Scriptures
1 Nephi 14


14. Kapitel

En Engel erzielt dem Nephi vun de Seegen an d’Flich, déi op d’Heide falen—Et gëtt nëmmen zwou Kierchen: d’Kierch vum Lämmche Gottes an d’Kierch vum Däiwel—D’Helleger vu Gott an allen Natioune gi vun der grousser an abscheilecher Kierch verfollegt—Den Apostel Johannes wäert iwwert d’Enn vun der Welt schreiwen. Ongeféier 600–592 v. Chr.

1 An et wäert sech erginn: Wann déi Aner op d’Lämmche vu Gott lauschteren un deem Dag, wann et sech hinnen am Wuert an och mat Muecht an a voller Wierklechkeet manifestéiere wäert, fir hinnen d’Stolpersteng ewechzeraumen—

2 a wann si hiert Häerz net géint d’Lämmche Gottes verhäerten, sollen si den Nokomme vun dengem Papp bäigezielt ginn; jo, si sollen dem Haus vun Israel bäigezielt ginn, a si sollen ee geséintent Vollek am versprachene Land si fir ëmmer; si sollen net méi a Gefaangenschaft bruecht ginn, an d’Haus vun Israel soll net méi duerchernee gemaach ginn.

3 An dee grousse Gruef, fir si gegruewe vun der groussen an abscheilecher Kierch, déi vum Däiwel a vu senge Kanner gegrënnt ginn ass, fir dat hien d’Mënscheséilen erof an d’Hell féiere kéint—jo, dëse grousse Gruef, dee fir d’Vernichtung vun de Mënsche gegruewe ginn ass, dee wäert mat deene gefëllt ginn, déi e gegruewen hunn, zu hirer vëlleger Vernichtung, schwätzt d’Lämmche Gottes, mee net zur Vernichtung vun der Séil, ausser datt se an d’Hell gehait gëtt, déi keen Enn huet.

4 Well kuck, dës ass no der Gefaangenschaft vum Däiwel an och no der Gerechtegkeet Gottes fir all déijéineg, déi Béist an Abscheilechkeet virun him begoen.

5 An et huet sech erginn: Den Engel huet zu mir, Nephi, gesprach, nämlech: Du hues gesinn, datt et den Anere wuel ergoe wäert, wann si ëmkéieren; an du weess och vun den Allianze vum Här fir d’Haus vun Israel; an du hues och héieren: Wien net ëmkéiert muss ëmkommen.

6 Dofir: Wéi den Aneren, wann si hiert Häerz géint d’Lämmche Gottes verhäerten.

7 Well d’Zäit kënnt, seet d’Lämmche vu Gott, datt ech e grousst an e wonnerbaart Wierk ënnert de Mënschekanner maache wäert; e Wierk, dat éiweg wäert sinn, entweder op der enger Säit oder op der anerer Säit—entweder fir si zum Fridden an éiwegt Liewen ze iwwerzeegen, oder datt si der Häert vun hirem Häerzen an hirer geeschtlecher Blannheet iwwerlooss bleiwen, bis si a Gefaangenschaft an och an d’Zerstéierung bruecht ginn, souwuel zäitlech wéi och geeschteg, laut der Gefaangenschaft vum Däiwel, vun där ech geschwat hunn.

8 An et huet sech erginn: Nodeems den Engel dës Wierder gesot hat, huet hien zu mir gesprach: Erënners du dech un d’Allianze vun dengem Papp fir d’Haus vun Israel? Ech hunn zu him gesprach: Jo.

9 An et huet sech erginn: Hien huet zu mir gesprach: Kuck, a gesäis de déi grouss an abscheilech Kierch, déi d’Mamm vun der Abscheilechkeet ass, an de Grënner ass den Däiwel.

10 An hien huet zu mir gesprach: Kuck, et ginn nëmmen zwou Kierchen; déi eng ass d’Kierch vum Lämmche Gottes, an déi aner ass d’Kierch vum Däiwel. Wien also net der Kierch vum Lämmche Gottes ugehéiert, dee gehéiert zu der grousse Kierch, déi d’Mamm vun all Abscheilechkeet ass; an si ass d’Houer vun der ganzer Äerd.

11 An et huet sech erginn: Ech hu gekuckt an hunn d’Houer vun der ganzer Äerd gesinn, a se souz u ville Waasser, a se hat d’Herrschaft iwwer d’ganz Äerd, bei allen Natiounen, Geschlechter, Sproochen a Vëlker.

12 An et huet sech erginn, datt ech d’Kierch vum Lämmche Gottes gesinn hunn, an hir Zuel war wéineg, wéinst der Béist an den Abscheilechkeete vun der Houer, déi op ville Waasser souz; trotzdeem hunn ech gesinn, datt d’Kierch vum Lämmche, déi déi Helleg vu Gott waren, och op der ganzer Äerd war; an hir Herrschaft op der Uewerfläch vun der Äerd war kleng, wéinst der Béist vun der grousser Houer, déi ech gesinn hunn.

