Scriptures
Helaman 13


D’Prophezeiung vum Samuel, dem Lamanit, un d’Nephiten.

Besteet aus de Kapitelen 13 bis 15.

13. Kapitel

De Samuel, de Lamanit, prophezeit d’Zerstéierung vun den Nephiten, ausser si kéieren ëm—Si an hire Räichtum si verflucht—Si verwerfen a stengegen d’Propheten, si si vun Dämonen ëmginn a sichen hiert Gléck andeems si Ongerechtegkeete maachen. Ongeféier 6 v. Chr.

1 An et huet sech awer erginn: Am sechsanachzegte Joer sinn d’Nephiten nach ëmmer a Béist verbliwwen, jo, a grousser Béist, wärend d’Lamanite streng dorobber beduecht waren, d’Geboter Gottes nom Gesetz vum Moses ze halen.

2 An et huet sech erginn: An dësem Joer gouf et ee gewësse Samuel, ee Lamanit, deen an d’Land Zarahemla komm ass an ugefaangen huet, dem Vollek ze priedegen. An et huet sech erginn: Vill Deeg laang huet hien dem Vollek Ëmkéiert gepriedegt, a si hunn hie verstouss, an hie war dorunner, a säin eegent Land zeréck ze kéieren.

3 Mee kuckt, d’Stëmm vum Här ass un hie gaangen, hie sollt erëm zeréck kommen an dem Vollek alles prophezeien, wat him an d’Häerz kéim.

4 An et huet sech erginn: Si wollten net zouloossen, datt hien an hir Stad kéim; dofir ass hien higaangen an huet sech op d’Mauer gestallt an d’Hand ausgestreckt a mat haarder Stëmm geruff an dem Vollek alles prophezeit, wat den Här him an d’Häerz ginn huet.

5 An hien huet zu hinne gesprach: Kuckt, ech, de Samuel, ee Lamanit, schwätzen déi Wierder vum Här, déi hie mir an d’Häerz gëtt; a kuckt, hien huet mir an d’Häerz ginn, datt ech dësem Vollek soen, datt d’Schwäert vun der Gerechtegkeet iwwer dësem Vollek hänkt; a keng véierhonnert Joer wäerte vergoen, bis datt d’Schwäert vun der Gerechtegkeet op dëst Vollek fält.

6 Jo, schwéier Zerstéierung erwaart dëst Vollek, a se wäert gewëss iwwer dëst Vollek kommen, an näischt kann dëst Vollek retten ausser Ëmkéiert a Glawen un den Här Jesus Christus, dee gewëss an d’Welt kommen a villes leiden a sech fir säi Vollek ëmbrénge loosse wäert.

7 A kuckt, een Engel vum Här huet et mir verkënnegt, an hien huet menger Séil frou Noriicht bruecht. A kuckt, ech sinn zu iech geschéckt ginn, fir et iech och ze verkënnegen, fir datt dir déi frou Noriicht hutt; mee kuckt, dir wollt mech net empfänken.

8 Dofir, sou seet den Här: Wéinst der Häert vum Häerz vum Vollek vun den Nephitë wäert ech mäi Wuert vun hinnen ewechhuelen, ausser si kéieren ëm; an ech wäert mäi Geescht vun hinnen zeréckzéien a wäert si net méi laang erdroen, an ech wäert d’Häerz vun hire Bridder géint si wennen.

9 A keng véierhonnert Jore solle vergoen, datt ech si schloe loosse wäert; jo, ech wäert si mam Schwäert a mat Hongersnout a mat Pescht heemsichen.

10 JJo, ech wäert si a menger grausamer Roserei besichen, an et wäerten déi vun der véierter Generatioun sinn, déi liewen, vun äre Feinde, fir är komplett Zerstéierung ze gesinn; an dëst wäert sécherlech geschéien, ausser dir kéiert ëm, seet den Här; an déi vun der véierter Generatioun wäerten är Zerstéierung besichen.

11 Awer wann dir ëmkéieren an zum Här, zu ärem Gott, zeréck kéiere wëllt, wäert ech meng Roserei of wennen, sprécht den Här; jo, sou seet den Här: Geséint sinn, déi ëmkéieren a sech mir zouwennen, awer Wéi deem, deen net ëmkéiert.

