Scriptures
Ether 6


6. Kapitel

D’Jareditesch Schëffer gi vum Wand an dat versprachent Land gedriwwen—D’Vollek lueft den Här fir Seng Guttheet—Den Orihah gëtt zum Kinnek iwwert si ernannt—De Jared a säi Brudder stierwen.

1 An elo fueren ech, de Moroni, weider, vum Jared a sengem Brudder Bericht ze ginn.

2 Well et huet sech erginn: Nodeems den Här d’Steng prett gemaach hat, déi dem Jared säi Brudder op de Bierg eropgedroen hat, koum dem Jared säi Brudder vum Bierg erof an huet d’Steng an d’Gefierer geluecht, déi virbereet waren, een a jiddwer Enn dovunner; a kuckt, se goufen de Gefierer Luucht.

3 An esou huet den Här Steng an der Däischtert liichte gelooss, fir de Männer, Fraen a Kanner Luucht ze ginn, fir datt si déi grouss Waasser net an der Däischtert iwwerquiere missten.

4 An et huet sech erginn, datt, wéi si all Zorte vu Liewensmëttel virbereet haten, fir doduerch um Waasser ze subsistéieren, an och Liewensmëttel fir hir Schofshäerden an Häerden, an all Déier oder Gefligel, déi si mat sech huele sollten—an et huet sech erginn, datt, wéi si all dës Saache gemaach haten, si u Bord vun hire Schëffer oder Gefierer geklomme sinn a sinn an d’Mier gefuer, andeems si sech dem Här, hirem Gott, uvertraut hunn.

5 An et huet sech erginn: Den Här Gott huet ee vehemente Wand iwwer d’Waasser blose gelooss, zum versprachene Land hin; an esou goufen si op de Welle vum Mier hin an hir geworf.

6 An et huet sech erginn: Ganz dacks goufen si an den Déifte vum Mier begruewen, an zwar wéinst de Wellebierger, déi iwwer si era gebrach sinn, a wéinst de groussen a schrecklechen Onwieder, déi vun der Gewalt vum Wand verursaacht goufen.

7 An et huet sech erginn: Wéi si an der Déift begruewe waren, war do awer kee Waasser, wat hinne Schued gemaach huet, well hir Gefierer ware dicht ewéi eng Schossel, a si waren och dicht ewéi d’Arch vum Noah; wann si dofir vu ville Waasser ëmschloss waren, hunn si zum Här gejaut, an hien huet si erëm un d’Uewerfläch vum Waasser bruecht.

8 An et huet sech erginn: De Wand huet ni opgehalen, zum versprachene Land hin ze blosen, soulaang si um Waasser waren; an esou goufen si virum Wand hier gedriwwen.

9 A si hunn dem Här Luef gesongen; jo, dem Jared säi Brudder huet dem Här Luef gesongen; an hien huet dem Här Merci gesot an hien de ganzen Dag laang gelueft; a wéi d’Nuecht komm ass, hunn si net opgehalen, den Här ze luewen.

10 An esou goufen si hi gedriwwen; a kee Monster vum Mier konnt si zerstéieren, och kee Wal konnt hinnen eppes maachen; a si hate bestänneg Luucht, sief et iwwert dem Waasser oder ënner Waasser.

11 An esou goufen si hi gedriwwen, dräihonnertvéieravéierzeg Deeg laang um Waasser.

12 A si sinn un der Küst vum versprachene Land gelant. A wéi si d’Féiss op d’Küst vum versprachene Land gesat haten, hunn si sech op deem Land niddergeknéit a sech virum Här humiliéiert a vill Tréine vun der Freed virum Här vergoss, well hien hinnen op esou villfach Weis seng léif Baarmhäerzegkeet erwisen hat.

13 An et huet sech erginn: Si sinn ausgaangen iwwer d’Land an hunn ugefaangen, d’Land ze bebauen.

14 An de Jared hat véier Jongen; a si hunn Jacom a Gilgah a Mahah an Orihah geheescht.

15 An och dem Jared säi Brudder huet Jongen an Duechtere prokreéiert.

16 An d’Frënn vum Jared a sengem Brudder waren an di zweeanzwanzeg Séilen; an och si hunn Jongen an Duechtere prokreéiert, bevir si an d’versprachend Land koumen; an dofir hunn si ugefaangen, vill ze sinn.

17 A si goufe geléiert, bescheide virum Här ze wandelen; a si goufen och aus der Héicht beléiert.

18 An et huet sech erginn: Si hunn ugefaangen, sech iwwer d’Land auszebreeden an sech ze multiplizéieren an d’Äerd ze bebauen; a si hunn am Land staark zougeholl.

19 An de Jared säi Brudder huet ugefaangen, al ze sinn, an huet gesinn, datt hie gläich an d’Graf erof misst; dofir huet hien zum Jared gesprach: Looss eist Vollek versammelen, fir datt mir si zielen, fir datt mir vun hinne gewuer ginn, wat si sech vun eis wënschen, bevir mir an d’Graf erofginn.

20 An deementspriechend hunn sech d’Leit zesummegedoen. Elo awer hunn d’Jongen an d’Duechtere vum Jared sengem Brudder zweeanzwanzeg Séile gezielt; an d’Jongen an Duechtere vum Jared ware zwielef un der Zuel, an hien hat véier Jongen.

21 An et huet sech erginn: Si hunn hiert Vollek gezielt; an nodeems si si gezielt haten, wollten si vun hinne wëssen, wat si vun hinne gemaach wollten hunn, bevir si an d’Graf erofginn.

22 An et huet sech erginn: D’Vollek huet sech vun hinne gewënscht, si sollten ee vun hire Jonge sallefen, datt hie Kinnek iwwert si wier.

23 An elo kuckt, dëst huet hinne Wéi gedoen. An dem Jared säi Brudder huet zu hinne gesprach: Dat wäert gewëss zu Gefaangenschaft féieren.

24 Mee de Jared huet zu sengem Brudder gesprach: Looss si ee Kinnek hunn. An dofir huet hien zu hinne gesprach: Wielt iech aus eise Jongen ee Kinnek, jo, wien dir wëllt.

25 An et huet sech erginn: Si hunn sech den Éischtgebuerene vum Jared sengem Brudder gewielt, deem säin Numm Pagag war. An et huet sech erginn: Hien huet sech geweigert a wollt net hire Kinnek sinn. An d’Vollek huet gewollt, datt säi Papp hie forcéiert, mee säi Papp wollt net; an hien huet hinne gebueden, keen ze forcéieren, datt en hire Kinnek wier.

26 An et huet sech erginn: Si hunn sech all Bridder vum Pagag gewielt, mee si wollten net.

27 An et huet sech erginn: Och d’Jonge vum Jared wollten net, jo, keen, ausser engem; an den Orihah gouf zum Kinnek iwwer d’Vollek gesalleft.

28 An hien huet ugefaange mat regéieren, an d’Vollek huet ugefaangen opzebléien; a si sinn immens räich ginn.

29 An et huet sech erginn: De Jared ass gestuerwen an och säi Brudder.

30 An et huet sech erginn: Den Orihah ass bescheide virum Här gewandelt an huet dorunner geduecht, wat den Här Grousses fir seng Pappe gemaach hat, an hien huet och sengem Vollek geléiert, wat den Här Grousses fir hir Pappe gemaach hat.