Scriptures
Helaman 4


4. Kapitel

Nephitesch Dissidenten an d’Lamanite verbannen sech an huelen d’Land Zarahemla an—D’Néierlag vun den Nephiten gëtt duerch hir Béist verursaacht—D’Kierch schrumpft, an d’Leit gi schwaach wéi d’Lamaniten. Ongeféier 38–30 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Am véierafofzegte Joer goufen et an der Kierch vill Divisiounen, an et gouf och ënnert dem Vollek ee Sträit, sou schlëmm, datt et vill Bluttvergéisse ginn ass.

2 An dee méi rebelléierten Deel gouf ëmbruecht an aus dem Land gejot, a si si bei de Kinnek vun de Lamanite gaangen.

3 An et huet sech erginn: Si sinn dorunner gaangen, d’Lamaniten zum Krich géint d’Nephiten opzestëppelen; mee kuckt, d’Lamaniten haten immens grouss Angscht, sou vill, datt si op d’Wuert vun dëse Rebellen net lauschtere wollten.

4 Mee et huet sech erginn: Am sechsafofzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter goufen et Rebellen, déi vun den Nephiten zu de Lamaniten iwwergaange sinn; a si haten Erfolleg, andeems si déi zur Roserei géint d’Nephiten opgestëppelt hunn; an dat ganzt Joer laang hunn si de Krich virbereet.

5 An am siwenafofzegte Joer koumen si géint d’Nephiten zum Kampf erof, a si hunn d’Wierk vum Dout ugefaangen; jo, sou datt et hinnen am aachtafofzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter gelongen ass, d’Land Zarahemla a Besëtz ze huelen, jo, an och all Land, jo, bis zu deem Land, dat no um Land Iwwerfloss war.

6 An d’Nephiten an d’Arméie vum Moronihach goufe souguer an d’Land Iwwerfloss gejot;

7 an do hunn se géint d’Lamanite Befestegungen ugeluecht, vum westleche Mier bis zum ëstlechen; an et war fir een Nephit eng Dagesrees op der Linn, déi si befestegt haten a wou si hir Arméi opgestallt haten, fir hiert nërdlecht Land ze verdeedegen.

8 An esou haten déi rebellesch Nephitë mat der Hëllef vun enger ganz groussen Arméi vun de Lamaniten de gesamte Besëtz vun den Nephiten ageholl, deen dës am Land südlech haten. An dëst alles ass am aachtafofzegten an néngafofzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter geschitt.

9 An et huet sech erginn: Am sechzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter ass et dem Moronihach mat sengen Arméie gelongen, vill Deeler vum Land ze besetzen; jo, si hu vill Stied zeréckgewonnen, déi de Lamaniten an d’Hänn gefall waren.

10 An et huet sech erginn: Am eenasiechzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter ass et hinne gelongen, d’Hallschent vun hirem Besëtz zeréckzegewannen.

11 Dëse grousse Verloscht vun den Nephiten an dat grouss Gemetzelt, dat et ënnert hinne gouf, wären awer net etabléiert ginn, wann et net esou vill Béist an Abscheilechkeeten ënnert hinne ginn hätt; jo, an dëst gouf et och ënnert deenen, déi sech als Membere vun der Kierch Gottes bekannt hunn.

12 An et war wéinst dem Stolz vun hirem Häerz, wéinst hirem immense Räichtum, jo, et war wéinst hirer Ënnerdréckung géintiwwer den Aarmen, andeems si hiert Iessen den Hongeregen zeréckbehalen hunn, hir Kleeder de Packegen zeréckbehalen hunn, an hir bescheide Bridder op de Bak geschloen hunn, iwwer dat de Spott gemaach hunn, wat Helleg war, de Geescht vun der Prophezeiung an der Offenbarung verleegent hunn, gemuert hunn, geklaut hunn, gelunn hunn, geraibert hunn, Adultère begaangen hunn, a grousse Streidereien erhuewen hunn, an an d’Land vum Nephi, ënner d’Lamaniten, desertéiert hunn—

13 a wéinst dëser grousser Béist a well si mat hirer eegener Stäerkt gebretzt hunn, sinn si hirer eegener Stäerkt iwwerlooss bliwwen; dofir ass et hinnen net wuel ergaangen, mee si goufe bedrängt a geschloen an d’Lamaniten hunn si virun sech hir gejot, bis si de Besëtz vu bal all hire Länner verluer haten.

