Scriptures
Helaman 5


5. Kapitel

Den Nephi an de Lehi widmen sech der Priedegt—Hir Nimm invitéieren si, hiert Liewen no hire Virgänger ze gestalten—De Christus erléist déi, déi ëmkéieren—Den Nephi an de Lehi maache vill Konvertéierter a ginn agespaart, a Feier ëmschléisst si—Eng Wollek vun Däischtert iwwerdeckt dräihonnert Leit—D’Äerd ziddert, an eng Stëmm befielt de Mënschen, ëmzekéieren—Den Nephi an de Lehi schwätze mat Engelen, an d’Leit gi vum Feier ëmschloss. Ongeféier 30 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Am selwechte Joer, kuckt, do huet den Nephi de Riichterstull engem Mann, deem säin Numm Ssezoram war, iwwerlooss.

2 Well do hir Gesetzer an hir Regierunge vun der Stëmm vum Vollek agesat goufen an déijéineg, déi dat Béist gewielt hunn, méi waren ewéi déi, déi dat Gutt gewielt hunn, sinn si räif fir d’Vernichtung ginn, well d’Gesetzer ware verduerwe ginn.

3 Jo, an dëst war net alles; si waren een tockskäppegt Vollek, sou vill, datt si duerch d’Gesetz an duerch Gerechtegkeet net regéiert konnte ginn, ausser zu hirer Vernichtung.

4 An et huet sech erginn: Den Nephi war wéinst hiren Abscheilechkeete midd ginn; an hien huet de Riichterstull ofgetrueden an huet et op sech geholl, all seng iwwreg Deeg d’Wuert Gottes ze priedegen, genausou säi Brudder Lehi all seng iwwreg Deeg;

5 well si hunn de Wierder geduecht, déi hire Papp Helaman zu hinne gesprach hat. An dës sinn d’Wierder, déi hie gesprach hat:

6 Kuckt, meng Jongen, ech wënschen, dir géift dorunner denken, d’Geboter Gottes ze halen; an ech hätt gären, datt dir dem Vollek dës Wierder verkënnegt. Kuckt, ech hunn iech d’Nimm vun eisen éischten Eltere ginn, déi aus dem Land vu Jerusalem koumen; an dat hunn ech gemaach, fir datt, wann dir iech un är Nimm erënnert, dir iech un si erënnert; a wann dir iech un si erënnert, kënnt dir iech un hir Wierker erënneren; a wann dir iech un hir Wierker erënnert, kënnt dir wëssen, datt et gesot a geschriwwe steet, datt se gutt waren.

7 Dofir, meng Jongen, hätt ech gären, datt dir dat maacht, wat gutt ass, fir datt vun iech geschwat an och geschriwwe gëtt, jo, wéi vun hinne geschwat a geschriwwe ginn ass.

8 An elo, meng Jongen, kuckt, ech hunn nach eppes, wat ech vun iech wënschen, an dëse Wonsch ass, datt dir dëst net maacht, fir iech ze bretzen, mee datt dir dëst maacht, fir iech ee Schatz am Himmel ze sammelen, jo, een, deen éiweg ass an net ewech verschwënnt, jo, datt dir dës këstlech Gab vum éiwege Liewe géift hunn, vun där mir Grond hunn unzehuelen, datt en eise Pappe gi ginn ass.

9 O gedenkt, gedenkt, meng Jongen, de Wierder, déi de Kinnek Benjamin zu sengem Vollek gesprach huet; jo, denkt dorunner, datt et keen anere Wee a keen anert Mëttel gëtt, wouduerch de Mënsch erléist ka ginn, wéi nëmmen duerch d’Blutt vun der Versönung vum Jesus Christus, dee komme wäert; jo, denkt dorunner, datt hie kënnt, fir d’Welt ze erléisen.

10 An denkt och un d’Wierder, déi den Amulek zum Zeezrom an der Stad Ammonihah gesot huet; well hie sot zu him, datt den Här sécherlech komme wäert, fir säi Vollek ze erléisen, awer datt hien net komme wäert, fir si an hire Sënden ze erléisen, mee fir si vun hire Sënden ze erléisen.

11 An him ass Muecht gi vum Papp, si vun hire Sënden ze erléisen, an zwar als Resultat vun Ëmkéiert; dofir huet hie seng Engele geschéckt, déi Noriicht vun de Bedingunge vun der Ëmkéiert ze verkënnegen, déi zur Muecht vum Erléiser féiert, zur Erléisung hirer Séil.

12 An elo, meng Jongen, denkt drun, denkt drun, datt et op dem Fiels vun eisem Erléiser ass, deen de Christus ass, de Jong vum Gott, wou dir äert Fundament baue musst; datt wann den Däiwel säi mächtege Wand erausschéckt, jo, seng Schächt am Tornado, jo, wann all säi Glëtz a säi mächtege Stuerm op iech schloen, et keng Muecht iwwert iech wäert hunn, iech an de Golf vu Misär an dem onendleche Wéi erofzezéien, wéinst dem Fiels, op deem dir gebaut sidd, deen e séchert Fundament ass, e Fundament, vun deem d’Mënschen net fale kënnen, wann se drop bauen.

13 An et huet sech erginn: Dëst waren d’Wierder, déi den Helaman senge Jonge gepriedegt huet; jo, hien huet hinne villes gepriedegt, wat net geschriwwen ass, an och villes, wat geschriwwen ass.

14 A si hunn u seng Wierder geduecht; an dofir sinn si higaangen an hunn d’Gebot Gottes gehalen, nämlech datt si d’Wuert vu Gott ënnert all dem Vollek Nephi priedege géifen; a si hu mat der Stad Iwwerfloss ugefaangen;

15 a vun do an d’Stad Gid; a vun der Stad Gid an d’Stad Mulek;

16 jo, a vun enger Stad zur aneren, bis si ënnert all Vollek Nephi higaange waren, dat sech am Land südlech befonnt huet; a vun do an d’Land Zarahemla, ënner d’Lamaniten.

17 An et huet sech erginn: Si hu mat grousser Muecht gepriedegt, sou vill, datt si vill vun dëse Rebelle duerchernee bruecht hunn, déi vun den Nephiten iwwergelaf waren, sou vill, datt dës ervirkoumen an hir Sënde bekannt an sech zur Ëmkéiert deefe gelooss hunn an direkt zu den Nephiten zeréck gekéiert sinn, wou si dorunner gaange sinn, dat Onrecht gutt ze maachen, wat si gemaach haten.

18 An et huet sech erginn: Den Nephi an de Lehi hunn de Lamanite mat esou grousser Muecht an Autoritéit gepriedegt, well Muecht an Autoritéit waren hinne ginn, fir datt si schwätze konnten, an och dat, wat si schwätze sollten, gouf hinne ginn—

19 dofir hunn si zur grousse Verwonnerung vun de Lamaniten esou geschwat, datt si si iwwerzeegt hunn, a vun de Lamaniten, déi am Land Zarahemla an am Land ronderëm waren, hunn sech der aachtdausend zur Ëmkéiert deefe gelooss a koumen zur Iwwerzeegung, datt d’Traditioune vun hire Pappe béis waren.

20 An et huet sech erginn: Den Nephi an de Lehi si vun do weider gezunn an an d’Land Nephi gaangen.

21 An et huet sech erginn: si goufe vun enger Arméi vun de Lamaniten ergraff an an de Prisong geworf, jo, an deselwechte Prisong, wouranner den Ammon a seng Bridder vun de Kniechte vum Limhi geworf gi waren.

22 An nodeems si vill Deeg laang ouni Iessen am Prisong gewiescht waren, kuckt, do sinn si an de Prisong gaangen, fir si ze ergräifen an ëmzebréngen.

