Scriptures
Helaman 6


6. Kapitel

Déi gerecht Lamaniten priedegen de béisen Nephiten—Béid Vëlker hunn et an enger Ära vu Fridden a Räichtum gutt—De Luzifer, den Auteur vun der Sënd, verféiert d’Häerzer vun de Béisen an de Gadianton-Raiber zu Mord a Béist—D’Raiber iwwerhuelen déi nephitesch Regierung. Ongeféier 29–23 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Wéi dat zweeasechzegt Joer vun der Regierung vun de Riichter op en Enn komm ass, war dëst alles geschitt, an d’Lamanite waren zum gréissten Deel ee gerecht Vollek ginn, sou datt hir Gerechtegkeet där vun den Nephiten iwwertraff huet, an zwar wéinst hirer Festegkeet an hirer Bestännegkeet am Glawen.

2 Well kuckt, et goufen der vill vun den Nephiten, déi verhäert an net zur Ëmkéiert wëlleg a schänterlech béis gi waren, sou datt si d’Wuert vu Gott an all d’Priedegten an d’Prophezeiungen, déi ënnert si komm sinn, verworf hunn.

3 Mee hat d’Vollek vun der Kierch grouss Freed wéinst der Bekéierung vun de Lamaniten, jo, wéinst der Kierch Gottes, déi ënnert hinnen opgeriicht gi war. A si hu Gemeinschaft matenee gefleegt, a si hunn sech een um anere gefreet, a si hate grouss Freed.

4 An et huet sech erginn: Vill vun de Lamanite koumen an d’Land Zarahemla erof an hunn dem Vollek vun den Nephite verkënnegt, op wéi eng Weis si bekéiert gi waren, an hunn si zu Glawen an Ëmkéiert ermaant.

5 Jo, a vill hu mat immens grousser Muecht an Autoritéit gepriedegt, sou datt si vill vun hinnen an d’Déifte vun der Humilitéit erof gefouert hunn, fir datt si bescheiden Unhänger vu Gott an dem Lämmche sinn.

6 An et huet sech erginn, datt vill vun de Lamaniten an d’Land nërdlech gaange sinn; an och den Nephi an de Lehi sinn an d’Land nërdlech gaangen, fir dem Vollek ze priedegen. An esou ass dat dräiasechzegt Joer op en Enn gaangen.

7 A kuckt, an allem Land ass et Fridde ginn, sou vill, datt d’Nephiten an all Deel vum Land gaange sinn, wouhinner si wollten, sief et ënner d’Nephiten oder d’Lamaniten.

8 An et huet sech erginn: Och d’Lamanite si gaangen, wouhinner och ëmmer si wollten, sief et ënner d’Lamaniten oder ënner d’Nephiten; an esou haten si ënnerenee fräie Verkéier, ze kafen an ze verkafen a Gewënn ze kréien, no hirem Wonsch.

9 An et huet sech erginn: Si goufen immens räich, souwuel d’Lamaniten ewéi och d’Nephiten; a si haten eng immens grouss Quantitéit Gold a Sëlwer an allerhand Aarte vu kostbarem Metall, souwuel am südleche Land ewéi och am nërdleche Land.

10 Dat südlecht Land awer gouf Lehi genannt, an dat nërdlecht Land gouf Mulek genannt, nämlech nom jong vum Zidkijas; well den Här huet de Mulek an dat nërdlecht Land gefouert an de Lehi an dat südlecht Land.

11 A kuckt, et goufen allerhand Aarte Gold an dëse béid Länner, och Sëlwer a kostbaart Äerz vu jiddwer Gattung; an et goufen och talentéiert Handwierker, déi all Aarte vun Äerz verschafft a verfeinert hunn; an esou sinn si räich ginn.

12 Si hu Weess a räichem Mooss ugebaut, souwuel am Norden ewéi och am Süden; an et ass hinnen immens gutt gaangen, souwuel am Norden ewéi och am Süden. A si hunn sech multiplizéiert an hunn am Land iwwer d’Moosse staark zougeholl. A si hu vill Schof a Kéi geziicht, jo, och vill Rëndfleesch.

13 Kuckt, hir Fraen hunn sech vill beméit, hu gesponnen an all Zorte vu Stoff, fei gewiefte Läindicher an Duch vun all Zort, fir hir Bléisst ze bedecken, ugefäerdegt. An esou ass dat véierasechzegt Joer a Fridde vergaangen.

