Scriptures
Helaman 12


12. Kapitel

D’Mënschen sinn onbestänneg an domm a séier fir Béises ze maachen—Den Här bestrooft säi Vollek—D’Näischt vun de Mënsche gëtt mat der Muecht vu Gott verglach—Um Dag vum Urteel kréien d’Mënschen éiwegt Liewen oder éiweg Verdaamt. Ongeféier 6 v. Chr.

1 An esou kënne mir erkennen, wéi falsch an och wéi knaschteg d’Mënschekanner am Häerz sinn; jo, mir kënne gesinn, datt den Här a senger groussen, onendleche Guttheet déijéineg séint an et hinne wuel ergoe léisst, déi hiert Vertrauen an hie setzen.

2 Jo, a mir kënnen zu där Zäit gesinn, wou hie sengem Vollek Erfolleg bréngt, jo, an der Erhéijung vun hire Felder, hire Schof an hiren Hënn, a Gold, a Sëlwer, a jiddwer wäertvoll Saache vun all Zort a Konscht; hie verschount hiert Liewen a befreit si aus den Hänn vun hire Feinde; hien erweecht d’Häerzer vun hire Feinde, sou datt si keng Kricher géint si deklaréieren; jo, a schliisslech alles fir d’Wuelbefannen a Gléck vu sengem Vollek maachen; jo, dann ass d’Zäit, wou si hir Häerzer verhäerten, an den Här, hire Gott, vergiessen, an den Hellegen ënnert hire Féiss zertrëppelen—jo, an dat wéinst hirer Rou an hirem aussergewéinlech grousse Wuelstand.

3 An esou gesi mir, datt ausser wann den Här säi Vollek mat ville Ploe bestrooft, jo, ausser hie besicht si mat Doud a mat Terror, a mat Hongersnout a mat all Zorte vu Pescht, si sech net un hien erënneren.

4 O wéi domm a wéi stolz a wéi béis a verdäiwelt a wéi schnell, Ongerechtegkeeten ze maachen, a wéi lues, Guddes ze maachen, sinn dach d’Mënschekanner, jo, wéi schnell, op d’Wierder vum Béisen ze lauschteren an hiert Häerz op Näischnotzegkeete vun der Welt ze setzen!

5 Jo, wéi schnell, am Stolz iwwerhieflech ze ginn, jo, wéi schnell, sech ze bretzen an alles ze maachen, wat ongerecht ass; a wéi lues sinn si awer, dem Här, hirem Gott, ze gedenken a senge Rotschléi Gehéier ze schenken, jo, wéi lues, op de Weeër vun der Weisheet ze wandelen!

6 Kuckt, si wënschen net, datt den Här, hire Gott, deen si erschaf huet, iwwert si herrscht a regéiert; onbeuecht senger grousse Guttheet a senger Baarmhäerzegkeet hinne géigeniwwer, uechten si seng Rotschléi fir näischt a wëllen net, datt hien si lenkt.

7 O wéi grouss ass d’Näischnotzegkeet vun de Mënschekanner; jo, si si souguer manner wéi de Stëbs vun der Äerd.

8 Well kuckt, de Stëbs vun der Äerd beweegt sech heihinner an dohinner, fir sech op d’Gebot vun eisem groussen an éiwege Gott hin ze verdeelen.

9 Jo, kuckt, op seng Stëmm hin zidderen a biewen d’Hiwwelen an d’Bierger.

10 An duerch d’Muecht vu senger Stëmm zerbriechen se a gi flaach, jo, wéi een Dall.

11 Jo, duerch d’Muecht vu senger Stëmm bieft déi ganz Äerd;

12 Jo, duerch d’Muecht vu senger Stëmm, wackelen d’Fundamenter, souguer bis an d’Mëtt.

13 Jo, a wann hien zur Äerd sprécht—Beweeg dech—sou beweegt se sech.

14 Jo, wann hien zur Äerd sprécht—Du solls dech zeréck wennen, sou datt den Dag ëm vill Stonne verlängert wier—sou geschitt et;

15 an esou wennt sech d’Äerd no sengem Wuert zeréck, an et erschéngt dem Mënsch, als géif d’Sonn stëll stoen; jo, a kuckt, dëst ass esou; well gewëss ass et d’Äerd, déi sech beweegt, an net d’Sonn.

16 A weider, wann hien zu de Waasser vun der groussen Déift seet—Dréchent aus—sou geschitt et.

17 Kuckt, wann hien zu dësem Bierg seet—Erhief dech a komm eriwwer a fal iwwer dës Stad, datt se begruewe wier—sou geschitt et.

18 A kuckt, wann ee Mënsch ee Schatz an der Äerd verstoppt an den Här sprécht: Verflucht soll e si wéinst den Ongerechtegkeete vun deem, deen e verstoppt huet—kuckt, sou wäert e verflucht sinn.

19 A wann den Här seet—Sief verflucht, sou datt kee Mënsch dech fanne kann elo a fir ëmmer—kuckt, sou kritt e kee Mënsch, elo a fir ëmmer.

20 A kuckt, wann den Här zu engem Mënsch sprécht: Wéinst dengen Ongerechtegkeete solls du verflucht si fir ëmmer—sou wäert et geschéien.

21 A wann den Här seet—Wéinst dengen Ongerechtegkeete solls du aus menger Géigewaart ewech gewëscht sinn—sou wäert hien et esou geschéie loossen.

22 A Wéi deem, zu deem hien dëst sprécht; well wien Ongerechtegkeete mécht, deem wäert dëst geschéien, an hie kann net erléist ginn; dofir, fir datt d’Mënschen erléist kënne ginn, ass Ëmkéiert verkënnegt ginn.

23 Dofir sinn déi geséint, déi ëmkéieren an op d’Stëmm vum Här, hirem Gott, lauschtere wëllen; well si sinn et, déi erléist solle ginn.

24 A géif Gott a senger grousse Fëllt et erlaben, datt d’Mënschen zur Ëmkéiert an zu gudde Wierker bruecht ginn, datt si der Gnod ëm Gnod zeréckgewonne ginn, no hire Wierker.

25 An ech wëll, datt all Mënschen erléist géifen. Mee mir liesen, datt et um groussen a leschtem Dag e puer wäert ginn, déi verstouss ginn, jo, déi aus der Géigewaart vum Här ausgestouss ginn,

26 jo, déi engem Zoustand vu Misär ouni Enn iwwerliwwert ginn, sou datt sech d’Wierder erfëllen, déi do heeschen: Wie Guddes gemaach huet, wäert éiwegt Liewen hunn, a wie Béises gemaach huet, wäert éiwegt Verdaamtes hunn. An esou ass et. Amen.