12 Jo, Wéi dëser grousse Stad Zarahemla; well kuckt, se ass nëmme wéinst deene gerett, déi gerecht sinn; jo, Wéi dëser grousse Stad, well ech bemierken, sprécht den Här, datt et der vill ginn, jo, de gréisseren Deel vun dëser grousse Stad, déi hiert Häerz géint mech verhäerten, seet den Här.

13 Awer geséint sinn, déi ëmkéiere wëllen, well ech wäert si verschounen. Mee kuckt, wann et net wéinst de Gerechte wär, déi an dëser grousse Stad sinn, kuckt, ech géif Feier vum Himmel erofkomme loossen an se zerstéieren.

14 Mee kuckt, et ass wéinst de Gerechten, datt se verschount gëtt. Mee kuckt, d’Zäit kënnt, sprécht den Här, wou dir déi Gerecht vun iech ausstousse wäert, an da wäert dir räif si fir d’Zerstéierung; jo, Wéi dëser grousse Stad wéinst der Béist an den Ascheilechkeeten, déi doranner sinn.

15 Jo, a Wéi der Stad Gideon wéinst der Béist an den Abscheilechkeeten, déi doranner sinn.

16 Jo, a Wéi alle Stied, déi am Land ronderëm sinn, déi vun den Nephite bewunnt sinn, wéinst der Béist an den Abscheilechkeeten, déi doranner sinn.

17 A kuckt, ee Fluch wäert iwwer d’Land kommen, seet den Här vun den Arméien, wéinst dem Vollek, dat an deem Land ass, jo, wéinst hirer Béist an hiren Abscheilechkeeten.

18 An et wäert sech erginn, seet den Här vun den Arméien, jo, eise groussen a wierkleche Gott: Wie Schätz an der Äerd verstoppt, wäert se net méi erëm fanne wéinst dem grousse Fluch um Land, ausser hie wier ee gerechte Mann a verstoppt se fir den Här.

19 Well ech wëll, seet den Här, datt si hir Schätz mir verstoppen; a verflucht sinn déi, déi hir Schätz mir net verstoppen; well kee verstoppt seng Schätz mir ausser de Gerechten; a wien seng Schätz mir net verstoppt, verflucht ass hien, an och de Schatz, a kee wäert en zeréck erléise wéinst dem Fluch um Land.

20 An den Dag wäert kommen, wou si hir Schätz verstoppen, well si hiert Häerz op Räichtemer gesat hunn; a well si hiert Häerz op Räichtemer gesat hunn, wäerten si hir Schätz verstoppen, wann si virun hire Feinde fortlafen; a well si se net fir mech verstoppen, sinn si an och hir Schätz verflucht; an un deem Dag wäerten si geschloe ginn, sprécht den Här.

21 Kuckt, dir Vollek vun dëser grousse Stad, a lauschtert op meng Wierder; jo, lauschtert op d’Wierder, déi den Här seet; well kuckt, hie sprécht, datt dir wéinst äre Räichtemer verflucht sidd, an och är Räichtemer si verflucht, well dir äert Häerz op se gesat hutt an net op d’Wierder vun deem gelauschtert hutt, deen iech se ginn huet.

22 Dir denkt net un den Här, äre Gott, an de Saachen, mat deenen hien iech geséint huet, mee dir denkt ëmmer un äre Räichtum, net fir dem Här, ärem Gott, dofir ze danken; jo, är Häerzer sinn net zum Här higezunn, mee si schwëlle vu groussem Stolz op, bis zum Bretzen a groussem Uschwëllen, Näid, Sträit, Béiswëllegt, Verfollgungen a Morden, an all Zorte vun Ongerechtegkeeten.

23 Aus dësem Grond huet den Här Gott ee Fluch iwwer d’Land komme gelooss, och iwwert är Räichtemer, an dëst wéinst ären Ongerechtegkeeten.

24 Jo, Wéi dësem Vollek, well elo d’Zäit komm ass, wou dir d’Propheten ausstousst a si verspott a Steng no hinne geheit a si ëmbréngt an hinnen allerhand Ongerechtegkeeten undot, wéi si et och an aler Zäit gemaach hunn.

25 Wann dir awer schwätzt, sou sot dir: Wann eis Deeg an den Deeg vun eise Pappe gewiescht wieren, hätte mir d’Propheten net ëmbruecht; mir hätten si net gestengegt an ausgestouss.