14 An am fënnefasechzegte Joer haten si och grouss Freed a Fridden, jo, vill Priedegen a Prophezeiungen a Bezuch op dat, wat komme sollt. An esou ass dat fënnefasechzegt Joer vergaangen.

15 An et huet sech erginn: Am sechsasechzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter, kuckt, do gouf de Ssezoram vun onbekannter Hand ermort, wéi hien um Riichterstull souz. An et huet sech erginn: Am selwechte Joer gouf och säi Jong, dee vum Vollek a senger Plaz bestëmmt gi war, ermort. An esou ass dat sechsasechzegt Joer op en Enn gaangen.

16 An um Ufank vum siwenasechzegte Joer huet d’Vollek erëm ugefaangen, immens béis ze ginn.

17 Well kuckt, den Här hat si esou laang mat de Räichtemer vun der Welt geséint, datt si weder zu Roserei nach zu Krich, nach zu Bluttvergéissen opgestëppelt gi waren; dofir hunn si ugefaangen, d’Häerz op Räichtemer ze setzen; jo, si hunn ugefaangen, no Gewënn ze sichen, fir datt sech een iwwert den aneren erhiewe kéint; dofir hunn si ugefaangen, geheim Morden ze begoen an ze klauen an ze plënneren, fir datt si Gewënn géife kréien.

18 An elo kuckt, dës Mäerder a Raiber waren eng Band, déi vum Kischkumen a vum Gadianton gebilt gi war. An elo huet et sech erginn: Souguer ënnert den Nephitë sinn et der vill vun der Gadiantonband ginn. Mee kuckt, si waren der méi ënnert dem méi béisen Deel vun de Lamaniten. An esou sinn si d’Gadiantonraiber a—mäerder genannt ginn.

19 An dës waren et, déi den Ieweschte Riichter Ssezoram a säi Jong nach am Riichterstull ermort hunn; a kuckt, si goufen net entdeckt.

20 An elo huet et sech erginn: Wéi d’Lamaniten entdeckt hunn, datt et ënnert hinne Raiber gi sinn, waren si iwwer d’Moosse bestierzt; a si hu jiddwer Mëttel an hirer Muecht gebraucht, fir si vum Äerdbuedem ewech ze vernichten.

21 Mee kuckt, de Satan huet dem gréisseren Deel vun den Nephiten d’Häerz opgestëppelt, sou datt si sech mat dëse Bande vu Raiber vereenegt hunn an hir Gelübden an Eeden agaange sinn, nämlech datt si een den aneren an alle méiglechen Ëmstänn, an déi si gerode géifen, schützen an erhale wéilten, sou datt si fir hir Morden an hiert Stielen an hiert Klauen net ze leiden hätten.

22 An et huet sech erginn: Si haten hir Zeechen, jo, hir geheim Zeechen an hir geheim Wierder; an dëst, fir datt si ee Brudder, deen déi Allianz agaange war, erkenne konnten, fir datt ee Brudder, wat fir Béist och ëmmer hie begoe géif, net vu sengem Brudder oder vun deenen, déi zu senger Band gehéiert hunn an déi dës Allianz op sech geholl haten, geschiedegt géif.

23 An esou konnten si da stielen a klauen a Prostitutioun an allerhand Béist begoen, géint d’Gesetzer vun hirem Land an och géint d’Gesetzer vun hirem Gott.

24 A wann ee vun deenen, déi zu hirer Band gehéiert hunn, der Welt vun hirer Béist an hiren Abscheilechkeete reveléiere géif, sou sollt hie viru Geriicht gestallt ginn, mee net no de Gesetzer vun hirem Land, awer no de Gesetzer vun hirer Béist, déi vum Gadianton a vum Kischkume gi gi waren.

25 Mee kuckt, et sinn dës geheim Eeden an Allianzen, vun deenen den Alma sengem Jong gebueden huet, datt se net un d’Welt erausgoe sollten, fir datt se net zu engem Mëttel géife ginn, d’Vollek zur Vernichtung erofzezéien.

26 Kuckt elo, déi geheim Eeder an Allianze koumen net vun den Opzeechnungen, déi dem Helaman iwwerreecht goufen, zum Gadianton; mee kuckt, si goufen an d’Häerz vum Gadianton geluecht vun deem selwechte Wiesen, dat eis éischt Eltere verfouert huet, fir vun der verbuedener Fruucht ze iessen—

27 jo, vun demselwechten, deen sech mam Kain konspiréiert hat, datt et der Welt net bekannt sollt ginn, wann hie säi Brudder Abel ermorde géif. An hien huet sech vun där Zäit un mam Kain a sengen Nofollger verschwuer.

