9. Kapitel
D’Kinnekräich gëtt duerch Ierfschaft, Intrigen a Mord vun engem op deen anere weiderginn—Den Emer huet de Jong vun der Gerechtegkeet gesinn—Vill Prophete ruffen zur Ëmkéiert—Eng Hongersnout a gëfteg Schlaange ploen d’Vollek.
1 An elo fueren ech, de Moroni, weider mat mengem Bericht. Dofir kuckt, et huet sech erginn: Wéinst de geheime Verbindunge vum Akish a senge Frënn—kuckt, si hunn d’Räich vum Omer gestierzt.
2 Mee den Här war zum Omer baarmhäerzeg, och zu senge Jongen an Duechteren, déi net no senger Vernichtung gesicht hunn.
3 An den Här huet den Omer an engem Dram gewarnt, fir datt hien ausser Landes sollt goen; dofir ass den Omer mat senger Famill ausser Landes gaangen an ass vill Deeg laang gewandert an ass eriwwergaangen, laanscht den Hiwwel Schim, an ass un déi Plaz eriwwer komm, wou d’Nephite vernicht goufen a vun do aus ëstlech, a koum un een Uert, deen Ablom genannt gouf, un d’Mieresküst, an do huet hien säin Zelt opgebaut, genausou seng Jongen an Duechteren a säi ganzen Haushalt, ausser de Jared a seng Famill.
4 An et huet sech erginn: De Jared gouf duerch d’Hand vun der Béist zum Kinnek iwwer d’Vollek gesalleft; an hien huet dem Akish seng Duechter zur Fra ginn.
5 An et huet sech erginn: Den Akish huet sengem Schwéierpapp nom Liewe getruecht; an hien huet sech un déijéineg gewannt, déi hie mam Eed vun den Alen ageschwuer hat, a si hunn sech de Kapp vu sengem Schwéierpapp geholl, wéi hien op sengem Troun souz a sengem Vollek Audienz erdeelt huet.
6 Well esou grouss war d’Verbreedung vun dëser béisen a geheime Gesellschaft, datt se ënnert allem Vollek d’Häerz verduerwen hat; dofir gouf de Jared op sengem Troun ermort, an den Akish huet a senger Plaz regéiert.
7 An et huet sech erginn: Den Akish huet ugefaangen, op säi Jong jalous ze sinn, dofir huet hien en an de Prisong agespaart an huet hie bei wéineg oder guer kengem Iesse festgehalen, bis hien den Doud gelidden hat.
8 Elo awer war de Brudder vun deem, deen den Doud gelidden huet, (a säin Numm war Nimra) rosen op säi Papp dowéinst, wat de Papp sengem Brudder gemaach hat.
9 An et huet sech erginn: Den Nimra huet sech eng kleng Unzuel vu Männer zesummegesammelt an ass aus dem Land fortgelaf an ass eriwwer komm an huet beim Omer gewunnt.
10 An et huet sech erginn: Den Akish huet weider Jonge prokreéiert, a si hunn d’Häerz vum Vollek gewonnen, onofhängeg vun deem, datt si him geschwuer haten, allerhand Ongerechtegkeeten ze begoen, no deem, wat hie verlaangt huet.
11 D’Vollek vum Akish awer huet sech Gewënn gewënscht, sou wéi den Akisch no Muecht verlaangt huet; dofir hunn d’Jonge vum Akish hinne Geld ugebueden, an duerch dëst Mëttel hunn si de gréissten Deel vum Vollek zu sech eriwwer gezunn.
12 An tëschent de Jonge vum Akish an dem Akish selwer huet ee Krich ugefaangen, dee vill Jore laang gedauert huet, jo, bis zur Vernichtung vu bal dem ganze Vollek am Räich, jo, alleguerten ausser drësseg Séilen an deenen, déi mam Haus Omer fortgelaf waren.
13 Dofir gouf den Omer erëm an d’Land vu senger Ierfschaft gefouert.
14 An et huet sech erginn: Den Omer huet ugefaangen, al ze sinn; mee a sengem héijen Alter huet hien den Emer prokreéiert; an hien huet den Emer zum Kinnek gesalleft, datt hien a senger Plaz regéiere sollt.
15 An nodeems hien den Emer zum Kinnek gesalleft huet, huet hien nach zwee Joer laang Fridden am Land gesinn, an nodeems hien immens vill Deeg gesinn hat, déi voller Trauer waren, ass hie gestuerwen. An et huet sech erginn: Den Emer huet a senger Plaz regéiert an huet sengem Papp säi Posten ugetrueden.
16 An den Här huet erëm ugefaangen, de Fluch vum Land ewechzehuelen, an d’Haus Emer ass ënnert dem Emer senger Regierung iwwer d’Moossen opgebléit; an ënnerhalb vun zweeasiechzeg Jore waren si immens staark ginn, sou vill, datt si immens räich goufen—
17 A si haten allerhand Uebst a Getreider a Seid a fein Saachen a Gold a Sëlwer a wäertvoll Saachen;
18 an och allerhand Rënd an Ochsen a Kéi a Schof a Schwäin a Geessen a vill aner Aarte vun Déieren, déi fir d’Iesse vum Mënsch nëtzlech waren.
