11. Kapitel
Kricher, Streidereien a Béist bestëmmen d’Liewe vun de Jarediten—Prophete soe viraus, datt d’Jarediten komplett zerstéiert ginn, ausser si kéieren ëm—D’Leit refuséieren d’Wierder vun de Prophete.
1 An och an den Deeg vum Kom si vill Propheten ervirkomm an hunn d’Zerstéierung vun dësem grousse Vollek prophezeit, wann et net Ëmkéiert übe géif, sech dem Här zouwennen a vu sengem Morden a senger Béist ofloosse wéilt.
2 An et huet sech erginn: D’Prophete goufe vum Vollek verworf, a si sinn ëm Schutz bei de Kom geflücht; well d’Vollek huet duerno gesicht, si ze vernichten.
3 A si hunn dem Kom villes prophezeit; an hie war all seng iwwreg Deeg geséint.
4 An hien huet bis zu engem gudden Alter gelieft an huet de Schiblom prokreéiert; an de Schiblom huet a senger Plaz regéiert. An de Brudder vum Schiblom huet géint hie rebelléiert, an et huet am ganze Land een immens grousse Krich ugefaangen.
5 An et huet sech erginn: De Brudder vum Schiblom huet all Propheten, déi vun der Zerstéierung vum Vollek prophezeit hunn, hiriichte gelooss;
6 an et gouf eng grouss Katastroph am ganze Land, well si haten temoignéiert, ee grousse Fluch wäert iwwer d’Land an och iwwer d’Vollek kommen an et wäert ënnert hinnen eng grouss Zerstéierung ginn, wéi et op der Uewerfläch vun der Äerd nach keng ginn ass, an hir Schanke wäerten ewéi Kéip sinn am Land, souwäit si net vun hirer Béist ëmkéiere géifen.
7 A wéinst hire béise Verbindungen hunn si net op d’Stëmm vum Här gelauschtert; dofir hunn am ganze Land Kricher, Streidereien an och vill Hongersnéit a Peschten ugefaangen, sou vill, datt et eng grouss Zerstéierung ginn ass, wéi een se op der Uewerfläch vun der Äerd nach net kannt hat; an dëst alles huet sech an den Deeg vum Schiblom erginn.
8 An d’Vollek huet ugefaangen, vun hiren Ongerechtegkeeten ëmzekéieren; a souwäit si dat gemaach haten, hat den Här Erbaarme mat hinnen.
9 An et huet sech erginn: De Schiblom gouf ëmbruecht, an de Set gouf a Gefaangenschaft gefouert an huet all seng Deeg a Gefaangenschaft verbruecht.
10 An et huet sech erginn: Den Ahah, säi Jong, huet d’Räich kritt; An all seng Deeg huet hien d’Vollek regéiert. An hien huet allerhand Ongerechtegkeeten a sengen Deeg gemaach, wouduerch hien d’Ursaach war, datt vill Blutt vergoss gouf; a senger Deeg waren et der wéineg.
11 An den Ethem, deen een Nofollger vum Ahah war, huet d’Räich kritt; an a sengen Deeg huet och hie gemaach, wat béis war.
12 An et huet sech erginn: An den Deeg vum Ethem koume vill Propheten ervir an hunn dem Vollek erëm prophezeit; jo, si hu prophezeit, den Här wäert si vëlleg vum Äerdbuedem ewech wëschen, souwäit si net vun hiren Ongerechtegkeeten ëmkéiere géifen.
13 An et huet sech erginn: D’Vollek huet säin Häerz verhäert a wollt net op hir Wierder lauschteren; an d’Propheten hu getrauert an hunn sech vum Vollek zeréckgezunn.
14 An et huet sech erginn, datt den Ethem all seng Deeg Urteeler a Béist vollzunn huet; an hien huet de Moron prokreéiert. An et huet sech erginn: De Moron huet a senger Plaz regéiert, an de Moron huet gemaach, wat virum Här béis war.
15 An et huet sech erginn: Et ass ënnert dem Vollek eng Rebellioun entstane wéinst där geheime Verbindung, déi opgebaut gi war, fir Muecht a Gewënn ze kréien; an et huet sech ënnert hinnen ee Mann gehuewen, mächteg an Ongerechtegkeetn; an hien huet dem Moron ee Kampf geliwwert, wouranner hien d’Hallschent vum Räich gestierzt huet; a vill Jore laang huet hien d’Hallschent vum Räich behaapt.
16 An et huet sech erginn: De Moron huet hie gestierzt an huet d’Räich erëm kritt.
17 An et huet sech erginn: Et huet sech ee weidere mächtege Mann gehuewen, an dat war een Nofollger vum Jared sengem Brudder.
18 An et huet sech erginn: Hien huet de Moron gestierzt an d’Räich kritt; dofir huet de Moron all seng iwwreg Deeg a Gefaangenschaft verbruecht; an hien huet de Koriantor prokreéiert.
19 An et huet sech erginn: De Koriantor huet all seng Deeg a Gefaangenschaft verbruecht.
20 An och an den Deeg vum Koriantor koume vill Propheten an hu Grousses a Wonnerbares prophezeit an hunn d’Vollek zur Ëmkéiert geruff, a wann si net ëmkéiere géifen, géif den Här Gott Geriicht iwwert si hale bis zu hirer vëlleger Zerstéierung,
21 An datt den Här Gott en anert Vollek schécken oder ervirbrénge géif, fir d’Land ze besëtzen, duerch seng Muecht, no der Manéier, wéi hien et hire Pappen bruecht huet.
22 A wéinst hirer geheime Gesellschaft an hire béisen Abscheilechkeeten hunn si all Wierder vun de Prophete verworf.
23 An et huet sech erginn: De Koriantor huet den Ether prokreéiert an ass gestuerwen, nodeems hien all seng Deeg a Gefaangenschaft verbruecht hat.