23 An et huet sech erginn: Den Nephi an de Lehi ware wéi vu Feier ëmschloss, jo, sou vill, datt si sech net getraut hunn, Hand un si ze leeën, aus Angscht, si géife verbrennen. Mee den Nephi an de Lehi sinn net verbrannt; an et war, wéi wann si matzen an engem Feier géife stoen an awer net verbrennen.

24 A wéi si gesinn hunn, datt si vun enger Feierseil ëmschloss waren an datt dës si net verbrannt huet, hunn si am Häerze Mutt gefaasst.

25 Well si hu gesinn, datt d’Lamaniten sech net getraut hunn, Hand un si ze leeën; si hunn sech och net getraut, hinnen no ze kommen, awer stoungen do, wéi wann si vun Erstaunen net méi schwätze kéinten.

26 An et huet sech erginn: Den Nephi an de Lehi sinn no vir komm an hunn ugefaangen, zu hinnen ze schwätzen, nämlech: Fäert net, well kuckt, Gott selwer weist iech esou eppes Wonnerbares, mat wat iech gewise gëtt, datt dir net Hand un eis leeë kënnt, fir eis ëmzebréngen.

27 An kuckt, wéi si dës Wierder gesot haten, huet d’Äerd staark geziddert, an d’Mauere vum Prisong hu geziddert, wéi wann se op d’Äerd géife falen; awer kuckt, se sinn net gefall. An kuckt, déi, déi am Prisong waren, ware Lamaniten an Nephiten, déi rebellesch waren.

28 An et huet sech erginn: si goufe vun enger däischterer Wollek iwwerschwemmt, an eng fuerchtbar Schei koum iwwert si.

29 An et huet sech erginn: Et koum eng Stëmm wéi et geschéngt huet vun iwwert der däischterer Wollek, nämlech: Kéiert ëm, kéiert ëm, a sicht net méi duerno, meng Kniechten ze vernichten, déi ech zu iech geschéckt hunn, fir gutt Noriicht ze verkënnegen.

30 An et huet sech erginn: Wéi si dës Stëmm héieren hunn, hunn si gemierkt, datt et net eng Stëmm vun Donner war, och net eng Stëmm vu groussem, heftege Kaméidi, awer kuckt, et war eng douce Stëmm vu perfekter Mëllt, sou wéi ee Flüsteren, a se ass bis déif an d’Séil era penetréiert—

31 an trotz der Mëllt vun der Stëmm, kuckt, do huet d’Äerd iwwer d’Moosse gebieft, an d’Mauere vum Prisong hunn erëm geziddert, wéi wann se zur Äerd fale géifen; a kuckt, déi däischter Wollek, déi si iwwerschwemmt huet, huet sech net verdeelt—

32 a kuckt, d’Stëmm koum erëm, nämlech: Kéiert ëm, kéiert ëm, well d’Himmelräich ass no; a sicht net méi duerno, meng Kniechten ze vernichten. An et huet sech erginn: D’Äerd huet erëm gebieft an d’Maueren hu geziddert.

33 An erëm, fir drëtt, koum d’Stëmm, a se huet zu hinne wonnerbar Wierder gesprach, déi vu Mënschen net geschwat kënne ginn; an d’Maueren hunn nach eng Kéier geziddert, an d’Äerd huet gebieft, wéi wann se dorunner géif opbriechen.

34 An et huet sech erginn: D’Lamanite konnte wéinst der däischterer Wollek, déi si iwwerschwemmt huet, net fortlafen; jo, a si konnten sech wéinst der Angscht, déi iwwert si komm war, net beweegen.

35 Elo gouf et ënnert hinnen een, dee vu Gebuert een Nephit war, deen eng Kéier zur Kierch Gottes gehéiert hat, sech awer vun hir ofgespléckt hat.

36 An et huet sech erginn: Hien huet sech ëmgedréint, a kuckt, hien huet duerch déi däischter Wollek d’Gesiichter vum Nephi a vum Lehi gesinn; a kuckt, se hunn iwwer d’Moosse geliicht, jo, wéi Engelsgesiichter. An hien huet gesinn, datt si d’Aen zum Himmel gehuewen hunn; a si stoungen do, wéi wann si géife schwätzen oder d’Stëmm zu engem Wiesen erhiewe géifen, dat si erbléckt hunn.