19 A si haten och Päerder an Ieselen, an et goufen Elefanten a Kurelomen a Kumonen; alleguerte vun hinne waren dem Mënsch nëtzlech, besonnesch awer d’Elefanten an d’Kurelomen an d’Kumomen.
20 An esou huet den Här seng Seenungen iwwer dëst Land aus gegoss, dat virun allen anere Länner auserwielt ass; an hien huet gebueden, datt, wien d’Land besëtzt, et fir den Här besëtzt, soss géifen si vernicht ginn, wann si an den Ongerechtegkeete räif wären; well iwwer souer, seet den Här, wëll ech d’Fëllt vu menger Roserei ausgéissen.
21 An den Emer huet all seng Deeg Geriicht mat Gerechtegkeet gehalen, an hien huet vill Jongen an Duechtere prokreéiert; an hien huet de Koriantum prokreéiert, an hien huet de Koriantum gesalleft, datt hien a senger Plaz regéiere sollt.
22 An nodeems hien de Koriantum gesalleft hat, datt hien a senger Plaz regéiere sollt, huet hien nach véier Joer laang gelieft, an hien huet Fridden am Land gesinn; jo, an hien huet souguer de Jong vun der Gerechtegkeet gesinn an huet sech gefreet an huet sech herrlech a sengem Dag gefillt; an hien ass a Fridde gestuerwen.
23 An et huet sech erginn: De Koriantum huet esou ewéi säi Papp gemaach an huet vill mächteg Stied gebaut an huet sengem Vollek dat bléie gelooss, wat gutt war, all seng Deeg. An et huet sech erginn: Hien hat keng Kanner, bis hien immens al gi war.
24 An et huet sech erginn: Seng Fra ass gestuerwen, a si war eenhonnertanzwee Joer al. An et huet sech erginn: A sengem héijen Alter huet de Koriantum ee jonkt Meedchen zur Fra geholl an huet Jongen an Duechtere prokreéiert; an esou huet hie gelieft, bis hien eenhonnertzweeavéierzeg Joer al war.
25 An et huet sech erginn: Hien huet de Kom prokreéiert, an de Kom huet a senger Plaz regéiert; an hien huet néngavéierzeg Joer laang regéiert, an hien huet den Het prokreéiert; an hien huet och aner Jongen an Duechtere prokreéiert.
26 An d’Vollek hat sech erëm iwwer d’ganzt Land ausgebreet, an et huet am Land erëm eng ganz grouss Béist ugefaangen, an den Het huet ugefaangen, sech erëm de geheime Pläng aus aler Zäit zouzewennen, fir säi Papp ze vernichten.
27 An et huet sech erginn: Hien huet säi Papp enttrount, well hien huet en ëmbruecht mat sengem eegene Schwäert; an hien huet a senger Plaz regéiert.
28 An et koumen erëm Propheten an d’Land, déi zur Ëmkéiert geruff hunn—datt een de Wee vum Här bereede misst, soss wäert ee Fluch iwwer d’Land kommen; jo, et géif eng grouss Hongersnout ginn, duerch déi si vernicht wäerte ginn, wann si net ëmkéiere sollten.
29 Mee d’Vollek huet de Wierder vun de Propheten net gegleeft, mee si hunn si ausgestouss; a si hunn e puer vun hinnen a Grief geworf an doranner ëmkomme gelooss. An et huet sech erginn: All dëst hunn si gemaach nom Gebot vum Kinnek Het.
30 An et huet sech erginn: Et huet eng grouss Hongersnout am Land ugefaangen, an dowéinst hunn d’Bewunner ugefaangen, immens schnell ëmzegoen, well et gouf kee Reen op der Uewerfläch vun der Äerd.
31 An am Land koumen och Gëftschlaangen ervir, déi vill Vollek vergëft hunn. An et huet sech erginn: Hir Häerden hunn ugefaangen, virun de Gëftschlaangen an d’Land südlech fortzelafen, dat vun den Nephiten Zarahemla genannt gouf.
32 An et huet sech erginn: Et sinn der vill vun hinnen, déi um Wee ëmkomm sinn; awer sinn et der e puer, déi an d’Land südlech fortgelaf sinn.
33 An et huet sech erginn, datt den Här d’Schlaangen net méi de Leit verfollege gelooss huet, mee datt si de Wee blockéiert hunn, sou datt d’Vollek net konnt passéieren, an déi, déi probéiert hunn duerchzekommen, duerch déi gëfteg Schlaange gestuerwe sinn.
34 An et huet sech erginn: D’Vollek ass der Weis vun de wëllen Déieren nogaangen an hunn d’Läiche vun deene verschlongen, déi um Wee gefall waren, bis si se alleguerte verschlongen haten. Wéi awer d’Mënsche gesinn hunn, datt si ëmkomme missten, hunn si ugefaangen, vun hiren Ongerechtegkeeten ëmzekéieren an zum Här ze jäizen.
35 An et huet sech erginn: Wéi si sech virum Här genuch humiliéiert haten, huet hie Reen op d’Uewerfläch vun der Äerd erof geschéckt; an d’Vollek huet ugefaangen, erëm opzeliewen, an an den nërdleche Länner an an alle Länner ronderëm huet een erëm ugefaangen, Uebst ze hunn. An den Här huet hinnen seng Muecht gewisen, andeems hien si virun Hongersnout bewaart huet.