Scriptures
Helaman 3


3. Kapitel

Vill Nephite wanderen an d’Land nërdlech aus—Si bauen Haiser aus Zement a féiere vill Opzeechnungen—Zéngdausende gi konvertéiert a gedeeft—D’Wuert vu Gott féiert d’Mënschen zur Erléisung—Den Nephi, de Jong vum Helaman, besetzt de Riichterstull. Ongeféier 49–39 v. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: Am dräiandrëssegte Joer vun der Regierung vun de Riichter gouf et ënnert dem Vollek vum Nephi kee Sträit, ausser e bësse Stolz, deen et an der Kierch ginn ass, wouduerch e puer kleng Spaltungen entstane sinn, mee dës Ugeleeënheete goufe mam Enn vum dräiandrëssegte Joer berengegt.

2 An am véierandrëssegte Joer gouf et kee Sträit ënnert dem Vollek; och am véierandrëssegte Joer gouf et net vill Sträit.

3 An et huet sech erginn: Am sechsavéierzegte Joer gouf et vill Sträit a vill Spaltungen; an doduerch ass et eng ganz grouss Unzuel vu Leit ginn, déi d’Land Zarahemla verlooss hunn a si sinn an d’Land am Norde gezunn, fir d’Land ze ierwen.

4 A si sinn eng immens grouss Streck gereest, sou grouss, datt si u grouss Waasser a vill Flëss koumen.

5 Jo, an si hunn sech souguer an all Deeler vum Land verbreet, an all déi Deeler, déi net verlooss an ofgeholzt waren, wéinst de ville Bewunner, déi d’Land virdru geierft haten.

6 An elo war kee Stéck Land verlooss, ausser wéinst Holz; mee wéinst der Gréisst vun der Zerstéierung vun de Leit, déi virdrun d’Land bewunnt haten, gouf et verlooss genannt.

7 Et ass do an deem Land nëmmen e wéineg Holz ginn, mee gouf dat Vollek, dat dohinner gezunn ass, immens talentéiert an der Aarbecht mat Zement; dofir hunn si aus Zement Haiser gebaut, wouranner si gewunnt hunn.

8 An et huet sech erginn: Si hunn sech multiplizéiert an sech ausgebreet a sinn aus dem Land südlech an d’Land nërdlech gezunn an hunn sech esou vill ausgebreet, datt si ugefaangen hunn, d’ganzt Land ze bedecken, vum Mier am Süde bis zum Mier am Norden, vum Mier am Weste bis zum Mier am Osten.

9 An dat Vollek, dat am Land nërdlech war, huet an Zelter an an Haiser aus Zement gewunnt, a si hu jiddwer Bam, deen op der Fläch vum Land gespross ass, wuesse gelooss, fir datt si spéider eng Kéier Holz hätten, hir Haiser ze bauen, jo, hir Stied an hir Tempelen an hir Synagogen an hir Hellegtemer an hir Gebaier vun all Aart.

10 An et huet sech erginn: Wou am Land nërdlech Bauholz immens seele war, hunn si vill dovunner hi geschéckt, andeems si et verschëfft hunn.

11 An esou hunn si d’Vollek am Land nërdlech fäeg gemaach, vill Stied ze bauen, souwuel aus Holz ewéi och aus Zement.

12 An et huet sech erginn: Et sinn der vill vum Vollek Ammon ginn, déi vu Gebuert Lamanite waren, déi och an dëst Land higezu sinn.

13 Elo ginn et vill Opzeechnunge vun den Handlunge vun dësem Vollek, déi vu villen aus dësem Vollek gefouert goufen, a se sinn ausféierlech a ganz voluminös.

14 Mee kuckt, net eemol den honnertsten Deel vun den Handlunge vun dësem Vollek, jo, de Bericht iwwer d’Lamaniten an d’Nephiten an hir Kricher a Streidereien an Divisiounen an hiert Priedegen an hir Prophezeiungen an hiert Verschëffen an hiert Baue vu Schëffer an hiert Baue vun Tempelen a Synagogen an iwwert hir Hellegtemer an hir Gerechtegkeet an hir Béist an hiert Morden an hiert Klauen an hiert Stielen an all Aarte vun Abscheilechkeeten a Prostitutioun, kann an dësem Wierk enthale sinn.

15 Mee kuckt, et gi vill Bicher a vill Opzeechnunge vu jiddwer Aart, a se sinn haaptsächlech vun den Nephite gefouert ginn:

16 A se sinn duerch d’Nephitë vun enger Generatioun un déi aner iwwergi ginn, jo, bis si an Transgressioun gefall an ermort, beklaut a gehetzt an ëmbruecht an iwwer d’Uewerfläch vun der Äerd zerstreet gi sinn an sech mat de Lamanite vermëscht hunn, sou datt si net méi Nephite genannt ginn, well si si béis a wëll a grausam gi sinn, jo, si si selwer Lamanite ginn.

17 An elo kéieren ech erëm zu mengem Bericht zeréck; well dat, wouvunner ech geschwat hunn, war geschitt, nodeems et grouss Streidereien an Onrouen a Kricher an Divisiounen ënnert dem Vollek Nephi ginn hat.

18 An dat sechsavéierzegt Joer vun der Regierung vun de Riichter ass op en Enn gaangen;

19 an et huet sech erginn: Et ass nach ëmmer ee grousse Sträit am Land ginn, jo, och am siwenavéierzegte Joer an och am aachtavéierzegte Joer.

