Scriptures
Helaman 1


D’Buch vum Helaman

Ee Bericht vun den Nephiten. Hir Kricher a Streidereien an hir Spléckungen. An och d’Prophezeiunge vu villen hellege Propheten, virum Komme vum Christus, laut den Opzeechnunge vum Helaman, deen de Jong vum Helaman war, an och no den Opzeechnunge vu senge Jongen, souguer bis zum Komme vum Christus. An och vill vun de Lamanite gi bekéiert. Ee Bericht vun hirer Bekéierung. Ee Bericht vun der Gerechtegkeet vun de Lamaniten an der Béist an den Abscheilechkeete vun den Nephiten, nom Bericht vum Helaman a senge Jongen, souguer bis zur Komme vum Christus, an de Bericht gëtt d’Buch vum Helaman genannt a.s.w.

1. Kapitel

De Pahoran, den Zweeten, gëtt Ieweschte Riichter a gëtt vum Kishkumen ermuert—De Pakumeni besetzt de Riichterstull—De Koriantumr féiert de Lamaniten hir Arméien, eruewert Zarahemla a bréngt de Pakumeni ëm—De Moronihah gewënnt iwwer d’Lamaniten an eruewert Zarahemla zeréck, an de Koriantumr gëtt ëmbruecht. Ongeféier 52–50 v. Chr.

1 An elo kuckt, et huet sech erginn: Um Ufank vum véierzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi huet ënnert dem Vollek Nephi eng seriéis Schwieregkeet ugefaangen.

2 Well kuckt, de Pahoran war gestuerwen an de Wee vun allem Ierdesche gaangen; dofir huet ee seriéise Sträit doriwwer ugefaangen, wie vun de Bridder, déi d’Jonge vum Pahoran waren, de Riichterstull kréie sollt.

3 Dëst awer sinn hir Nimm, déi ëm de Riichterstull gestridden hunn an déi och d’Ursaach dofir waren, datt d’Vollek gestridden huet; de Pahoran, de Paankhi an de Pakumeni.

4 Dat sinn awer net all Jonge vum Pahoran (well hien hat der vill), mee et sinn déijéineg, déi ëm de Riichterstull gestridden hunn; dofir hunn si eng Dräideelung ënnert dem Vollek verursaacht.

5 Mee et huet sech erginn: De Pahoran gouf vun der Stëmm vum Vollek bestëmmt, Ieweschte Riichter a Gouverneur iwwer d’Vollek Nephi ze sinn.

6 An et huet sech erginn: Wéi de Pakumeni gesinn huet, datt hien de Riichterstull net konnt kréien, huet hien sech mat der Stëmm vum Vollek vereenegt.

7 Mee kuckt, de Paankhi an deejéinegen Deel vum Vollek, deen de Wonsch hat, datt hien de Gouverneur wier, ware ganz rosen; dofir ass hien dorunner gaangen an huet dëse Leit schmeechleresch zou geschwat, sech a Rebellioun géint hir Bridder ze erhiewen.

8 An et huet sech erginn: Wéi hien dorunner war, dëst ze maachen, kuckt, do gouf hien ergraff an no der Stëmm vum Vollek viru Geriicht gestallt an zum Doud veruerteelt; well hien hat sech a Rebellioun erhuewen an duerno getruecht, d’Fräiheet vum Vollek ze zerstéieren.

9 Wéi awer déi Leit, déi de Wonsch haten, datt hien hire Gouverneur wier, gesinn hunn, datt hien zum Dout veruerteelt war, sinn si rose ginn, a kuckt, si hunn ee gewëssene Kischkumen ausgeschéckt, jo, zum Riichterstull vum Pahoran, an hien huet de Pahoran ermort, wéi hien um Riichterstull souz.

10 An hie gouf vun de Kniechte vum Pahoran verfollegt; mee kuckt, d’Flucht vum Kischkume war esou schnell, datt keen en anhuele konnt.