13 An et huet sech erginn: Ech hu gesinn, datt déi grouss Mamm vun der Abscheilechkeet op der ganzer Äerd, ënnert allen Natioune vun den Aneren, Versammlunge gesammelt huet, fir géint d’Lämmche Gottes ze streiden.

14 An et huet sech erginn: Ech, Nephi, hu gesinn, wéi d’Muecht vum Lämmche Gottes op d’Helleger vun der Kierch vum Lämmchen erof koum, genausou op d’Vollek vun der Allianz vum Här, dat iwwer d’ganz Uewerfläch vun der Äerd verstreet war; a si goufe mat Gerechtegkeet a mat der Muecht Gottes a grousser Herrlechkeet equipéiert.

15 An et huet sech erginn: Ech hu gesinn, wéi sech d’Roserei Gottes iwwer déi grouss an abscheilech Kierch geschott huet, sou vill, datt et ënnert allen Natiounen a Geschlechter vun der Äerd Kricher a Rumeuren iwwer Kricher ginn ass.

16 An wéi et ugefaangen huet Kricher a Rumeuren iwwer Kricher ënnert all den Natiounen, déi der Mamm vun den Abominatiounen gehéiert hunn, ze ginn, huet den Engel zu mir geschwat a gesot: Kuck, d’Roserei vu Gott ass iwwert der Mamm vun den Houeren; a kuck, du gesäis all dës Saachen—

17 a wann den Dag kënnt, wann sech d’Roserei Gottes iwwer d’Mamm vun den Houere schëtt, iwwer déi grouss an abscheilech Kierch vun der ganzer Äerd, wou de Grënner den Däiwel ass, da wäert un deem Dag d’Wierk vum Papp säin Ufank huelen an de Wee prett maache fir d’Erfëllung vu sengen Allianzen, déi hie fir säi Vollek gemaach huet, nämlech fir déi vum Haus vun Israel.

18 An et huet sech erginn: Den Engel huet zu mir gesprach, nämlech: Kuck!

19 An ech hu gekuckt an ee Mann gesinn, deen an ee wäisst Kleed gekleet war.

20 An den Engel huet zu mir gesprach: Kuck ee vun den zwielef Apostele vum Lämmchen.

21 Kuck, hie wäert gesinn an nidderschreiwen, wat dovunner nach iwwreg bliwwen ass, jo, an och Villes, wat virdru war.

22 An hie wäert och iwwer d’Enn vun der Welt schreiwen.

23 Dofir ass dat, wat hie schreiwe wäert, richteg a wouer; a kuck, et steet an deem Buch geschriwwen, wat s du aus dem Mond vum Judd hues komme gesinn; an zu där Zäit, wou dëst aus dem Mond vum Judd koum, oder zu där Zäit, wou dëst Buch aus dem Mond vum Judd koum, war dat, wat geschriwwe war, kloer a reng an extrem kostbar a fir all Mënsche liicht ze verstoen.

24 A kuck, ënner deem, wat dësen Apostel vum Lämmche schreiwe wäert, ass Villes, wat s du gesinn hues; a kuck, du solls de Rescht gesinn.

25 Mee dat, wat s du spéider nach gesi wäerts, solls du net nidderschreiwen; well den Härgott huet den Apostel vum Lämmche veruerdent, datt hien et nidderschreift.

26 An och aneren, déi dozou veruerdent gi sinn, huet hien alles gewisen, a si hunn et niddergeschriwwen; an et ass versigelt, fir zu där vum Här bestëmmten Zäit fir d’Haus vun Israel a senger Rengheet ervirzekommen, no der Wouerecht, déi am Lämmchen ass.

27 An ech, den Nephi, hunn héieren an temoignéieren, datt den Numm vum Apostel vum Lämmche Johannes war, no dem Wuert vum Engel.

28 A kuckt, et ass mir, Nephi, verbueden, de weideren Deel vun deem nidder ze schreiwen, wat ech gesinn an héieren hunn; dofir geet et mir duer, dëst niddergeschriwwen ze hunn. An ech hunn nëmmen ee klengen Deel vun deem geschriwwen, wat ech gekuckt hunn.

29 An ech ginn Temoignage, datt ech dat gesinn hunn, wat mäi Papp gesinn hat; an den Engel vum Här huet mir et gewisen.

30 An elo halen ech op, iwwer déi Saachen ze schwätzen, déi ech gesinn hunn, wéi ech vum Geescht fortgefouert gouf; an och wann net all déi Saachen, déi ech gesinn hunn, geschriwwe sinn, dann ass awer dat, wat ech geschriwwen hunn, wouer. An esou ass et. Amen.