Scriptures
1 Nephi 1


D’éischt Buch vum Nephi

Seng Regierung a säi geeschtlechen Déngscht

E Bericht iwwert de Lehi a seng Fra Sariah, a seng véier Jongen, déi (ugefaange mam Eelsten) Laman, Lemuel, Sam an Nephi genannt gi sinn. Den Här warnt de Lehi, hie soll aus dem Land Jerusalem fortgoen, well hie prophezeit dem Vollek iwwer hir Ongerechtegkeet a si versichen, säi Liewen ze zerstéieren. Hie mécht eng dräi Deeg laang Rees an d’Wüüst mat senger Famill. Den Nephi huet seng Bridder geholl a koum zeréck an d’Land Jerusalem, fir d’Opzeechnung vun de Judden ze sichen. De Bericht iwwer hiert Leiden. Si huelen d’Duechtere vum Ismael als hir Fraen. Si huelen hir Familljen a ginn an d’Wüüst. Hiert Leiden an hir Qualen an der Wüüst. De Verlaf vun hire Reesen. Si kommen un déi grouss Waasser. D’Bridder vum Nephi rebelléiere géint hien. Hie mécht si duercherneen, a baut e Schëff. Si nennen d’Plaz Bountiful. Si fueren iwwer déi grouss Waasser an dat versprachent Land, a sou weider. Dëst ass nom Bericht vum Nephi; oder mat anere Wierder, ech, den Nephi, hunn dësen Opzeechnung geschriwwen.

1. Kapitel

Den Nephi fänkt d’Opzeechnung vu sengem Vollek un—De Lehi gesäit an enger Visioun eng Feier-Sail a liest aus engem Buch vun der Prophezeiung—Hie lueft Gott, erzielt d’Komme vum Messias a prophezeit d’Zerstéierung vu Jerusalem—Hie gëtt vun de Judde verfollegt. Ongeféier 600 v. Chr.

1 Ech, den Nephi, stame vu gudden Elteren of, dofir gouf ech e bëssen an all der Léier vu mengem Papp enseignéiert; an nodeems ech am Laf vu mengen Deeg vill Leed gesinn hunn, an trotzdeem a menge ganzen Deeg vum Här héich begënschtegt gouf; jo, well ech e grousst Wëssen iwwer d’Guttheet an d’Geheimnisser vu Gott hat, dofir maachen ech eng Opzeechnung vu menge Verleef a mengen Deeg.

2 Jo, ech maachen ee Bericht an der Sprooch vu mengem Papp, déi aus dem Wësse vun de Judden an der Sprooch vun den Ägypter besteet.

3 An ech weess, datt de Bericht, deen ech maachen, wouer ass; an ech maachen en mat eegener Hand; an ech maachen en aus mengem Wëssen.

4 Well et ass am Ufank vum éischte Joer vun der Herrschaft vum Zedekia, dem Kinnek vu Juda, geschitt (mäi Papp, de Lehi, huet all seng Deeg zu Jerusalem gewunnt); an am selwechte Joer koume vill Propheten, déi dem Vollek prophezeit hunn, datt si mussen ëmkéieren, soss misst déi grouss Stad Jerusalem zerstéiert ginn.

5 Dofir huet et sech erginn: Mäi Papp Lehi ass eraus gaang an huet zum Här gebiet, jo, vu ganzem Häerzen huet e fir säi Vollek gebiet.

6 An et huet sech erginn, wéi hien zum Här gebiet huet, koum eng Feier-Sail a stoung op engem Fiels virun him; an hien huet vill gesinn an héieren; an duerch déi Saachen, déi hie gesinn an héieren huet, huet hien extrem gebieft a geziddert.

7 An et huet sech erginn: Hien ass a säin Haus zu Jerusalem zeréckgaangen; an hien huet sech op säi Lager fale gelooss, well hie war iwwerwältegt vum Geescht a vun deem, wat hie gesinn huet.

8 A wei en esou vum Geescht iwwerwältegt war, gouf hien an eng Visioun entfouert, sou datt hie souguer d’Himmelen op gesinn huet, an hien huet gemengt, Gott op sengem Troun ze gesinn, mat Arméie vun Engelen, déi een net ziele konnt, ronderëm, wéi se gesongen hunn an hire Gott gelueft hunn.