28 An et ass och deselwechten, deen et dem Vollek an d’Häerz ginn huet, een Tuerm ze bauen, sou héich, datt si un den Himmel komme kéinten. An et war deselwechten, deen d’Vollek, dat vun deem Tuerm an dëst Land komm war, begeeschtert hat, deen d’Wierker vun der Däischtert an der Abscheilechkeet iwwer d’ganzt Land ausgebreet huet, bis hien d’Vollek zur vëllege Vernichtung erofgezunn huet, an eng éiweg Hell.

29 Jo, et ass dës deselwechten, deen et dem Gadianton an d’Häerz ginn huet, d’Wierk vun der Däischtert an de geheime Morde weiderzeféieren; an dëst huet hie vun den Ufäng vum Mënsch bis erof an dës Zäit op de Wee bruecht.

30 A kuckt, eben dësen ass den Auteur vun all Sënd. A kuckt, hie féiert seng Wierker vun der Däischtert an de geheime Morde weider an iwwerliwwert hinnen hir Komplotten an hir Eeden an hir Allianzen an hir Pläng mat fuerchtbarer Béist vu Generatioun zu Generatioun, wéi hien ebe Gewalt iwwer d’Häerz vun de Mënschekanner kréie kann.

31 An elo kuckt, hien hat iwwer d’Häerz vun den Nephite grouss Gewalt kritt, jo, sou datt si iwwer d’Moosse béis gi waren; jo, de gréissten Deel vun hinnen hat sech vum Wee vun der Gerechtegkeet ofgewannt; si hunn d’Geboter Gottes mat Féiss getrëppelt an hunn sech hiren eegene Weeër zougewannt an hunn sech Gëtzen aus hirem Gold an hirem Sëlwer opgeriicht.

32 An et huet sech erginn: All dës Abscheilechkeete koumen am Laf vu wéinege Joren iwwert si, jo, de gréisseren Deel dovunner koum am siwenasechzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi iwwert si.

33 A si hunn an hiren Abscheilechkeeten och am aachtasechzegte Joer zougeholl, zur grousse Suerg a Lamentatioun vun de Gerechten.

34 An esou gesi mir, datt d’Nephiten ugefaangen hunn, an Ongleewegt ze verfalen an u Béist an Abscheilechkeeten zouzehuelen, wärend d’Lamaniten ugefaangen hunn, iwwer d’Moossen u Wëssen un hire Gott zouzehuelen; jo, si hunn ugefaangen, seng Statuten a Geboter ze halen an a Wourecht an Opriichtegkeet virun him ze wanderen.

35 An esou gesi mir, datt de Geescht vum Här ugefaangen huet, sech vun den Nephite wéinst hirer Béist an Häerzenshäert zeréckzezéien.

36 An esou gesi mir, datt den Här ugefaangen huet, säi Geescht iwwer d’Lamaniten auszegéissen, well si esou liicht a wëlleg u seng Wierder gegleeft hunn.

37 An et huet sech erginn: D’Lamaniten hunn d’Raiberband vum Gadianton gehetzt; a si hunn d’Wuert vu Gott ënner deem méi béisen Deel vun hinne gepriedegt, sou datt dës Raiberband ënnert de Lamanite vëlleg vernicht ginn ass.

38 An et huet sech anerersäits erginn: D’Nephiten hunn si gefuerdert an ënnerstëtzt, andeems si mat deene méi Béise vun hinnen ugefaangen hunn, bis si d’ganzt Land vun den Nephiten iwwerzunn haten an de gréisseren Deel vun de Gerechte verfouert haten, bis si sou wäit komm waren, datt si op hir Wierker vertraut hunn an un hirer Beut deelgeholl hunn a sech hinne bei hire geheime Morden an an hire Verbindungen ugeschloss hunn.

39 An esou hunn si d’Regierungsgewalt eleng kritt, sou datt si déi Aarm an déi Duuss an déi bescheiden Unhänger Gottes mat Féiss getrëppelt a geschloen an zerrass an hinnen de Réck zou gekéiert hunn.

40 An esou gesi mir, datt si an engem schrecklechen Zoustand waren an sech op eng éiweg Zerstéierung virbereet hunn.

41 An et huet sech erginn: Sou ass dat aachtasechzegt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen.