Scriptures
Ether 10


10. Kapitel

Ee Kinnek follegt dem aneren no—E puer vun de Kinneken si gerecht, anerer si béis—Wa Gerechtegkeet herrscht, ginn d’Leit vum Här geséint a prosperéieren.

1 An et huet sech erginn, datt de Shez, deen en Nokomme vum Heth war—well den Heth duerch d’Hongersnout ëmkomm war, an all seng Famill, ausser de Shez; dofir huet de Shez ugefaangen, e gebrachent Vollek erëm opzebauen.

2 An et huet sech erginn: De Schez huet un d’Zerschloe vu senge Pappe geduecht, an hien huet ee gerecht Räich opgeriicht; well hien huet dorunner geduecht, wat den Här gemaach hat, wéi hien de Jared a säi Brudder iwwer d’Déift gefouert hat; an hien ass op de Weeër vum Här gaangen; an hien huet Jongen an Duechter prokreéiert.

3 A säin eelste Jong, deem säin Numm Schez war, huet sech géint hie rebelléiert; mee gouf de Schez wéinst sengem immens grousse Räichtum duerch d’Hand vun engem Raiber geschloen, wat sengem Papp erëm Fridde bruecht huet.

4 An et huet sech erginn: Säi Papp huet am Land vill Stied erriicht, an d’Vollek huet ugefaangen, sech iwwer d’ganzt Land auszebreeden. An de Schez huet bis zu engem immens héijen Alter gelieft; an hien huet de Riplakisch prokreéiert. An hien ass gestuerwen, an de Riplakisch huet a senger Plaz regéiert.

5 An et huet sech erginn: De Riplakisch huet net dat gemaach, wat an den Ae vum Här richteg war, well hien hat vill Fraen an Niewefraen, an hien huet de Mënschen op d’Schëllere geluecht, wat schmäerzlech ze droe war; jo, hien huet si mat schwéiere Steiere besteiert; a mat de Steieren huet hie vill grouss Gebaier gebaut.

6 An hien huet sech een immens schéinen Troun erriicht; an hien huet vill Prisonge gebaut, a wien sech de Steieren net ënnerwerfe wollt, deen huet hien an de Prisong geworf; a wien net amstand war, d’Steieren ze bezuelen, deen huet hien an de Prisong geworf; an huet huet gemaach, datt si bestänneg fir hiren Ënnerhalt geschafft hunn; a wien sech geweigert huet ze schaffen, deen huet hien hiriichte gelooss.

7 Dofir huet hien all seng fein Aarbechte kritt, jo, säi feint Gold huet hien am Prisong verfeinere gelooss, an allerhand fein Aarbecht huet hien am Prisong schaffe gelooss. An et huet sech erginn: Hien huet d’Vollek bedrängt mat senger Prostitutioun a sengen Abscheilechkeeten.

8 A wéi hien zweeavéierzeg Joer laang regéiert huet, huet d’Vollek géint hie rebelléiert; an et huet am Land ee Krich ugefaangen, jo, sou datt de Riplakisch ëmbruecht gouf a seng Nofollger aus dem Land gejot goufen.

9 An et huet sech erginn: No ville Joren huet de Morianton (deen een Nofollger vum Riplakisch war) eng Arméi vun Ausgestoussener gesammelt an ass higezunn an huet dem Vollek ee Kampf geliwwert; an hien huet Muecht iwwer vill Stied gewonnen; an de Krich gouf immens hefteg an huet vill Jore laang gedauert; an hien huet Muecht gewonnen iwwer d’ganzt Land an huet sech selwer als Kinnek iwwer d’ganzt Land gesat.

10 An nodeems hien sech selwer als Kinnek agesat hat, huet hien dem Vollek d’Laascht erliichtert, an doduerch huet hien an den Ae vum Vollek Gonscht kritt, a si hunn hien zu hirem Kinnek gesalleft.

11 An hien huet dem Vollek Gerechtegkeet bléie gelooss, net awer sech selwer—wéinst senger ville Prostitutioun; dofir gouf hien aus der Géigewaart vum Här ewech geschnidden.

12 An et huet sech erginn: De Morianton huet vill Stied gebaut, an d’Vollek gouf ënnert senger Regierung immens räich, souwuel u Gebaier wéi och u Gold a Sëlwer an am Ubau vu Getreider an u Schof a Rëndvéi an allem, wat hinnen erëm zoukomm war.

13 An de Morianton huet bis zu engem immens héijen Alter gelieft, an dann huet hien de Kim prokreéiert; an de Kim huet an der Plaz vu sengem Papp regéiert; an hien huet aacht Joer regéiert, a säi Papp ass gestuerwen. An et huet sech erginn: De Kim huet net a Gerechtegkeet regéiert, dofir gouf hie vum Här net begënschtegt.

14 A säi Brudder huet sech géint hie rebelléiert, wouduerch hien en a Gefaangenschaft bruecht huet; an hien ass all seng Deeg a Gefaangenschaft bliwwen; an hien huet a Gefaangenschaft Jongen an Duechtere prokreéiert, an a sengem héijen Alter huet hien de Levi prokreéiert; an hien ass gestuerwen.

