Scriptures
Helaman 14


14. Kapitel

De Samuel seet Liicht an der Nuecht an en neie Stär bei der Gebuert vum Christus viraus—De Christus erléist d’Mënsche vum zäitlechen a geeschtegen Doud—Zu den Zeeche vu Sengem Doud gehéieren dräi Deeg Däischtert, d’Räisse vun de Fielsen a grouss Ëmstéiss an der Natur. Ongeféier 6 v. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: De Samuel de Lamanit huet nach villes méi prophezeit, wat net niddergeschriwwe ka ginn.

2 A kuckt, hien huet zu hinne gesprach: Kuckt, ech ginn iech een Zeechen; well et kommen nach fënnef Joren, a kuckt, da kënnt de Jong Gottes, fir alleguerten ze erléisen, déi u säin Numm gleewen.

3 A kuckt, dëst wëll ech iech zum Zeeche fir déi Zäit vu sengem Komme ginn: Well kuckt, et wäerte grouss Liichter am Himmel sinn, sou vill, datt et an der Nuecht viru sengem Komme keng Däischtert wäert ginn, sou vill, datt et de Mënsche schénge wäert, als wier et Dag.

4 Dofir wäert et een Dag an eng Nuecht an een Dag ginn, als wier et een eenzegen Dag a géif et keng Nuecht; an dëst soll iech een Zeeche sinn; well dir wäert erkennen, datt d’Sonn opgeet an och ënnergeet; dofir wäert ee mat Gewëssheet wëssen, datt et zwee Deeg an eng Nuecht wäerte sinn; awer wäert d’Nuecht net däischter sinn, an dëst wäert d’Nuecht sinn, bevir hie gebuere gëtt.

5 A kuckt, et wäert een neie Stär opgoen, wéi dir esou een nach ni gesinn hutt; an och dëst wäert iech een Zeeche sinn.

6 A kuckt, dëst ass net alles; et wäerte vill Zeechen a Wonner um Himmel ginn.

7 An et wäert sech erginn: Dir wäert erstaunt sinn an iech verwonneren, sou vill, datt dir zur Äerd fale wäert.

8 An et wäert sech erginn: Wien un de Jong Gottes gleeft, dee wäert éiwegt Liewen hunn.

9 A kuckt, sou huet den Här mir duerch säin Engel gebueden, datt ech kommen an iech dëst soe soll; jo, hien huet gebueden, ech soll iech dëst prophezeien; jo, hien huet zu mir gesprach: Ruff dësem Vollek zou: Kéiert ëm a preparéiert de Wee vum Här.

10 An elo, well ech ee Lamanit sinn an zu iech déi Wierder geschwat hunn, déi den Här mir gebueden huet, a well dëst haart fir iech war, sidd dir rosen op mech a sicht duerno, mech ze vernichten, an hutt mech vun iech ausgestouss.

11 An dir sollt meng Wierder héieren, well zu dësem Zweck sinn ech op d’Mauer vun dëser Stad geklommen, fir datt dir d’Urteeler Gottes héiert an erkennt, déi wéinst ären Abscheilechkeeten op iech waarden, a fir datt dir och d’Bedingunge vun der Ëmkéiert kennt,

12 a fir datt dir och vum Komme vum Jesus Christus, dem Jong Gottes, wësst, dem Papp vum Himmel an der Äerd, dem Schëpfer vun alle Saache vun Ufank un, a fir datt dir och d’Zeeche vu sengem Komme wësst, zu deem Zweck, datt dir u säin Numm gleewe géift.

13 A wann dir u säin Numm gleeft, wäert dir vun all äre Sënden ëmkéieren, fir datt dir dofir Verzeiung kritt duerch säi Verdéngscht.

14 A kuckt nach eng Kéier, ee weidert Zeeche ginn ech iech, jo, een Zeeche vu sengem Doud.

15 Well kuckt, hie muss sécherlech stierwen, fir datt d’Erléisung komme kann; jo, et gehéiert him an et ass néideg, datt hie stierft, fir d’Opersteeung vun den Doudegen ze bewierken, fir datt d’Mënschen doduerch an d’Géigewaart vum Här bruecht kënne ginn.

16 Jo, kuckt, dësen Doud bréngt d’Operstéiung mat sech an erléist déi ganz Mënschheet vum éischten Doud—deem geeschtegen Doud; well déi ganz Mënschheet, déi ass duerch de Fall vum Adam vun der Géigewaart vum Här ofgeschnidden, gëtt als dout ugesinn, souwuel wat d’Saachen zäitlech wéi och wat d’Saache geeschtlech ugeet.