11 An hien huet sech zu deene gemaach, déi hie geschéckt haten, a si alleguerte sinn eng Allianz agaangen, jo, si hunn bei hirem éiwege Schëpfer geschwuer, kengem ze soen, datt de Kischkumen de Pahoran ermort hat.

12 Dofir gouf de Kischkumen ënnert dem Vollek Nephi net bekannt, well zu där Zäit, wou hien de Pahoran ermort hat, war hie verkleet. An de Kischkumen a seng Band, déi mat him d’Allianz agaange war, hunn sech op eng Weis ënnert d’Vollek gemëscht, datt si net alleguerten entdeckt konnte ginn; wien awer entdeckt gouf, dee gouf zum Doud veruerteelt.

13 An elo kuckt, de Pakumeni gouf no der Stëmm vum Vollek bestëmmt, Ieweschte Riichter a Gouverneur iwwer d’Vollek ze sinn, fir an der Plaz vu sengem Brudder Pahoran ze regéieren; an zwar no sengem Recht. An all dëst ass am véierzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter geschitt; an et hat en Enn.

14 An et huet sech erginn: Am eenavéierzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter hunn d’Lamaniten eng onzielbar Arméi vu Männer zesumme gesammelt, an si hunn si mat Schwäerter a mat Krommdolchen a mat Béi a mat Feiler a mat Kappplacken a mat Broschtplacken a mat allerhand Schëlter vu jiddwer Zort bewaffent.

15 A si koumen erëm erof, fir den Nephiten ee Kampf ze liwweren. A si goufe vun engem Mann gefouert, deem säin Numm Koriantumr war; an hie war een Nokomm vum Zarahemla; an hien hat sech vun den Nephiten ofgespalt; an hie war ee groussen a mächtege Mann.

16 Dofir huet de Kinnek vun de Lamaniten, deem säin Numm Tubalot war, deen de Jong vum Ammoron war, ugeholl, datt de Koriantumr, deen ee mächtege Mann war, géint d’Nephiten kéint bestoen, mat senger Kraaft a mat senger grousser Weisheet, sou datt hien, andeems hien en ausschéckt, Muecht iwwer d’Nephiten gewanne géif—

17 dofir huet hien si zur Roserei opgestëppelt a seng Arméie gesammelt an de Koriantumr als hire Führer bestëmmt an si erof an d’Land Zarahemla marschéiere gelooss, fir géint d’Nephiten ze kämpfen.

18 An et huet sech erginn: Well et esou vill Streidereien an esou vill Schwieregkeeten an der Regierung gi sinn, haten si am Land Zarahemla net genuch Waache gelooss; well si hate gemengt, d’Lamanite géifen sech net trauen, an d’Häerz vun hirem Land ze kommen, fir déi grouss Stad Zarahemla unzegräifen.

19 Mee et huet sech erginn: De Koriantumr ass un der Spëtzt vu senger groussen Arméi eru marschéiert a ass iwwer d’Awunner vun der Stad komm, an hire Marsch war mat esou ganz grousser Schnellegkeet geschitt, datt den Nephitë keng Zäit bliwwen ass, hir Arméien ze sammelen.

20 Dofir huet de Koriantumr d’Waach am Zougang zur Stad niddergeschloen an ass mat senger ganzen Arméi amarschéiert, a si hu jiddereen ëmbruecht, deen sech hinnen entgéint gestallt huet, sou datt si déi ganz Stad a Besëtz geholl hunn.

21 An et huet sech erginn: De Pakumeni, deen den Ieweschte Riichter war, ass virum Koriantumr fortgelaf, jo, bis un d’Stadmaueren. An et huet sech erginn: De Koriantumr huet hie géint d’Mauer geschloen, sou datt hie gestuerwen ass. An esou sinn dem Pakumeni seng Deeg op en Enn gaangen.

