2. Kapitel
Den Helaman, de Jong vum Helaman, gëtt Ieweschte Riichter—De Gadianton féiert d’Band vum Kishkumen—Dem Helaman säi Kniecht bréngt de Kishkumen ëm, an d’Band vum Gadianton flücht an d’Wüüst. Ongeféier 50–49 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Am zweeavéierzegte Joer vun der Regierung vun de Riichter, nodeems de Moronihach erëm Fridden tëschent den Nephiten an de Lamaniten hiergestallt hat, kuckt, do gouf et keen, deen de Riichterstull ageholl huet; dofir huet ënnert dem Vollek erëm ee Sträit doriwwer ugefaangen, wien de Riichterstull anhuele sollt.
2 An et huet sech erginn: Den Helaman, deen de Jong vum Helaman war, gouf vun der Stëmm vum Vollek bestëmmt, de Riichterstull anzehuelen.
3 Mee kuckt, de Kischkumen, deen de Pahoran ermort hat, huet een Hannerhalt geluecht, fir och den Helaman ze vernichten; an hie gouf vu senger Band ënnerstëtzt, déi d’Allianz geschloss haten, keen dierft vu senger Béist gewuer ginn.
4 Well et ass ee gewëssene Gadianton ginn, deen a ville Wierder ganz gewannt war, an och a senger Hannerlëscht, fir dat geheimt Wierk vum Morden a vum Klauen auszeféieren; dofir gouf hien de Führer vun der Band vum Kischkumen.
5 Dofir huet hien hinne geschmeechelt an och dem Kischkumen, datt hien, wann si hien op de Riichterstull géife bréngen, alleguerten deenen, déi zu senger Band gehéiert hunn, erlabe géif, Muecht an Autoritéit ënnert dem Vollek ze hunn; dofir huet de Kischkumen gekuckt, fir den Helaman ze vernichten.
6 An et huet sech erginn, wéi hien op de Riichterstull gaangen ass, fir den Helaman ze zerstéieren, kuckt, do war ee vun de Kniechte vum Helaman, deen an der Nuecht dobausse war, an duerch Verkleedung Wëssen iwwer déi Pläng kritt hat, déi vun dëser Band ausgeschafft gi waren, fir den Helaman ze zerstéieren—
7 an et huet sech erginn: Hien huet de Kischkumen getraff an him een Zeeche ginn; dofir huet him de Kischkumen d’Zil vu senge Wënsch gesot a wollt vun him zum Riichterstull gefouert ginn, sou datt hien den Helaman ermorde kéint.
8 A wéi dem Helaman säi Kniecht d’Häerz vum Kischkumen ganz erkannt hat an datt et säin Zil war ze morden an datt et och d’Zil vun all deene war, déi zu dëser Band gehéiert hunn, ze morden an ze klauen a Muecht ze gewannen (well dëst war hire geheime Plang an hir Verbindung), do huet dem Helaman säi Kniecht zum Kischkumen gesprach: Looss eis eriwwer goen zum Riichterstull.
9 Dëst awer huet de Kischkumen iwwer d’Moosse gefreet, well hien huet gemengt, hie wäert elo seng Absicht ausféiere kënnen; mee kuckt, wéi si zum Riichterstull hikomm sinn, huet dem Helaman säi Kniecht dem Kischkumen an d’Häerz gestach, sou datt hien ouni Kaméidi ze maachen dout nidder gefall ass. An hien ass hi gelaf an huet dem Helaman alles erzielt, wat hie gesinn an héieren a gemaach hat.
10 An et huet sech erginn: Den Helaman huet hi geschéckt, dës Band vu Raiber a geheime Mäerder ze ergräifen, fir datt si nom Gesetz geriicht géifen.
11 Mee kuckt, wéi de Gadianton erausfonnt hat, datt de Kischkumen net zeréckkomm ass, huet hie gefaart, hie géif vernicht ginn; dofir huet hien seng Band maache gedoen, him no ze goen. A si sinn aus dem Land geflücht, op engem geheime Wee an d’Wüüst; wéi elo den Helaman ausgeschéckt huet, si ze ergräifen, konnt een si néierens fannen.
12 A méi iwwer dëse Gadianton wäert spéider nach gesot ginn. An esou ass dat zweeavéierzegt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen.
13 A kuckt, um Enn vun dësem Buch wäert dir gesinn, datt dëse Gadianton sech als den Ënnergang, jo, bal déi ganz Zerstéierung vum Vollek vum Nephi erwisen huet.
14 Kuckt, ech mengen net de Schluss vum Buch vum Helaman, mee ech mengen de Schluss vum Buch vum Nephi, wouvunner ech de gesamte Bericht geholl hunn, deen ech niddergeschriwwen hunn.