26 Kuckt, dir sidd schlëmmer wéi si; well esou wouer den Här lieft, wann ee Prophet ënnert iech optrëtt an iech d’Wuert vum Här verkënnegt, dat vun äre Sënden an Ongerechtegkeeten temoignéiert, da sidd dir rosen op hien a stousst hien aus a sicht hien op allerhand Weis ze vernichten; jo, dir sot, hie wier ee falsche Prophet an hie wier ee Sënder a vum Däiwel, well hien temoignéiert, datt är Akte béis sinn.

27 Mee kuckt, wann e Mann bei iech kënnt a seet: Maacht dat, an et gëtt keng Ongerechtegkeet; maacht dat, an dir wäert net leiden; jo, hie wäert soen: Gitt nom Stolz vun ärem eegenen Häerz; jo, gitt nom Stolz vun ären Aen, a maacht wat äert Häerz sech wënscht—a wann e Mann bei iech kënnt a seet dat, da wäert dir hien ophuelen, a soen, datt hien e Prophet ass.

28 Jo, dir erhieft hien, a gitt him vun ärem Besëtz; dir gitt him vun ärem Gold a vun ärem Sëlwer, an dir kleet hie mat kostbarem Kleed; a well hien zu iech fladdereg Wierder seet a sprécht, alles wier wuel, hutt dir un him näischt auszesetzen.

29 O dir béis a pervers Generatioun, dir haart an tockskäppegt Vollek, wéi laang, mengt dir, wäert den Här iech erdroen? Jo, wéi laang wëllt dir iech vun topegen a blanne Führer leede loossen? Jo, wéi laang wëllt dir léiwer d’Däischtert wielen ewéi d’Luucht?

30 Jo, kuckt, d’Roserei vum Här ass scho géint iech entflaamt; kuckt, hien huet d’Land wéinst ären Ongerechtegkeete verflucht.

31 A kuckt, d’Zäit kënnt, wou hien är Räichtemer verflucht, datt se iech entwutschen, sou datt dir se net hale kënnt; an an den Deeg vun ärer Aarmut kënnt dir se net festhalen.

32 An an den Deeg vun ärer Aarmut wäert dir zum Här jäizen; an dir wäert fir näischt jäizen, well är Verwüüstung ass schonn iwwert iech komm, an är Zerstéierung ass sécher; an da wäert dir un deem Dag kräischen an huerelen, seet den Här vun den Arméien. An da wäert dir lamentéieren a spriechen:

33 O datt ech Ëmkéiert geüübt an d’Propheten net ëmbruecht hätt, si net gestengegt an ausgestouss hätt. Jo, un deem Dag wäert dir soen: O datt mir dem Här, eisem Gott, geduecht hätten un deem Dag, wou hien eis ons Räichtemer ginn huet, da wären se eis net entwutscht, sou datt se eis verluere misste goen; well kuck, eis Räichtemer si vun eis gaangen.

34 Kuck, mir leeën een Instrument op d’Säit, an den aneren Dag ass et fort; a kuck, eis Schwäerter kommen eis um selwechten Dag ewech, wou mir se fir de Kampf ervir gesicht hunn.

35 Jo, mir hunn eis Schätz verstoppt, a se sinn eis entwutscht—wéinst dem Fluch um Land.

36 O datt mir Ëmkéiert geüübt hätten un deem Dag, wou d’Wuert vum Här un eis gaangen ass; well kuck, d’Land ass verflucht, an alles ass esou ginn, datt et eis entwutscht, a mir kënnen et net halen.

37 Kuck, mir si vun Demonen ëmginn, jo, mir si vun den Engele vun deem gefaange geholl, deen duerno sicht, eis Séil ze vernichten. Kuck, eis Ongerechtegkeete si grouss. Oh, Här, kanns du net deng Roserei of wenne vun eis? An dëst wäert an deenen Deeg är Sprooch sinn.

38 Mee kuckt, är Deeg vun der Probatioun sinn eriwwer; dir hutt den Dag vun ärer Erléisung reportéiert, bis et fir ëmmer ze spéit ass, an är Vernichtung ass sécher; jo, well dir hutt all Deeg vun ärem Liewen no deem gesicht, wat dir net kréie konnt; an dir hutt d’Gléck doranner gesicht, datt dir Ongerechtegkeete gemaach hutt, an dat ass géint d’Natur vun där Gerechtegkeet, déi dem Groussen an Éiwegen, deen eist Haapt ass, banne wunnt.

39 O dir Vollek vum Land, datt dir dach meng Wierder héiert! An ech bieden, datt d’Roserei vum Här sech vun iech of wenne kéint an datt dir ëmkéieren an erléist kéint ginn.