Scriptures
Helaman 7


D’Prophezeiung vum Nephi, dem Jong vum Helaman—Gott menacéiert dem Vollek vum Nephi, datt hien si a senger Roserei besiche wäert, zu hirer kompletter Zerstéierung, ausser si kéieren ëm vun hirer Béist. Gott schléit d’Vollek Nephi mat Pescht; si üben Ëmkéiert a wennen sech him zou. De Samuel, ee Lamanit, prophezeit den Nephiten.

Besteet aus de Kapitelen 7 bis 16.

7. Kapitel

Den Nephi gëtt am Norden ofgewisen a geet zeréck op Zarahemla—Hie biet op sengem Gaardentuerm a rifft dann d’Leit op, ëmzekéieren oder ëmzekommen. Ongeféier 23–21 v. Chr.

1 Kuckt, elo huet et sech erginn: Am néngasechzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek vun den Nephiten ass den Nephi, de Jong vum Helaman, aus dem Land nërdlech an d’Land Zarahemla zeréckgaangen.

2 Well hien hat sech beim Vollek befonnt, dat am Land nërdlech war, an hat hinnen d’Wuert Gottes gepriedegt a villes prophezeit;

3 a si hunn all seng Wierder verworf, sou datt hien net bei hinne bleiwe konnt, mee erëm an d’Land vu senger Gebuert zeréckgaangen ass.

4 An hien huet d’Vollek an engem Zoustand vun sou enger schrecklecher Béist gesinn, an déi Gadianton-Raiber, déi d’Riichterstill besat hunn—well si d’Muecht an d’Autoritéit vum Land u sech geholl hunn; d’Geboter vu Gott op d’Säit geluecht hunn, an net am geréngste gerecht virun him waren; si hunn de Mënschekanner keng Gerechtegkeet geüübt;

5 si hunn déi Gerecht wéinst hirer Gerechtegkeet schëlleg gesprach; si hunn déi Béis wéinst hire Suen onbestrooft gelooss; jo, méi nach, si souzen an Ämter un der Spëtzt vun der Regierung, fir no hirem Wëllen ze herrschen an esou ze handelen, datt si Gewënn an d’Herrlechkeet vun der Welt kréie géifen a, méi nach, datt si ëmsou méi einfach Adultère begoen a klauen a morden an no hirem Wëllen handele konnten—

6 Dës grouss Ongerechtegkeet war awer am Laf vu wéinege Joren iwwer d’Nephite komm; a wéi den Nephi et gesinn huet, ass him vu Suerg d’Häerz an der Broscht geschwollen; an a senger Qual vun der Séil huet hien ausgeruff:

7 O, datt ech dach meng Deeg zu där Zäit gehat hätt, wou mäi Papp Nephi aus dem Land vu Jerusalem komm war, datt ech mech mat him am versprachene Land erfreet hätt; well deemools war säi Vollek einfach ze behandelen, stänneg am Hale vun de Geboter vu Gott a lues, sech zu Ongerechtegkeet verféieren ze loossen; a si ware schnell, op d’Wierder vum Här ze lauschteren—

8 jo, wann nëmme meng Deeg an deenen Deeg hätt si kënnen, dann hätt meng Séil un der Gerechtegkeet vu menge Bridder Freed gehat.

9 Mee kuck, ech hunn d’Verantwortung, datt dëst elo meng Deeg sinn an datt meng Séil wéinst dëser Béist vu menge Bridder mat Suerg erfëllt ass.

10 A kuckt, elo huet et sech erginn: Et war op engem Tuerm, deen am Nephi sengem Gaart war, deen un der Strooss louch, déi zum Haaptmaart gefouert huet, deen an der Stad Zarahemla war; dofir hat den Nephi sech op deem Tuerm op d’Knéie gesat, deen am Gaart war, an dësen Tuerm war och no der Gaardepaart war, wourunner d’Strooss laanscht gefouert huet.

11 An et huet sech erginn: E puer Leit si laanscht gaangen an hunn den Nephi gesinn, wéi hien um Tuerm d’Séil viru Gott ausgeschott huet; a si sinn hi gelaf an hunn dem Vollek erzielt, wat si gesinn haten, a vill vum Vollek sinn zesummegelaf, fir de Grond fir eng sou grouss Trauer wéinst der Béist vum Vollek gewuer ze ginn.

12 An elo, wéi den Nephi sech erhuewen huet, huet hien d’Leit gesinn, déi sech versammelt haten.

13 An et huet sech erginn: Hien huet de Mond opgemaach an zu hinne gesprach: Kuckt, firwat hutt dir iech versammelt? Fir datt ech iech vun ären Ongerechtegkeeten erzielen?

14 Jo, well ech sinn op mäin Tuerm komm, fir meng Séil viru Gott auszeschëdde wéinst der iwwergrousse Suerg vu mengem Häerz, an dëst wéinst ären Abscheilechkeeten!

15 A wéinst mengem Traueren a Lamentéieren hutt dir iech versammelt an dir verwonnert iech; jo, an dir hutt vill Grond, iech ze verwonneren, well dir esou wäit komm sidd, datt den Däiwel sou grouss Gewalt iwwert äert Häerz kritt huet.

16 Jo, wéi konnt dir de Versuchunge vun deem noginn, deen duerno sicht, är Séil an eng éiweg Misär an ee Wéi ouni Enn erof ze schleideren?

17 O kéiert ëm, kéiert ëm! Firwat wëllt dir stierwen? Wennt iech, wennt iech dem Här zou, ärem Gott. Firwat huet hien iech verlooss?

18 Well dir äert Häerz verhäert hutt; jo, well dir wëllt net op d’Stëmm vum gudden Hiert lauschteren; jo, dir hutt hien zur Roserei géint iech erausgefuerdert.

19 A kuckt, amplaz iech ze sammelen, wäert hien iech, wann dir net ëmkéiert, sou zerstreeën, datt dir Iesse fir Hënn a wëll Déiere gitt.

20 O wéi konnt dir äre Gott vergiessen, eben un deem Dag, wou hien iech befreit huet?

21 Mee kuckt, dir wollt Gewënn kréien, vu Mënsche gelueft ginn, jo, a Gold a Sëlwer kréien. An dir hutt äert Häerz op d’Räichtemer an Näischnotzegkeete vun dëser Welt gesat, an dofir mort dir a klaut a stielt a gitt falschen Temoignage géint ären Nächsten a verüübt allerhand Ongerechtegkeeten.

22 An aus dësem Grond wäert Wéi iwwert iech kommen, ausser dir kéiert ëm. Well, wann dir net ëmkéiert, kuckt, dës grouss Stad, an och all déi grouss Stied, déi ronderëm sinn, déi am Land vun eisem Besëtz sinn, ginn ewechgeholl, sou datt dir keng Plaz méi dran hutt; well kuckt, den Här wäert iech keng Kraaft ginn, wéi hien et bis elo gemaach huet, fir géint är Feinden ze widderstoen.

23 Well kuckt, sou seet den Här: Ech wäert de Béisen net vu menger Kraaft weisen, deem enge méi ewéi deem aneren, ausser deenen, déi vun hire Sënden ëmkéieren an op meng Wierder lauschteren. An dofir hätt ech gären, datt dir erkennt, meng Bridder, datt et ëm d’Lamanite besser stoe wäert wéi ëm iech, wann dir net ëmkéiert.

24 Well kuckt, si si méi gerecht gi wéi dir, well si hunn net géint dat grousst Wësse gesëndegt, dat dir empfaangen hutt; dofir wäert den Här zu hinne baarmhäerzeg sinn; jo, hie wäert hir Deeg verlängeren an hir Nokomme multiplizéieren, eben dann, wann dir vëlleg zerstéiert gitt, ausser dir kéiert ëm.

25 Jo, Wéi iech wéinst där groussen Abscheilechkeet, déi ënnert iech komm ass; an dir hutt iech domadder vereenegt, jo, mat där geheime Band, déi vum Gadianton opgeriicht gi war!

26 Jo, Wéi wäert iwwert iech komme wéinst dem Stolz, deen dir an äert Häerz andrénge gelooss hutt, deen iech iwwer dat, wat gutt ass, erausgehuewen huet wéinst ären immens grousse Räichtemer.

27 Jo, Wéi iech wéinst ärer Béist an ären Abscheilechkeeten!

28 A wann dir net ëmkéiert, wäert dir ëmkommen; jo, souguer äert Land wäert iech geholl ginn, an dir wäert vum Äerdbuedem ewech vernicht ginn.

29 Mee kuckt, net aus mir selwer soen ech, datt dëst wäert sinn, well ech weess dëst net aus mir selwer; mee kuckt, ech weess, datt dëst wouer ass, well den Här Gott et mir verkënnegt huet; dofir temoignéieren ech, datt et wäert sinn.