat, hunn ech dem Laban seng Kleeder geholl an hunn se mir selwer ugedoen, jo, all klengste Stéck; an ech hu mir seng Waffen ëm meng Taille gewéckelt.
20 Nodeems ech dat gemaach hat, sinn ech weider gaang, zum Tresor vum Laban. A wéi ech zum Tresor vum Laban gaange sinn, kuckt, do hunn ech dem Laban säi Kniecht erbléckt, deen de Schlëssel vum Tresor hat. An ech hunn him mat der Stëmm vum Laban gebueden, mat mir an den Tresor ze goen.
21 An hien huet gemengt, ech wier säin Här, nämlech de Laban; well hien huet d’Kleeder gesinn an och d’Schwäert, dat ech mir ëm d’Taille gewéckelt hat.
22 An hien huet mat mir iwwer déi Eelste vun de Judde geschwat; well hie wousst, datt de Laban, säin Här, an deem Owend bei hinne war.
23 An ech hu mat him geschwat, wéi wann ech de Laban wier.
24 Ech hunn him och gesot, ech sollt d’Placken aus Messeng, wouropper sech déi gravéiert Schrëfte befonnt hunn, zu menge Bridder, den Eelsten, bréngen, eraus virun d’Maueren.
25 An ech hunn him befielt, mat mir ze kommen.
26 Hien huet gemengt, ech géif vun de Bridder vun der Kierch schwätzen an ech wär wierklech de Laban, den ech ëmbruecht hat; also ass hie mat mir gaangen.
27 An hien huet zu mir méi dacks vun den Eelste vun de Judde geschwat, wéi ech eraus zu menge Bridder gaange sinn, déi do bausse virun de Mauere waren.
28 An et huet sech erginn: Wéi de Laman mech erbléckt hat, huet hie ganz vill gefaart, genausou wéi de Lemuel an de Sam. A si si viru mir fortgelaf; well si hu gemengt, ech wier de Laban, dee mech ëmbruecht hätt a lo och hinnen d’Liewe wëll huelen.
29 An et huet sech erginn: Ech hunn hinnen nogeruff, an si hu mech héieren; dofir si se net méi viru mir fortgelaf.
30 An et huet sech erginn: Wéi de Kniecht vum Laban meng Bridder gesinn huet, huet hien ugefaange mat zidderen an hie wollt viru mir fortlafen an zeréck d’Stad Jerusalem.
31 Lo sinn ech, Nephi, vu grousser Gestalt an hu vum Här vill Kraaft empfaangen; dofir hunn ech de Kniecht vum Laban ergraff an hunn hie festgehal, sou datt hien net méi fortlafe konnt.
32 An et huet sech erginn: Ech hu mat him geschwat, wann hien op meng Wierder wëll lauschteren, sou wouer den Här lieft an ech liewen, wierklech, wann hien op eis Wierder wëll héieren, géife mir him d’Liewe loossen.
33 An ech hunn zu him gesot, jo, mat engem Eed, datt hien näischt bräicht ze fäerten, datt hien ee fräie Mann sollt si wéi mir, wann hie mat eis an d’Wüüst erof géif goen.
34 An ech hu weider zu him geschwat, nämlech: Sécherlech huet den Här eis gebueden, dëst ze maachen; a solle mir net äifreg sinn am Hale vun de Geboter vum Här? Dofir, wann s du mat eis erofgoe wëlls an d’Wüst bei mäi Papp, da solls du Plaz bei eis hunn.
35 An et huet sech erginn: Den Zoram huet Mutt gefaasst bei de Wierder, déi ech gesot hunn. De Kniecht huet nämlech Zoram geheescht; an hien huet versprach, mat erofzegoen an d’Wüüst bei mäi Papp. An hien huet eis och een Eed geschwuer, datt hie vun där Zäit un bei eis bleiwe wäert.
36 Well et war eise Wonsch, hie wéilt bei eis bleiwen, fir datt d’Judden näischt iwwert eis Flucht an d’Wüüst gewuer géifen an eis net verfollege géifen an net vernichte géifen.
37 An et huet sech erginn: Wéi den Zoram eis den Eed geschwuer hat, do huet eis d’Angscht verlooss, déi mir wéinst senger haten.
38 An et huet sech erginn: Mir hunn d’Placken aus Messeng matgeholl, och de Kniecht vum Laban, a mir hunn eis opgemaach an d’Wüüst; zum Zelt vun eisem Papp si mir gezunn.