37 An et huet sech erginn: Dëse Mann huet de Leit zougeruff, si sollten sech ëmdréinen a kucken. A kuckt, et gouf hinnen d’Muecht ginn, sech ëmzedréinen an ze kucken; a si hunn d’Gesiichter vum Nephi a Lehi erbléckt.

38 A si hunn zu deem Mann gesprach: Kuck, wat bedeit dëst alles, a mat wiem schwätzen dës Männer?

39 Dem Mann säin Numm awer war Aminadab. An den Aminadab huet zu hinne gesprach: Si schwätze mat den Engele Gottes.

40 An et huet sech erginn: D’Lamaniten hunn zu him gesprach: Wat solle mir maachen, fir datt sech dës däischter Wollek hieft an eis net méi iwwerschwemmt?

41 An den Aminadab huet zu hinne gesprach: Dir musst ëmkéieren an déi Stëmm uruffen, jo, bis dir Glawen u Christus hutt, deen iech vum Alma a vum Amulek a vum Zeezrom geléiert ginn ass; a wann dir dëst maacht, wäert sech déi däischter Wollek hiewen an iech net méi iwwerschwemmen.

42 An et huet sech erginn: Si alleguerten hunn ugefaangen, d’Stëmm vun deem unzeruffen, déi d’Äerd gerëselt hat; jo, si hunn ugeruff, bis déi däischter Wollek sech verdeelt huet.

43 An et huet sech erginn: Wéi si d’Ae ronderëm goe gelooss a gesinn hunn, datt déi däischter Wollek sech verdeelt hat a si net méi iwwerschwemmt huet, kuckt, do hunn si gesinn, datt si, jo, eng jiddwer Séil, vun enger Feierseil ëmschloss ware.

44 An den Nephi an de Lehi ware matzen ënnert hinnen; jo, si waren ëmschloss, jo, et war, wéi wann si matzen an engem flamende Feier wieren, an awer huet et hinne kee Leed gemaach, och huet et d’Mauere vum Prisong net ugegraff; a si ware vun där Freed erfëllt, déi onausspriechlech a voller Herrlechkeet ass.

45 An kuckt, den Hellege Geescht vu Gott ass vum Himmel erofkomm, an ass an hir Häerzer erakomm, an si goufen erfëllt wéi mat Feier, a si konnte wonnerbar Wierder schwätzen.

46 An et huet sech erginn: Et ass eng Stëmm u si ergaangen, jo, eng angeneem Stëmm wéi ee Flüsteren, nämlech:

47 Fridden, Fridde sief mat iech wéinst ärem Glawen u meng Léif, dee vun der Grondleeung vun der Welt u war.

48 An elo, wéi si dëst héieren hunn, hunn si hir Aen opgehuewen, als wéilten si gesinn, wouhier déi Stëmm koum; a kuckt, si hunn den Himmel op gesinn; an Engele koumen aus dem Himmel erof an hunn hinne gedéngt.

49 An et waren an di dräihonnert Séilen, déi dëst gesinn an héieren hunn; an et gouf hinnen operluecht, datt si higoen an sech net verwonnere sollten, och sollten si net zweiwelen.

50 An et huet sech erginn: Si sinn higaangen an hunn dem Vollek gedéngt, andeems si an alle Gebitter ronderëm dat verkënnegt hunn, wat si héieren a gesinn haten, sou vill, datt si de gréissten Deel vun de Lamaniten iwwerzeegt hunn, nämlech well d’Beweiser, déi si empfaangen haten, esou groussaarteg waren.

51 An alleguerten, déi iwwerzeegt waren, hunn hir Krichswaffen ofgeluecht, och hiren Haass an d’Traditioune vun hire Pappen.

52 An et huet sech erginn: Si hunn den Nephiten d’Lännereie vun hirem Besëtz ofginn.