Scriptures
Ether 12


12. Kapitel

De Prophet Ether rifft d’Leit op, u Gott ze gleewen—De Moroni erzielt vu Wonner an Erliefnesser, déi duerch de Glawe gemaach goufen—Glawen huet dem Brudder vum Jared erlaabt, de Christus ze gesinn—Den Här gëtt de Mënsche Schwächten, fir datt si bescheide kënne sinn—De Brudder vum Jared huet de Bierg Zerin duerch Glawe beweegt—Glawen, Hoffnung an Nächsteléift si wesentlech fir d’Erléisung—De Moroni huet de Jesus vu Gesiicht zu Gesiicht gesinn.

1 An et huet sech erginn: D’Deeg vum Ether waren an den Deeg vum Koriantumr; an de Koriantumr war Kinnek iwwer d’ganzt Land.

2 An den Ether war ee Prophet vum Här; dofir koum den Ether an den Deeg vum Koriantumr ervir an huet ugefaangen, dem Vollek ze prophezeien, well wéinst dem Geescht vum Här, deen an him war, konnt hien net zeréckgehale ginn.

3 Well hien huet geruff, jo, vum Muere bis zum Niddergang vun der Sonn, an hien huet d’Vollek exhortéiert, u Gott ze gleewen an Ëmkéiert ze üben, fir datt si net zerschloe géifen; hien huet hinne gesot, datt sech duerch feste Glawen alles erfëlle géif—

4 Dowéinst kann deen, deen u Gott gleeft, mat Sécherheet op eng besser Welt hoffen, jo, souguer op eng Plaz bei der rietsen Hand vu Gott, eng Hoffnung, déi aus dem Glawe kënnt, déi de Séile vun de Mënschen zum Anker gëtt, sou datt si sécher a standhaft sinn, ëmmer räich sinn u gudde Wierker, an dozou gefouert ginn, Gott ze verherrlechen.

5 An et huet sech erginn: Den Ether huet dem Vollek Grousses a Wonnerbares prophezeit, mee si hunn net dorunner gegleeft, well si et net gesinn hunn.

6 An elo géif ech, de Moroni, gären eppes doriwwer soen; ech wëll der Welt weisen, datt et Glawen ass, wann een eppes erhofft, wat een awer net gesäit; dofir zweiwelt net, well dir net gesitt, well een Temoignage empfänkt dir eréischt dann, wann äre Glawe gepréift ass.

7 Well duerch Glawen huet de Christus sech eise Pappe gewisen, nodeems hie vun den Doudegen operstane war; an hien huet sech hinne gewisen, nodeems si Glawen un hien haten; dofir muss et noutwennegerweis esou sinn, datt der e puer Glawen un hien haten, well hien huet sech net der Welt gewisen.

8 Mee wéinst dem Glawe vun de Mënschen huet hien sech der Welt gewisen an den Numm vum Papp verherrlecht an ee Wee prett gemaach, datt anerer doduerch un der himmlescher Gab Deel kënnen hunn, fir datt si Hoffnung hunn op dat, wat si net gesinn hunn.

9 Dofir kënnt och dir Hoffnung hunn an un der Gab Deel hunn, wann dir nëmme Glawe wëllt hunn.

10 Kuckt, duerch Glawe goufen déi Al no der hellegen Uerdnung beruff.

11 Dofir: Duerch Glawe gouf d’Gesetz vum Moses ginn. Mee andeems Gott säi Jong ginn huet, huet hien ee méi bessere Wee prett gemaach; an duerch Glawen huet et sech erfëllt.

12 Well wann et ënnert de Mënschekanner kee Glawe gëtt, ka Gott keng Wonner ënnert hinne wierken; dofir weist hien sech hinnen eréischt, nodeems si Glawen haten.

13 Kuckt, de Glawe vum Alma a vum Amulek huet de Prisong astierze gelooss.

14 Kuckt, de Glawe vum Nephi a vum Lehi hunn un de Lamaniten déi Verännerung bewierkt, sou datt si mat Feier an dem Hellege Geescht gedeeft goufen.