22 Wéi elo de Koriantumr gesinn huet, datt hien d’Stad Zarahemla am Besëtz hat, a gesinn huet, datt d’Nephite virun him geflücht waren an ëmbruecht gi waren an ergraff goufen an an de Prisong geworf goufen an datt hie vun der stäerkste Festung am ganze Land Besëtz ergraff hat, huet säin Häerz Mutt gefaasst, sou datt hien dorunner gaangen ass, géint dat ganzt Land virzegoen.

23 Elo awer ass hien net am Land Zarahemla bliwwen, mee ass mat enger groussen Arméi eraus marschéiert, jo, hin zur Stad Iwwerfloss; well hie war entschloss, virzeréckelen a sech de Wee mam Schwäert fräi ze haen, fir déi Deeler am Norde vum Land besetzen ze kënnen.

24 A well hien ugeholl huet, datt sech hir gréisste Stäerkt an der Mëtt vum Land befonnt huet, ass hie vir marschéiert an huet hinne keng Zäit gelooss, sech ze sammelen, ausser a klenge Gruppen; an op dës Weis hunn si si iwwerfall an si zur Äerd niddergeschloen.

25 Mee kuckt, dëse Marsch, deen de Koriantumr duerch d’Mëtt vum Land ënnerholl huet, huet dem Moronihach ee grousse Virdeel iwwert si ginn, trotz der groussen Unzuel vun Nephiten, déi ëmbruecht gi sinn.

26 Well kuckt, de Moronihach hat gemengt, d’Lamanite géifen sech net trauen, an d’Mëtt vum Land ze kommen, mee si géifen d’Stied ronderëm am Grenzgebitt ugräifen, wéi si et virdru gemaach haten; dofir huet de Moronihach seng staark Arméien dës Deeler ronderëm am Grenzgebitt behaapte gelooss.

27 Mee kuckt, d’Lamaniten hunn sech net, wéi hien et gewënscht hätt, ofschrecke gelooss, mee si waren an d’Mëtt vum Land komm an haten d’Haaptstad, nämlech d’Stad Zarahemla geholl a sinn duerch déi bedeitendst Deeler vum Land marschéiert, hunn d’Vollek an engem grousse Gemetzelt ëmbruecht, Männer a Fraen a Kanner, an hu vill Stied a Befestegungen a Besëtz geholl.

28 Wéi awer de Moronihach dëst entdeckt huet, huet hien direkt de Lehi mat enger Arméi ausgeschéckt, fir si ze stellen, bevir si an d’Land Iwwerfloss kéimen.

29 An esou huet hien et gemaach; an hien huet si gestallt, bevir si an d’Land Iwwerfloss komm sinn, an huet hinnen ee Kampf geliwwert, sou datt si ugefaangen hunn, sech an d’Land Zarahemla zeréckzezéien.

30 An et huet sech erginn: De Moronihach huet si op hirem Réckzuch gestallt an hinnen ee Kampf geliwwert, sou ee staarken, datt et ee ganz bluddege Kampf ginn ass; jo, vill goufen ëmbruecht, an ënnert der Zuel vun den Doudege gouf och de Koriantumr fonnt.

31 An elo kuckt, d’Lamanite konnten sech néierens zeréckzéien, weder no Norden nach no Süden, weder no Osten nach no Westen, well si ware vun alle Säite vun den Nephiten ëmstallt.

32 An esou hat de Koriantumr d’Lamanite matzen tëschent d’Nephite gefouert, sou datt si sech an der Gewalt vun den Nephitë befonnt hunn; an hie selwer war dout; an d’Lamaniten hunn sech den Nephiten ausgeliwwert.

33 An et huet sech erginn: De Moronihach huet erëm vun der Stad Zarahemla Besëtz geholl an huet d’Lamaniten, déi gefaange geholl gi waren, a Fridden aus dem Land zéie gelooss.

34 An esou ass dat eenavéierzegt Joer vun der Regierung vun de Riichter op en Enn gaangen.