Scriptures
Helaman 8


8. Kapitel

Korrupt Riichter versichen, d’Vollek géint den Nephi opzestëppelen—den Abraham, de Moses, den Zenos, den Zenoch, den Ezias, de Jesaja, de Jeremia, de Lehi an den Nephi hunn all vum Christus temoignéiert—Duerch Inspiratioun verkënnegt den Nephi de Mord um ieweschte Riichter. Ongeféier 23–21 v. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: Wéi den Nephi dës Wierder gesprach hat, kuckt, do goufen et Männer, déi Riichter waren an déi och där geheime Gadiantonband ugehéiert hunn, a si ware rosen, a si hu géint hie gejaut an zum Volle geschwat: Firwat ergräift dir net dëse Mann a bréngt hien dohinner, datt hien nom Verbriechen, dat hie begaangen huet, schëlleg gesprach géif?

2 Firwat gesäis du dëse Mann a héiers hien dës Leit an eist Gesetz beleidegen?

3 Well kuckt, den Nephi hat zu hinnen iwwer d’Verdierftheet vun hirem Gesetz gesprach; jo, den Nephi hat villes gesprach, wat net niddergeschriwwe ka ginn; an hien huet näischt gesprach, wat géint d’Geboter Gottes war.

4 An dës Riichter ware rosen op hien, well hien zu hinne kloer iwwer hir geheim Wierker vun der Däischtert geschwat hat; mee hunn si sech net getraut, selwer Hand un hien ze leeën, well si hu gefaart, d’Vollek wäert si verdamen.

5 Dofir hunn si zum Vollek gejaut, nämlech: Firwat loosst dir zou, datt dëse Mann eis beleidegt? Well kuckt, hie sprécht dëst ganzt Vollek schëlleg, jo, zur Vernichtung, jo, an och, datt dës ons grouss Stied vun eis geholl ginn, sou datt mir keng Plaz doranner hunn.

6 Mir awer wëssen, datt dëst onméiglech ass, well kuckt, mir si mächteg, an ons Stied si grouss, dofir kënnen eis Feinde keng Muecht iwwert eis hunn.

7 An et huet sech erginn: Sou hunn si d’Vollek zur Roserei géint den Nephi opgestëppelt an hu Streidereien ënnert hinnen op de Wee bruecht; well et goufen der e puer, déi ausgeruff hunn: Loosst dëse Mann mat Rou, well hien ass ee gudde Mann, an dat, wat hie seet, wäert gewëss antrieden, wa mir net ëmkéieren;

8 jo, kuckt, all Strofgeriicht, wat hien eis temoignéiert huet, wäert iwwert eis kommen; well mir wëssen, datt hien eis iwwert eis Ongerechtegkeeten dat Richtegt temoignéiert huet. A kuckt, et sinn der vill, an hie weess alles dat, wat eis geschéie wäert, genausou gutt, wéi hie vun eisen Ongerechtegkeete weess;

9 jo, a kuckt, wann hien net ee Prophet wär, hätt hien net an dëser Hisiicht Temoignage kënne ginn.

10 An et huet sech erginn: Déi Leit, déi den Nephi ze vernichte versicht hunn, goufen duerch hir Angscht dovunner zeréckgehalen, Hand un hien ze leeën; dofir huet hien erëm ugefaangen, zu hinnen ze schwätzen, well hien huet gesinn, datt hien an den Ae vun e puer Gonscht gewonnen hat, sou vill, datt déi iwwreg gefaart hunn.

11 Dofir war hie gedrängt, méi zu hinnen ze schwätzen, nämlech: Kuckt, meng Bridder, hutt dir net gelies, datt Gott engem Mann, nämlech dem Moses, Muecht ginn huet, op d’Waasser vum Roude Mier ze schloen, a se sinn zur Säit opgaangen, sou datt d’Israeliten, déi eis Pappe sinn, mat dréchenem Fouss erduerchgaange sinn an d’Waasser iwwert den Arméie vun den Ägypter zesummegeschloe sinn an si verschlongen huet?

12 An elo kuckt, Wa Gott dësem Mann esou eng Muecht ginn huet, firwat sollt dir dann ënnerenee streiden a soen, hien hätt mir keng Muecht ginn, wouduerch ech vum Strofgeriicht weess, dat iwwert iech komme wäert, wann dir net ëmkéiert?

13 Mee kuckt, dir refuséiert jo net nëmme meng Wierder, mee dir verleegent och all déi Wierder, déi vun eise Pappe gesprach goufen, an och déi Wierder, déi vun dësem Mann Moses gesprach goufen, deem esou grouss Muecht gi war, jo, déi Wierder, déi hien a Bezuch op d’Komme vum Messias gesprach huet.

14 Jo, huet hien net Temoignage ginn, datt de Jong Gottes komme wäert? An esou wéi hien d’Schlaang aus Bronz an der Wüüst héichgehalen huet, sou soll och deen erhuewe ginn, dee komme soll.

15 A wéi all déijéineg, déi zu der Schlaang op gebléckt hunn, gelieft hunn, sou wäerten och alleguerten, déi mat Glawen zum Jong Gottes op blécken an ee bereiende Geescht hunn, liewe kënnen, jo, nämlech dat Liewen, dat éiweg ass.

16 An elo kuckt, net nëmmen de Moses huet dëst temoignéiert, mee och all helleg Propheten, jo, vu sengen Deeg bis zu den Deeg vum Abraham.

17 Jo, a kuckt, den Abraham huet säi Komme viraus gesinn a war vu Freed erfëllt an huet sech gefreet.

18 Jo, kuckt, ech soen iech, datt net nëmmen den Abraham dovunner wousst, mee et goufen der scho virun den Deeg vum Abraham vill, déi no der Uerdnung Gottes beruff waren, jo, no der Uerdnung vu sengem Jong, an dëst, fir de Mënschen Dausende vu Jore viru sengem Kommen ze weisen, datt hinnen d’Erléisung zu Deel wäert ginn.

19 An elo hätt ech gären, datt dir wësst, datt et och zënter den Deeg vum Abraham vill Prophete ginn huet, déi dëst temoignéiert hunn; jo, kuckt, de Prophet Zenos huet et ouni ze fäerten temoignéiert, an dofir gouf hien ëmbruecht;

20 A kuckt, och den Zenoch, an och den Ezias, an och de Jesaja, an de Jeremia, (de Jeremia war dee selwechte Prophet, deen iwwer d’Zerstéierung vu Jerusalem ausgesot huet) an elo wësse mir, datt Jerusalem no de Wierder vum Jeremia zerstéiert gouf. Oh, firwat soll dann net och de Jong Gottes kommen, no senger Prophezeiung?

21 Wëllt dir dann ofstreiden, datt Jerusalem zerstéiert gouf? Wëllt dir soen, d’Jonge vum Zedekia wieren net ëmbruecht ginn, alleguerten ausser de Mulek? Jo, gesitt dir dann net, datt d’Nokomme vum Zedekia bei eis sinn an datt si aus dem Land vu Jerusalem verjot gi sinn? Mee kuckt, dëst ass net alles—

22 Eise Papp Lehi gouf aus dem Land vu Jerusalem verjot, well hien dëst temoignéiert huet. Den Nephi huet dëst och temoignéiert, a genausou bal all eis Pappen, jo, erof bis an dës Zäit; jo, si hunn d’Komme vumChristus temoignéiert an hunn duerno ausgekuckt an hunn sech op säi kommenden Dag gefreet.

23 A kuckt, hien ass Gott, an hien ass mat hinnen, an hien huet sech hinne manifestéiert, datt si duerch hien erléist géifen; an si hunn him Herrlechkeet ginn, wéinst deem wat nach kënnt.

24 An elo, well dir dës Saache wësst a se net verleegne kënnt, ausser dir litt, dofir hutt dir an dësem Sënn gesëndegt, well dir all dës Saache verworf hutt, trotz sou vill Beweiser, déi dir kritt hutt; jo, dir hutt souguer all Saache kritt, souwuel Saachen am Himmel wéi och all Saachen, déi op der Äerd sinn, als Temoignage, datt se wouer sinn.

25 Mee kuckt, dir hutt d’Wourecht verworf a géint ären hellege Gott rebelléiert; an och zu dëser Zäit, amplaz iech Schätz am Himmel ze sammelen, wou näischt verdierwe kann, a wou näischt Onrenges kann hikommen, sammelt dir iech Roserei géint den Dag vum Geriicht.

26 Jo, och zu dëser Zäit räift dir, wéinst ärem Morden an ärer Unzuucht an ärer Béist, fir déi éiweg Vernichtung; jo, an ausser dir kéiert ëm, wäert et geschwë bei iech kommen.

27 Jo, kuckt, se steet eben elo virun ärer Dier; jo, gitt eran zum Riichterstull a fuerscht no; a kuckt, äre Riichter ass ermort, an hie läit a sengem Blutt; an hien ass vu sengem Brudder ermort ginn, deen duerno sicht, um Riichterstull ze sëtzen.

28 A kuckt, si béid gehéieren ärer geheime Band un, wou den Auteur de Gadianton ass souwéi de Béisen, deen duerno sicht, d’Mënscheséilen ze vernichten.