20 An awer hat den Helaman de Riichterstull mat Rechtsspriechung a Gerechtegkeet gehalen; jo, hie war dorobber beduecht, d’Statuten a Riichterspréch a Geboter Gottes ze halen; an hien huet bestänneg dat gemaach, wat an den Ae Gottes richteg war; an hien ass no der Weis vu sengem Papp gewandelt, sou vill, datt et him wuel gaangen ass am Land.

21 An et huet sech erginn: Hien hat zwee Jongen. Hien huet dem eeleren den Numm Nephi an deem méi jonken den Numm Lehi ginn. A si hunn ugefaangen, dem Här erunzewuessen.

22 An et huet sech erginn: Géint dem Enn vum aachtavéierzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi hunn d’Kricher a Streidereien ënnert dem Vollek Nephi a geréngem Mooss ugefaangen opzehalen.

23 An et huet sech erginn: Am néngavéierzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter ass et am Land iwwerall bestänneg Fridde ginn, ausser datt et déi geheim Verbindunge goufen, déi d’Raiber vum Gadianton an deem méi dicht koloniséierten Deeler vum Land opgeriicht haten; zu där Zäit waren se awer deenen, déi un der Spëtzt vun der Regierung stoungen, net bekannt; dofir goufen se net aus dem Land ewech vernicht.

24 An et huet sech erginn: Am selwechte Joer gouf et an der Kierch een immens grousst Erbléien, sou vill, datt et Dausender gi sinn, déi sech der Kierch ugeschloss hunn an zur Ëmkéiert gedeeft goufen.

25 An esou grouss war d’Erbléie vun der Kierch, an esou vill Seenunge goufen et, déi iwwer d’Vollek aus gegoss goufen, datt souguer d’Hohepriister an d’Instructeure selwer iwwer d’Moossen erstaunt waren.

26 An et huet sech erginn: D’Wierk vum Här huet geblitt, sou datt sech vill Séilen deefe gelooss a sech mat der Kierch Gottes vereenegt hunn, jo, Zéngdausender.

27 Sou kënne mir gesinn, datt den Här baarmhäerzeg ass géintiwwer all deenen, déi an der Éierlechkeet vun hirem Häerz säin hellegen Numm uruffen.

28 Jo, sou gesi mir, datt d’Paart vun den Himmelen allen op ass, nämlech deenen, déi un den Numm Jesus Christus gleewen, deen de Jong vu Gott ass.

29 Jo, mir gesinn, datt jiddereen, deen et wëll, sech un d’Wuert vu Gott hale kann, dat lieweg a mächteg ass, dat all d’Schlauheet, d’Falen an d’Schlénge vum Däiwel ausernee spléckt, an de Mënsch vu Christus op e schmuele Wee iwwer den éiwegen Ofgrond vu Misär féiert, dee prett gemaach ass, déi Béis ze verschléngen—

30 a bréngt seng Séil, jo, seng onstierflech Séil, an d’Himmelräich, zur rietsen Hand Gottes, op datt hien sech mam Abraham an Isaak a mam Jakob a mat all eisen hellege Pappen hisetzt, fir ni méi ewechzegoen.

31 An an dësem Joer gouf et am Land Zarahemla an an alle Gebitter ronderëm, jo, an allem Land, dat d’Nephiten a Besëtz haten, bestänneg Freed.

32 An et huet sech erginn: Et ass Fridden an immens grouss Freed am Reschtdeel vum néngavéierzegte Joer ginn; jo, an et ass och am fofzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter bestänneg Fridden a grouss Freed ginn.

33 An am eenafofzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter war och Fridden, ausser dem Stolz, deen ugefaangen huet an d’Kierch ze kommen—net an d’Kierch vum Gott, mee an d’Häerzer vun de Leit, déi sech bekannt hunn, zur Kierch vum Gott ze gehéieren—

34 a si waren am Stolz iwwerhieflech, jo, sou datt si der vill vun hire Bridder verfollegt hunn. Dëst awer war ee grousst Iwwel, an et war fir dee méi bescheidenen Deel vum Vollek d’Ursaach, datt si grouss Verfollgungen gelidden a vill Leed duerchgemaach hunn.

35 Mee hunn si dacks gefaascht a gebiet a goufen an hirer Bescheidenheet ëmmer méi staark, goufen ëmmer méi standhaft am Glawen u Christus, sou datt hir Séil mat Freed an Trouscht erfëllt gouf, jo, sou datt hiert Häerz gerengegt a gehellegt gouf, an dës Hellegung gëtt etabléiert, wann ee säin Häerz Gott hi gëtt.

36 An et huet sech erginn, datt och dat zweeafofzegt Joer a Fridden op en Enn gaangen ass, ausser dem aussergewéinlech grousse Stolz, deen an d’Häerzer vun de Leit gewuess war; an et war wéinst hirem aussergewéinlech grousse Räichtum an hirem Wuelstand am Land; an en ass vun Dag zu Dag bei hinne gewuess.

37 An et huet sech erginn: Am dräiafofzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter ass den Helaman gestuerwen, a säin eelste Jong Nephi huet ugefaangen, a senger Plaz ze regéieren. An et huet sech erginn, datt hien de Riichterstull mat Gerechtegkeet a Gläichheet gefëllt huet; jo, hien huet d’Geboter vu Gott gehalen an sech op de Weeër vu sengem Papp bewisen.