14 Mee kuckt, de Moronihach huet dem Vollek vill wéinst hirer Ongerechtegkeet gepriedegt an och den Nephi an de Lehi, déi d’Jonge vum Helaman waren, hunn dem Vollek vill gepriedegt, jo, a si hunn em vill wéinst hiren Abscheilechkeete prophezeit a wat iwwert si komme wäert, wann si net vun hire Sënden ëmkéiere géifen.

15 An et huet sech erginn: Si hunn Ëmkéiert geüübt, a souwäit si Ëmkéiert geüübt hunn, hunn si ugefaangen opzebléien.

16 Well wéi de Moronihach gesinn huet, datt si Ëmkéiert geüübt hunn, huet hien et getraut, si vun Uert zu Uert ze féieren, vu Stad zu Stad, jo, bis si d’Hallschent vun hirem Besëtz an d’Hallschent vun all hire Länner zeréckgewonnen haten.

17 An esou ass dat eenasiechzegt Joer vun der Regierung vun de Riichter op en Enn gaangen.

18 An et huet sech erginn: Am zweeasiechzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter konnt de Moronihach keng Besëtzer méi vun de Lamaniten zeréckkréien.

19 Dofir hunn si hir Absicht opginn, de Rescht vun hire Länner ze kréien, well d’Lamanite waren esou vill, datt et den Nephiten onméiglech ginn ass, méi Muecht iwwert si ze kréien; dofir huet de Moronihach all seng Arméien agesat, fir déijéineg Deeler ze behaapten, déi hien ageholl hat.

20 An et huet sech erginn: Wéinst der groussen Unzuel vun de Lamaniten haten d’Nephitë grouss Angscht, si géifen iwwerwältegt an nidder getrueden an ëmbruecht a vernicht ginn.

21 Jo, si hunn ugefaangen, sech un d’Prophezeiunge vum Alma an och un d’Wierder vum Mosiah ze erënneren, a si hunn agesinn, datt si een tockskäppegt Vollek gewiescht waren an datt si d’Geboter Gottes als näischt geuecht haten

22 an datt si d’Gesetzer vum Mosiah oder dat, wat den Här him gebueden hat, dem Vollek ze ginn, ofgeännert a mat Féiss geschloen haten; a si hunn agesinn, datt hir Gesetzer verduerwe gi waren an datt si ee béist Vollek gi waren, sou schlëmm, datt si esou béis waren ewéi d’Lamaniten.

23 A wéinst hiren Ongerechtegkeeten hat d’Kierch ugefaangen, ze verfalen; a si hunn ugefaangen, net méi un de Geescht vun der Prophezeiung an un de Geescht vun der Offenbarung ze gleewen; an d’Strofgeriicht Gottes huet hinnen an d’Gesiicht gekuckt.

24 An si hu gesinn, datt si schwaach gi waren, wéi hir Bridder, d’Lamaniten, an datt de Geescht vum Här si net méi erhalen huet; jo, e war vun hinnen zeréckgezunn, well de Geescht vum Här net an onhellegen Tempele wunnt—

25 dofir huet den Här opgehalen, si duerch seng wonnerschéin an onvergläichlech Muecht ze preservéieren, well si waren an een Zoustand vun Ongleewegt a vu fuerchtbarer Béist gefall; a si hu gesinn, datt d’Lamaniten immens vill méi waren ewéi si, a wann si net um Här, un hirem Gott festhale géifen, missten si onweigerlech ëmkommen.

26 Well kuckt, si hu gesinn, datt d’Stäerkt vun de Lamaniten sou grouss war wéi hir eege Stäerkt, jo, Mann fir Mann. An esou waren si an dës grouss Transgressioun gefall; jo, sou waren si am Laf vu wéinege Joren duerch d’Folleg vun hirer Transgressioun schwaach ginn.