15 Kuckt, de Glawe vum Ammon a senge Bridder huet een esou grousst Wonner ënnert de Lamanite bewierkt.

16 Jo, an och alleguerten, déi Wonner bewierkt hunn, déi hunn se duerch Glawe bewierkt, jo, déijéineg, déi viru Christus waren, wéi och déijéineg, déi no him waren.

17 An duerch Glawen hunn dräi Jünger d’Versprieche kritt, si géifen den Doud net schmaachen; a si hunn d’Verspriechen eréischt kritt, nodeems si Glawen haten.

18 An och zu jiddwer anerer Zäit huet ee Wonner eréischt da bewierkt, wann e Glawen hat; dofir hunn si fir d’éischt un de Jong vu Gott gegleeft.

19 An et sinn der vill ginn, deenen hire Glawen esou immens staark war, souguer virum Komme vum Christus, datt si net vu bannent dem Schleier ewech gehale konnte ginn, mee wierklech mat hiren Aen dat gesinn hunn, wat si mam A vum Glawen erbléckt haten, a si ware frou.

20 A kuckt, mir hunn an dësem Bericht gesinn, datt ee vun dësen de Brudder vum Jared war; well säi Glawen u Gott war sou grouss, datt wéi Gott säi Fanger ausgestreckt huet, konnt hien en net virum Bléck vum Brudder vum Jared verstoppen, wéinst dem Wuert dat hie mam Glawen empfaangen hat.

21 An nodeems de Brudder vum Jared dem Här säi Fanger gesinn hat, konnt den Här wéinst dem Verspriechen, déi de Brudder vum Jared duerch säi Glawen empfaangen hat, näischt méi vu sengem Bléck zeréckhalen; dowéinst huet hien him alles gewisen, well hien net méi hannert dem Schleier zeréckgehale konnt ginn.

22 An duerch Glawen hu meng Pappen d’Versprieche kritt, dëst hei géif duerch déi Aner un hir Bridder kommen; dofir huet den Här mir Gebot ginn, jo, de Jesus Christus.

23 An ech hunn zu him gesprach: Här, déi Aner wäerten dëst hei wéinst eiser Schwächt am Schreiwe verspotten; well, Här, du hues eis duerch de Glawe mächteg am Wuert gemaach, mee du hues eis am Schreiwen net mächteg gemaach; well du hues all dëst Vollek esou gemaach, datt se vill schwätze kënne wéinst dem Hellege Geescht, deens du hinne ginn hues;

24 an du hues eis esou gemaach, datt mir wéinst der Onbeholfenheet vun eisen Hänn nëmmen e wéineg schreiwe kënnen. Kuck, du hues eis net am Schreiwe mächteg gemaach wéi de Jared säi Brudder, well du hues hien esou gemaach, datt dat, wat hie geschriwwen huet, mächteg war, wéi s du et bass, sou datt de Mënsch mat Muecht dozou bruecht gëtt, et ze liesen.

25 Du hues och eis Wierder mächteg a grouss gemaach, jo, sou datt mir se net nidderschreiwe kënnen; dofir, wa mir schreiwen, gesi mir eis Schwächt a mir stolperen, wa mir eis Wierder setze sollen; an ech fäerten, déi Aner wäerten eis Wierder verspotten.

26 A wéi ech dëst gesprach hat, huet den Här mat mir geschwat, nämlech: Gecke verspotten, mee si wäerten traueren, a meng Gnod ass genuch fir déi Duuss; si wäerten aus ärer Schwächt kee Virdeel zéie kënnen;

27 a wa Mënschen bei mech kommen, sou weisen ech hinnen hir Schwächt. Ech ginn de Mënsche Schwächt, fir datt se humiliéiert wieren; a meng Gnod ass genuch fir all Mënschen; well wann si sech viru mir humiliéieren a Glawen u mech hunn, da wäert ech Schwaaches fir si staark maache loossen.

28 Kuck, ech wäert den Aneren hir Schwächt weisen, an ech wäert hinne weisen, datt Glawen, Hoffnung an Nächsteléift zu mir féieren—zur Quell vun all Gerechtegkeet.

29 A wéi elo ech, de Moroni, dës Wierder héieren hunn, war ech getréischt an hu gesprach: O Här, däi gerechte Wëlle geschéi, well ech weess, datt s du fir d’Mënschekanner no hirem Glawe wierks;

30 well dem Jared säi Brudder huet zum Gestengs vum Bierg Zerin gesprach: Réckel fort vun hei—an et ass fort geréckelt. A wann hien net Glawe gehat hätt, sou hätt et sech net beweegt; dofir wierks du esou wéi d’Mënsche Glawen hunn.

31 Well esou hues du dech denge Jünger manifestéiert; well nodeems si Glawen haten an an dengem Numm geschwat haten, hues du dech hinnen a grousser Muecht gewisen.

32 An ech denken och dorunner, datt s du gesprach hues, du häss fir d’Mënschen een Haus prett gemaach, jo, nämlech an de Wunnenge vun dengem Papp, wouropper d’Mënschen eng nach besser Hoffnung däerfen hunn; dofir muss de Mënsch Hoffnung hunn, soss kann hie keng Ierfschaft un där Plaz empfänken, déi s du prett gemaach hues.

33 A weider: Ech denken dorunner, datt s du gesot hues, du häss d’Welt gären, jo, sou datt s du däi Liewe fir d’Welt niddergeluecht hues, fir et erëm opzehuelen, fir de Mënschekanner eng Plaz prett ze maachen.

34 An elo weess ech, datt dës Léift, déi s du fir d’Mënschekanner gehat hues, Nächsteléift ass; dofir, wann d’Mënsche keng Nächsteléift hunn, kënnen si déi Plaz net ierwen, déi s du an de Wunnenge vun dengem Papp prett gemaach hues.

35 Dowéinst weess ech duerch dat, wat s de gesot hues, datt wann d’Heide keng Nächsteléift hunn, wéinst eiser Schwächt, datt s du si wäerts teste wëllen a hinnen hiert Talent ewechhuelen, jo, esouguer dat, wat si krut hunn, a et deene ginn, déi méi am Iwwerfloss wäerten hunn.

36 An et huet sech erginn: Ech hunn zum Här gebiet, hie géif den Anere Gnod erweisen, fir datt si Nächsteléift kënnen hunn.

37 An et huet sech erginn: Den Här huet zu mir gesprach: Wa si keng Nächsteléift hunn, sou mécht et fir dech näischt aus; du bass trei gewiescht; dofir wäerten deng Kleeder reng gemaach ginn. A well s du deng Schwächt agesinn hues, solls du staark gemaach ginn, jo, sou datt s du dech un där Plaz nidder sëtze kanns, déi ech an de Wunnenge vu mengem Papp prett gemaach hunn.

38 An elo soen ech, de Moroni, den Aneren Äddi, jo, an och menge Bridder, déi ech gär hunn, bis mir eis virum Riichterstull Christi erëm begéinen, wou all Mënsche wësse wäerten, datt meng Kleeder net mat ärem Blutt befleckt sinn.

39 An da wäert dir wëssen, datt ech de Jesus gesinn hunn, an datt hie mat mir vu Gesiicht zu Gesiicht geschwat huet, an datt hie mir an aller Humilitéit dës Saachen erkläert huet, grad wéi e Mënsch engem aneren eppes erzielt, a menger eegener Sprooch.

40 An nëmmen e wéineg dovunner hunn ech niddergeschriwwen, nämlech wéinst menger Schwächt am Schreiwen.

41 An elo wëll ech iech recommandéieren, dëse Jesus ze sichen, vun deem d’Propheten an Apostele geschriwwen hunn, fir datt d’Gnod Gottes vum Papp an och den Här Jesus Christus an den Hellege Geescht, dee vun hinnen Temoignage gëtt, an iech wier a verbleift fir ëmmer. Amen.