15 An et huet sech erginn: De Levi ass nom Doud vu sengem Papp zweeavéierzeg Joer a Gefaangenschaft bliwwen. An hien huet Krich géint de Kinnek vum Land gefouert, wouduerch hien d’Land fir sech kritt huet.

16 An nodeems hien d’Räich fir sech kritt hat, huet hie gemaach, wat an den Ae vum Här richteg war; an dem Vollek ass et am Land wuel gaangen; an hien huet bis zu engem gudden Alter gelieft an huet Jongen an Duechtere prokreéiert; an hien huet och de Korom prokreéiert, deen a senger Plaz zum Kinnek gesalleft gouf.

17 An et huet sech erginn: All Deeg vu sengem Liewen huet de Korom gemaach, wat an den Ae vum Här gutt war; an hien huet vill Jongen an Duechtere prokreéiert; an nodeems hie vill Deeg gesinn hat, ass hie verscheet, jo, wéi alles Ierdesches ebe vergeet; an de Kish huet a senger Plaz regéiert.

18 An et huet sech erginn: De Kish ass och verscheet, an de Lib huet a senger Plaz regéiert.

19 An et huet sech erginn: Och de Lib huet gemaach, wat an den Ae vum Här gutt war. An an den Deeg vum Lib goufen d’Gëftschlaange vernicht. Dofir sinn si an d’Land südlech gaangen, fir Iesse fir d’Vollek vum Land ze schéissen, well dat Land war voll vun Déiere vum Bësch. An de Lib selwer gouf ee grousse Jeeër.

20 A si hunn un der Engt vum Land eng grouss Stad gebaut, un deem Uert, wou d’Mier d’Land deelt.

21 An si hunn d’Land südlech als Wüüst preservéiert, fir Wëld ze fänken. An déi ganz Fläch vum Land nërdlech war mat Awunner bedeckt.

22 An si waren aussergewéinlech fläisseg, a si hu kaaft a verkaaft an Handel matenee gedriwwen, fir Gewënn ze maachen.

23 A si hunn allerhand Äerz verschafft, an si hu Gold a Sëlwer an Eisen a Messeng an allerhand Metall generéiert; dofir hunn si mächteg Kéip Buedem opgeworf, fir Äerz ze gewanne, vu Gold, a vu Sëlwer, a vun Eisen, a vu Koffer. A si hunn allerhand fein Aarbecht geschafft.

24 A si hate Seid a feingezwirnt Läindicher; a si hunn allerhand Dicher hiergestallt, fir sech an hirer Plakegt ze bekleeden.

25 A si hunn allerhand Outile gemaach, fir d’Äerd ze bebauen, ze plouen an och ze séien, ze recoltéieren an ze haen an och ze dréchnen.

26 A si hunn och allerhand Outile gemaach, fir mat den Déieren ze schaffen.

27 A si hunn och allerhand Krichswaffe gemaach. A si hunn allerhand Aarbecht gemaach vun immens komescher Verschaffung.

28 An nimools konnt ee Vollek méi geséint sinn a méi vun der Hand vum Här begënschtegt sinn ewéi si. A si waren an engem Land, dat virun alle Länner auserwielt war, well den Här huet et gesot.

29 An et huet sech erginn: De Lib huet vill Jore gelieft an huet Jongen an Duechtere prokreéiert; an hien huet och den Hearthom prokreéiert.

30 An et huet sech erginn: Den Hearthom huet a sengem Papp senger Plaz regéiert. A wéi den Hearthom véieranzwanzeg Joer regéiert hat, kuckt, do gouf him d’Räich geholl. An hien ass vill Jore laang a Gefaangenschaft bliwwen, jo, all seng iwwreg Deeg.

31 An hien huet den Het prokreéiert, an den Het huet all seng Deeg a Gefaangenschaft gelieft. An den Het huet den Aaron prokreéiert, an den Aaron huet all seng Deeg a Gefaangenschaft verbruecht; an hien huet den Amnigaddah prokreéiert, an den Amnigaddah huet och all seng Deeg a Gefaangenschaft verbruecht; an hien huet de Koriantum prokreéiert, an de Koriantum huet all seng Deeg a Gefaangenschaft verbruecht; an hien huet de Kom prokreéiert.

32 An et huet sech erginn: De Kom huet d’Hallschent vum Räich u sech gezunn. An hien huet d’Hallschent vum Räich zweeavéierzeg Jore laang regéiert; an hien ass zum Kampf géint de Kinnek Amgid gezunn, a si hu vill Jore laang gekämpft, a wärend dëser Zäit huet de Kom Muecht iwwer den Amgid gewonnen, an hien huet Muecht iwwer dat iwwregt Räich kritt.

33 An an de Deeg vum Kom hunn sech Déiwen a Banditten am Land gewisen; an si hunn déi al Pläng ugeholl, hunn Eeden ofgeluecht no der Manéier vun den Alen, a si hu versicht, d’Kinnekräich erëm ze zerstéieren.

34 De Kom awer huet vill géint si gekämpft; mee hie konnt si net iwwerwannen.