9 An et huet sech erginn: Hien huet ee matzen aus dem Himmel erofkomme gesinn an huet gemierkt, datt säi Schäi méi hell war wéi de Schäi vun der Sonn mëttes.

10 An hien huet och zwielef anerer gesinn him nogoen, an hire Glanz huet dee vun de Stären am Firmament iwwertraff.

11 An si koumen erof a sinn iwwert d’Uewerfläch vun der Äerd ausgaangen; an den éischte koum an huet sech viru mäi Papp gestallt, huet him ee Buch ginn an huet hie gedoe liesen.

12 An et huet sech erginn: Beim Liese gouf hie vum Här sengem Geescht erfëllt.

13 An hien huet gelies, nämlech: Wéi, Wéi dir, Jerusalem, well ech hunn deng schlëmm Saache gesinn! Jo, a Villes huet mäi Papp iwwer Jerusalem gelies—datt et zerstéiert géif ginn a seng Awunner mat him; vill Leit géife mam Schwäert ëmkommen, a vill Leit géifen op Babylon a Gefaangenschaft gefouert ginn.

14 An et huet sech erginn: Nodeems mäi Papp vill Grousses a Wonnerbares gelies a gesinn hat, huet hie Villes zum Här geruff, wéi ongeféier: Grouss a wonnerbar sinn deng Wierker, o Här, du Allmächtege Gott! Héich ass däin Troun an den Himmelen, an deng Muecht an deng Guttheet an deng Barmhäerzegkeet ass iwwer alle Bewunner vun der Äerd; a well s du baarmhäerzeg bass, wäerts du net zouloossen, dat déi ëmkommen, déi bei dech kommen!

15 An no dëser Aart a Weis vu Sprooch huet mäi Papp geschwat a säi Gott gelueft; well seng Séil huet sech gefreet, a säin Häerz war ganz erfëllt vun deem, wat hie gesinn hat, jo, wat den Här him gewisen hat.

16 Ech awer, den Nephi, maache kee vollstännege Bericht vun deem, wat mäi Papp geschriwwen huet; well hien huet Villes geschriwwen, wat hien a Visiounen an Dreem gesinn hat, an hien huet och Villes geschriwwen, wat hie senge Kanner profezeit a gesot hat. Och dovunner maachen ech kee vollstännege Bericht.

17 Ech maachen awer ee Bericht iwwert meng Handlungen a mengen Deeg. Kuckt, ech maachen een Auszuch vun den Opzeechnunge vu mengem Papp, an zwar op Placken, déi ech mat eegenen Hänn gemaach hunn; wann ech also d’Opzeechnunge vu mengem Papp gekierzt wäert hunn, wëll ech vu mengem eegene Liewen ee Bericht ginn.

18 Dofir hätt ech gär, datt dir wësst: Nodeems mäi Papp Lehi vum Här sou vill Wonnerbares gewise kritt hat—jo, wat sech op d’Zerstéierung vu Jerusalem bezunn huet—kuckt, dunn ass hien hi gaangen zum Vollek an huet ugefaangen, hinnen ze prophezeien an dat ze verkënnegen, wat hie gesinn an héieren hat.

19 An et huet sech erginn: D’Judden hunn hie verspott, wëll hien esou eppes vun hinne temoignéiert huet; wëll hien huet hinnen tatsächlech hir Béist a schlëmm Saachen temoignéiert. An hien huet temoignéiert, datt dat, wat hie gesinn an héieren hat, an och dat, wat hien an deem Buch gelies hat, kloer vum Komme vun engem Messias an och vun der Erléisung vun der Welt prophezeit huet.

20 A wéi d’Judden dat héieren hunn, goufen si rosen iwwert hien, jo sou wéi fréier op d’Propheten, déi si ausgestouss a gestengegt an ëmbruecht haten; an si hunn duerno gesicht, och him d’Liewen ze huelen. Mee kuckt, ech, Nephi, wäert iech weisen, datt dem Här seng Gnod voller Léift iwwert all deenen ass, déi hien auserwielt huet,wéinst hirem feste Glawen, fir si mächteg ze maachen, jo, zur Muecht vun der Befreiung.