17 Mee kuckt, d’Opersteeung vum Christus erléist d’Mënschen, jo, all Mënschen, a bréngt si an d’Géigewaart vum Här zeréck.

18 Jo, a se bréngt d’Bedingung vun der Ëmkéiert op de Wee, sou datt jiddwereen, deen ëmkéiert, net ofgehaen an an d’Feier geworf gëtt; wien awer net ëmkéiert, dee gëtt ofgehaen an an d’Feier geworf; an iwwert hie kënnt erëm ee geeschtegen Doud, jo, een zweeten Doud, well hie gëtt erëm vun allem, wat d’Gerechtegkeet betrëfft, ofgeschnidden.

19 Dofir kéiert ëm, kéiert ëm, fir datt dir iech net selwer ënner Schëllegspriechung bréngt, well dir dat wësst an et net maacht, a fir datt dir net dësem zweeten Dout ënnerworf gitt.

20 Mä kuckt, wéi ech iech iwwert en anert Zeeche gesot hunn, en Zeeche vu sengem Doud, kuckt, un deem Dag, wou hie stierft, wäert d’Sonn däischter ginn a refuséieren, iech hiert Liicht ze ginn; an och de Mound an d’Stären; an et wäert kee Liicht op der Uewerfläch vun dësem Land sinn, vun der Zäit un, wou hie stierft, fir den Zäitraum vun dräi Deeg, bis zur Zäit, wou hie vun den Doudegen erëm opersteet.

21 Jo, zu där Zäit, wou hien de Geescht ofgëtt, wäert et vill Stonne laang Donner a Blëtz ginn, an d’Äerd wäert biewen an zidderen; an d’Fielsen, déi op dësem Äerdbuedem sinn, souwuel déi iwwert der Äerd wéi och déi dorënner, a vun deenen dir wësst, datt se zu där Zäit fest sinn oder datt de gréisseren Deel dovunner eng fest Mass ass, wäerten auserneebriechen;

22 jo, se wäerte platzen, an herno wäert ee fannen, datt se Rëss a Spréng a Ritzen hunn an an zerbrache Stécker iwwerall um Äerdbuedem leien, jo, souwuel iwwert der Äerd wéi och dorënner.

23 A kuckt, et wäerte grouss Onwieder ginn, a vill Bierger wäerte platt gemaach gi gläich wéi een Dall, an et wäerte vill Uerte ginn, elo Dalle genannt, déi awer zu Bierger ginn, déi eng grouss Héicht hunn.

24 A vill Stroosse wäerten opbriechen, a vill Stied wäerte verwüüst ginn.

25 A vill Griewer wäerten sech opmaachen a vill vun hiren Doudegen erausginn; a vill Helleger wäerte villen erschéngen.

26 A kuckt, sou huet den Engel zu mir geschwat: well hien huet zu mir gesprach, datt et vill Stonne laang Donner a Blëtz wäert ginn.

27 An hien huet mir gesot, dëst géif geschéien, soulaang dat Donneren a Blëtzen an dat Onwieder undauere géifen, an Däischtert géif dräi Deeg laang de ganzen Äerdbuedem bedecken.

28 An den Engel sot zu mir, vill géifen nach Gréisseres gesi wéi dëst, fir datt si gleewen, datt dës Zeechen an dës Wonner op der ganzer Uewerfläch vun dësem Land geschéie wäerten, fir datt et kee Grond fir Ongleewegt ënnert de Mënschekanner géif ginn—

29 an dëst zu deem Zweck, datt deejéinegen, dee gleeft, erléist géif an datt iwwer déijéineg, déi net gleewen, ee gerechte Riichtersproch kéim; a wa si schëlleg gesprach ginn, sou bréngen si selwer hire Scholdsproch iwwert sech.

30 An elo denkt dorunner, meng Bridder: Wien ënner geet, füügt sech dat Ënnergoe selwer zou, a wien Ongerechtegkeete mécht, deen deet et sech selwer un; well kuckt, dir sidd fräi; et ass iech erlaabt, äert Handele selwer ze bestëmmen; well kuckt, Gott huet iech Wësse ginn an huet iech fräi gemaach.

31 Hien huet iech ginn, Gutt vu Béis ze ënnerscheeden, an hien huet iech ginn, d’Liewen ze wielen oder den Dout; an dir kënnt Guddes maachen an zu deem restauréiert ginn, wat gutt ass, oder datt iech dat, wat gutt ass, restauréiert gëtt; oder awer dir kënnt Béises maachen an iech dat, wat béis ass, restauréiere loossen.