Scriptures
Helaman 11


11. Kapitel

Den Nephi iwwerzeegt den Här, hire Krich duerch eng Hongersnout ze ersetzen—Vill Leit kommen ëm—Si kéieren ëm, an den Nephi fuerdert vum Här de Reen—Den Nephi an de Lehi kréie vill Offenbarungen—D’Gadianton-Raiber verankeren sech am Land. Ongeféier 20–6 v. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: Am zweeasiwwenzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter hunn d’Streidereien zougeholl, sou datt et iwwerall am ganze Land ënnert dem Vollek Nephi Kricher goufen.

2 An et war déi geheim Raiberband, déi dëst Wierk vun der Zerstéierung a Béist weidergefouert huet. An dëse Krich huet dat ganzt Joer u gedauert; an en huet och am dräiasiwwenzegte Joer u gedauert.

3 An et huet sech erginn: An dësem Joer huet den Nephi zum Här gejaut, nämlech:

4 O Här, looss net zou, datt dëst Vollek duerch d’Schwäert vernicht gëtt; mee, o Här, looss léiwer am Land eng Hongersnout sinn, fir si opzestëppelen, datt si dem Här, hirem Gott, gedenken, a vläicht wäerten si ëmkéieren a sech dir zouwennen.

5 An esou ass et geschitt, no de Wierder vum Nephi. An et ass am Land eng grouss Hongersnout ginn, ënnert allem Vollek Nephi. An esou huet déi Hongersnout am véierasiwwenzegte Joer u gedauert, an d’Wierk vun der Vernichtung duerch d’Schwäert huet opgehalen, huet awer duerch d’Hongersnout ganz vill Wéi gedoen.

6 An dëst Wierk vun der Vernichtung huet och am fënefasiwwenzegte Joer ugehalen. Well d’Äerd gouf sou geschloen, datt se dréche war, an huet an der Zäit vun de Käre keng Kären erausginn; an déi ganz Äerd gouf geschloen, souwuel ënnert de Lamaniten ewéi och ënnert den Nephiten, sou datt si geschloe goufen, datt si zu Dausenden an de méi béise Géigende vum Land ëmkomm sinn.

7 An et huet sech erginn: D’Vollek huet gesinn, datt et dorunner war, duerch d’Hongersnout ëmzekommen, a si hunn ugefaangen, sech dem Här, hirem Gott, ze erënneren; a si hunn ugefaangen, de Wierder vum Nephi ze gedenken.

8 An d’Vollek huet ugefaangen, sengen ieweschte Riichter a senge Führer zouzesetzen, datt si zum Nephi schwätze sollten: Kuck, mir wëssen, datt s du ee Mann Gottes bass, an dofir jäiz zum Här, zu eisem Gott, hie géif dës Hongersnout vun eis of wennen, fir datt net all Wierder, déi s du a Bezuch op eis Vernichtung gesprach hues, an Erfëllung ginn.

9 An et huet sech erginn: D’Riichter hunn zum Nephi gesprach no de Wierder, déi gewënscht gi waren. An et huet sech erginn: Wéi den Nephi gesinn huet, datt d’Vollek Ëmkéiert geüübt huet a sech immens humiliéiert hat, huet hien erëm zum Här gejaut, nämlech:

10 O Här, kuck, dëst Vollek kéiert ëm; a si hunn d’Gadiantonband vu sech ewechgehäit, sou vill, datt se ausgeläscht ass, a si hunn hir geheim Pläng an der Äerd verstoppt.

11 Elo, o Här, wéinst dëser hirer Humilitéit—wenn dach deng Roserei of, a looss deng Roserei duerch d’Zerstéierung vun dëse béise Männer, déi s du schonn zerstéiert hues, berouegt sinn.

12 O Här, wennt dach deng Roserei of, jo, deng grimmeg Roserei, a looss d’Hongersnout an dësem Land ophalen.

13 O Här, lauschter dach op mech, a looss et no menge Wierder geschéien, a schéck Reen op d’Uewerfläch vun der Äerd, fir datt e seng Fruucht ervirbréngt, seng Kären zur Zäit vun de Kären.

14 O Här, du hues op meng Wierder gelauschtert, wéi ech gesprach hunn: Looss eng Hongersnout sinn, fir datt d’Pescht vum Schwäert ophale géif; an ech weess, datt s du och elo op meng Wierder héiere wäerts, well du hues gesot: Wann dëst Vollek ëmkéiert, wäert ech et verschounen.

15 Jo, o Här, du gesäis, datt si Ëmkéiert geüübt hunn, an zwar wéinst der Hongersnout an der Pescht a Vernichtung, déi iwwer si komm ass.

16 An elo, o Här, wäerts du deng Roserei of wennen an erëm versichen, ob si dir dénge wëllen? A wann et esou ass, o Här, da kanns du si séinen no denge Wierder, déi s du gesprach hues.

17 An et huet sech erginn: Am sechsasiwwenzegte Joer huet den Här seng Roserei vum Vollek ofgewannt an huet op d’Äerd Ree fale gelooss, sou datt dësen hir Fruucht an der Zäit vun hirer Fruucht ervirbrénge gelooss huet. An et huet sech erginn: En huet hir Cerealien an der Zäit vun hire Cerealien ervirbruecht.

18 A kuckt, d’Vollek huet sech gefreet a Gott gelueft, an dat ganzt Land war vu Freed erfëllt; a si hunn net méi duerno gesicht, den Nephi ze vernichten, mee si hunn hie geuecht als ee grousse Prophet a Mann Gottes, well him war vu Gott grouss Muecht an Autoritéit ginn.

19 A kuckt, de Lehi, säi Brudder, stoung him an allem, wat Gerechtegkeet betrëfft, an näischt no.

20 An esou huet et sech erginn: D’Vollek Nephi huet erëm ugefaangen, am Land ze erbléien, an huet ugefaangen, seng futtis Plazen opzebauen, an huet ugefaangen, sech ze multiplizéieren an auszebreeden, jo, bis si d’ganzt Land bedeckt hunn, souwuel nërdlech wéi och südlech, vum Mier am Weste bis zum Mier am Osten.

21 An et huet sech erginn, datt dat sechsasiwwenzegt Joer a Fridden op en Enn gaangen ass. An dat siwenasiwwenzegt Joer huet a Fridden ugefaangen; an d’Kierch huet sech iwwer dat ganz Land verbreet; an de gréissten Deel vum Vollek, souwuel d’Nephiten wéi och d’Lamaniten, hunn der Kierch ugehéiert; a si haten aussergewéinlech grousse Fridden am Land; an esou ass dat siwenasiwwenzegt Joer op en Enn gaangen.

22 A si haten och am aachtasiwwenzegte Joer Fridden, ausser datt et e puer Streidereien iwwer Punkte vun der Doktrinn, déi vun de Prophete festgehale gi war, gi sinn.

23 An am néngasiwwenzegte Joer huet vill Sträit ugefaangen. Mee et huet sech erginn: Den Nephi an de Lehi a vill vun hire Bridder, déi déi richteg Punkte vun der Doktrinn kannt hunn, andeems si all Dag vill Offenbarungen haten, hunn dofir dem Vollek gepriedegt, sou datt si dësem Sträit am selwechte Joer een Enn gesat hunn.

24 An et huet sech erginn: Am achtzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi gouf et eng Unzuel vu Rebellen aus dem Vollek Nephi, déi e puer Joer virdrun zu de Lamaniten iwwergaange waren an den Numm Lamaniten ugeholl haten, an och eng Unzuel vu wierklechen Nofollger vun de Lamaniten, déi vun hinnen oder vun deene Rebellen zur Roserei opgestëppelt goufen, a si hunn ee Krich géint hir Bridder ugefaangen.

25 A si hu Mord begaangen an hu gestuel; an dann hunn si sech gewéinlech an d’Bierger an an d’Wüüst an a geheim Uerten zeréckgezunn; si hunn sech verstoppt, sou datt si net entdeckt konnte ginn, an hir Zuel huet sech all Dag vergréissert, well et goufe Rebellen, déi zu hinnen erausgaange sinn.

26 An esou sinn si am Laf vun der Zäit, jo, am Laf vu wéinege Joren, zu enger immens grousse Raiberband ginn; a si hunn all déi geheim Pläng vum Gadianton ervir gesicht, an esou goufen si Gadiantonraiber.

27 Awer kuckt, dës Raiber hunn eng grouss Zerstéierung, jo, grouss Vernichtung ënnert dem Vollek Nephi an och ënnert dem Vollek vun de Lamaniten ugeriicht.

28 An et huet sech erginn: Et war besser, dësem Wierk vun der Vernichtung een Enn ze setzen; dofir huet een eng Arméi vu staarke Männer an d’Wüüst an an d’Bierger geschéckt, fir dës Raiberband auszefuerschen an ze vernichten.

29 Mee kuckt, et huet sech erginn: Am selwechte Joer goufen si an hiert eegent Land zeréck gejot. An esou ass dat achtzegst Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen.

30 An et huet sech erginn: Um Ufank vum eenanachzegte Joer sinn si erëm géint dës Raiberband erausgezunn an hunn der vill vernicht; an och si selwer goufe mat vill Vernichtung heemgesicht.

31 An si ware gezwongen, aus der Wüüst an aus de Bierger an hir eege Lännereien zeréckzekommen, wéinst der iwwerwältegend grousser Zuel vun de Raiber, déi d’Bierger an d’Wüüst onsécher gemaach hunn.

32 An et huet sech erginn: Sou ass dëst Joer op en Enn gaangen. An d’Raiber hunn nach ëmmer zougeholl a goufe staark, sou vill, datt si de gesamten Arméie vun den Nephiten an och vun de Lamaniten trotze konnten; a si waren d’Ursaach, datt iwwerall am Land grouss Angscht iwwer d’Vollek komm ass.

33 Jo, well si hu vill Deeler vum Land heemgesicht an hunn do vill Zerstéierung ugeriicht; jo, si hunn der vill ëmbruecht an anerer als Gefaangener an d’Wüüst gefouert, jo, besonnesch awer hir Fraen a Kanner.

34 Elo dëst grousst Iwwel, dat iwwer d’Vollek wéinst hirer Ongerechtegkeet komm ass, huet si erëm an Erënnerung un den Här, hire Gott, erwächt.

35 An esou ass dat eenanachtzegst Joer vun der Regierung vun de Riichter op en Enn gaangen.

36 An am zweeanachzegte Joer hunn si erëm ugefaangen, den Här, hire Gott, ze vergiessen. An am dräianachzegte Joer hunn si ugefaangen, an den Ongerechtegkeete staark zouzehuelen. An am véieranachzegte Joer hunn si sech nach ëmmer net gebessert.

37 An et huet sech erginn: Am fënnefanachzegte Joer hunn si ëmmer méi zougeholl an hirem Stolz an an hirer Béist; an esou goufen si erëm räif fir d’Zerstéierung.

38 An esou ass dat fënnefanachzegt Joer op en Enn gaangen.