Scriptures
Helaman 10


10. Kapitel

Den Här gëtt dem Nephi d’Versigelungs-Muecht—Hie kritt d’Muecht, fir op der Äerd an am Himmel ze bannen an ze léisen—Hie befielt dem Vollek, ëmzekéieren oder ëmzekommen—De Geescht dréit hie vu Mënschemass zu Mënschemass. Ongeféier 21–20 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Ënnert dem Vollek koum et zu enger Deelung, sou datt si sech heihinner an dohinner gedeelt hunn an hirer Wee gaange sinn, a si hunn den Nephi eleng gelooss, wéi hien an hirer Mëtt dostoung.

2 An et huet sech erginn: Den Nephi huet säi Wee zu sengem eegenen Haus geholl an huet iwwer dat nogeduecht, wat den Här him gewisen hat.

3 An et huet sech erginn, wéi hien esou nogeduecht huet—ganz depriméiert war hie wéinst der Béist vum Vollek vun den Nephiten, hire geheime Wierker vun der Däischtert, an hire Morden, an hirem Stielen, an all Zorte vun Ongerechtegkeeten—an et huet sech erginn, wéi hien esou a sengem Häerz nogeduecht huet, kuckt, eng Stëmm koum zu him a sot:

4 Geséint bass du, Nephi, ëm dat, wat s du gemaach hues; well ech hu gesinn, wéi s du dësem Vollek ouni midd ze ginn d’Wuert verkënnegt hues, dat ech dir ginn hunn. An du hues si net gefaart; du hues net däin eegent Liewen am A gehat, mee mäi Wëllen an datt s du meng Geboter häls.

5 An elo, well s du dëst esou ouni midd ze gi gemaach hues, kuck, sou wëll ech dech séine fir ëmmer; an ech wëll dech mächteg maachen am Wuert an am Maachen, am Glawen an a Wierker; jo, sou datt dir alles no dengem Wuert geschitt, well du solls näischt bieden, wat géint mäi Wëllen ass.

6 Kuck, du bass den Nephi, an ech si Gott. Kuck, ech verkënnegen dir an der Géigewaart vu mengen Engelen, datt s du Muecht wäerts hunn iwwer dëst Vollek an datt s du d’Äerd mat Hongersnout schloe wäerts, mat Pescht an Zerstéierung, no der Béist vun dësem Vollek.

7 Kuckt, ech ginn iech d’Muecht, datt alles, wat dir op der Äerd versigelt, am Himmel versigelt gëtt; a wat dir op der Äerd léist, am Himmel geléist gëtt; an esou wäert dir Muecht ënnert dësem Vollek hunn.

8 A wann s du zu dësem Tempel soe wäerts, e soll an zwee briechen, sou wäert et geschéien.

9 A wann s du zu dësem Bierg soe wäerts: Stierz nidder a sief platt, sou wäert et geschéien.

10 A kuck, wann s du soe wäerts, Gott soll dëst Vollek schloen, sou wäert et sech erginn.

11 An elo kuck, ech kommandéieren dir, hinzegoen an dësem Vollek ze verkënnegen: Sou seet den Här Gott, deen den Allmächtegen ass: Wann dir net ëmkéiert, wäert dir geschloe ginn, jo, bis zur Zerstéierung.

12 A kuckt, elo huet et sech erginn: Wéi den Här dës Wierder zum Nephi gesprach hat, huet dëse gestoppt an ass net zu sengem eegenen Haus gaangen, mee ass zu de Leit zeréckgaangen, déi sech iwwer d’Land verstreet haten, an huet ugefaangen, hinnen d’Wuert vum Här ze verkënnegen, dat zu him gesprach gi war, nämlech a Bezuch op hir Vernichtung, wann si net ëmkéiere géifen.

13 An elo kuckt, onbeuecht dem grousse Wonner, dat den Nephi vollbruecht hat, andeems hien hinne vum Doud vum Ieweschte Riichter erzielt hat, hunn si hiert Häerz verhäert an hunn net op d’Wierder vum Här gelauschtert.

14 Dofir huet den Nephi hinnen d’Wuert vum Här verkënnegt, nämlech: Wann dir net ëmkéiert, sou seet den Här, wäert dir geschloe ginn, jo, bis zur Vernichtung.

15 An et huet sech erginn: Wéi den Nephi hinnen d’Wuert verkënnegt hat, kuckt, do hunn si hiert Häerz nach ëmmer verhäert a wollten net op seng Wierder lauschteren; dofir hunn si hie veruecht an duerno gesicht, Hand un hien ze leeën, fir hien an de Prisong ze geheien.

16 Mee kuckt, d’Muecht Gottes war mat him, a si konnten hien net ergräifen, fir hien an de Prisong ze geheien, well hie gouf vum Geescht ewechgeholl an aus hirer Mëtt gefouert.

17 An et huet sech erginn: Sou ass hien higaangen am Geescht, vu vill Leit zu vill Leit, an huet d’Wuert Gottes verkënnegt, jo, bis hien et hinnen alleguerte verkënnegt hat oder ënnert all Vollek geschéckt hat.

18 An et huet sech erginn: Si wollten net op seng Wierder lauschteren; an et hu Streidereien ënnert hinnen ugefaangen, sou vill, datt si ënnereneen oneeneg goufen an ugefaangen hunn, een den anere mam Schwäert ëmzebréngen.

19 An esou ass dat eenasiwwenzegt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen.