3. Kapitel
De Brudder vum Jared gesäit de Fanger vum Här, wéi Hie sechzéng Steng beréiert—De Christus weist dem Brudder vum Jared Säi Geeschtkierper—Déi, déi ee vollkommend Wëssen hunn, kënnen net ausserhalb vum Schleier gehale ginn—Dolmetscher ginn zur Verfügung gestallt, fir de Jarediten hir Opzeechnung un d’Liicht ze bréngen.
1 An et huet sech erginn: De Jared säi Brudder (d’Gefierer awer, déi ee virbereet hat, ware aacht un der Zuel) ass zu deem Bierg higaangen, deen ee wéinst senger immens groussen Héicht de Bierg Schelem genannt huet, an huet aus engem Fielse siechzéng kleng Steng geschmolt; a se ware wäiss a kloer, jo wéi duerchschéngendes Glas; an hien huet se a senger Hand op d’Spëtzt vum Bierg gedroen an erëm zum Här gejaut, nämlech:
2 O Här, du hues gesot, datt mir ronderëm vun de Fluten ëmschloss musse sinn. Elo kuck, O Här, a sief net rosen iwwert däi Kniecht wéinst senger Schwächt virun dir; well mir wëssen, datt s du helleg bass an an den Himmele wunns an datt mir onwierdeg si virun dir; wéinst dem Fall si mir vu Natur aus bestänneg béis ginn; mee, O Här, du hues eis d’Gebot ginn, datt mir dech uruffe mussen, fir datt mir vun dir no eise Wënsch empfänken.
3 Kuck, O Här, du hues eis wéinst eisen Ongerechtegkeete geschloen an hues eis erausgejot, an zënter dëse ville Joren si mir an der Wüüst; mee bass du baarmhäerzeg zu eis gewiescht. O Här, kuck mech mat Erbaarmen un, a wennt deng Roserei vun dësem dengem Vollek of, a looss net zou, datt si am Däischtert iwwer dës rosen Déift hifueren; mee kuck dës, wat ech aus dem Fielse geschmolt hunn.
4 An ech weess, o Här, datt s du all Muecht hues an datt s du zum Seege vum Mënsch alles maache kanns, wat s du wëlls; dofir beréier dës Steng, o Här, mat dengem Fanger, a riicht se zou, datt se an der Däischtert liichten; a se wäerten eis an de Gefierer liichten, déi mir virbereet hunn, fir datt mir Luucht hunn, wärend mir d’Mier iwwerquieren.
5 Kuck, o Här, du kanns dëst maachen. Mir wëssen, datt s du amstand bass, grouss Muecht ze weisen, wann se och dem Verständnis vum Mënsch geréng erschéngt.
6 An et huet sech erginn: Wéi dem Jared säi Brudder dës Wierder gesprach hat, kuckt, do huet den Här seng Hand ausgestreckt an huet d’Steng mam Fanger beréiert, een nom aneren. An de Schleier gouf dem Jared sengem Brudder vun den Ae geholl, an hien huet de Fanger vum Här gesinn; an e war wéi de Fanger vun engem Mënsch, gläich Fleesch a Blutt; an dem Jared säi Brudder ass virum Här nidder gefall, well hie war vun Angscht erfëllt.
7 An den Här huet gesinn, datt dem Jared säi Brudder zur Äerd gefall war; an den Här huet zu him gesprach: Stéi op, firwat bass du nidder gefall?
8 An hien huet zum Här gesprach: Ech hunn de Fanger vum Här gesinn, an ech hu gefaart, hie géif mech schloen; well ech hunn net gewosst, datt den Här Fleesch a Blutt huet.
9 An de Här huet zu him gesprach: wéinst dengem Glawen hues du gesinn, datt ech Fleesch a Blutt unhuele wäert; an nimools ass ee Mënsch mat esou immens groussem Glawen, wéi s du en hues, viru mech komm; well wann et net esou wär, hätt s du mäi Fanger net kënne gesinn. Hues du méi wéi dat gesinn?
10 An hien huet geäntwert: Nee Här, weis et mir.
11 An den Här huet zu him gesprach: Gleefs du déi Wierder, déi ech schwätze wäert?
12 An hien huet geäntwert: Jo, Här, ech weess, datt s du d’Wourecht sees, well du bass e Gott vun der Wourecht a kanns net léien.
13 A wéi hien dës Wierder gesprach hat, kuckt, do huet den Här sech him gewisen an huet gesprach: Well s du dat weess, bass du vum Fall erléist; dofir bass du a meng Géigewaart zeréckbruecht; dofir weisen ech mech dir.
14 Kuck, ech sinn et, dee vun der Grondleeung vun der Welt un prett war, mäi Vollek ze erléisen. Kuck, ech sinn de Jesus Christus. Ech sinn de Papp an de Jong. A mir sollen all Mënsche Liewen hunn, an dat fir éiweg, jo, déi u mäin Numm gleewe wäerten; a si wäerte meng Jongen an Duechtere ginn.
15 An nimools hunn ech mech engem Mënsch, deen ech erschaf hunn, gewisen, well nimools hat ee Mënsch esou u mech gegleeft wéi s du. Gesäis du, datt s du mir gläich erschaf bass? Jo, all Mënsche sinn um Ufank mir gläich erschaf ginn.
16 Kuck, dëse Kierper, deens du elo gesäis, ass de Kierper vu mengem Geescht; an de Mënsch hunn ech nom Kierper vu mengem Geescht erschaf; an esou, wéi ech dir erschéngen, wou ech am Geescht sinn, sou wäert ech mengem Vollek am Fleesch erschéngen.
17 Elo awer, wou ech, de Moroni, gesot hunn, ech kéint net ee volle Bericht vun deem maachen, wat geschriwwen ass, geet et mir dofir duer ze soen, datt de Jesus sech dësem Mënsch am Geescht gewisen huet, jo, no där Weis an an der Parabel vun demselwechte Léif, wéi hien sech den Nephite gewisen huet.
18 An hien huet him gedéngt, jo, wéi hien den Nephite gedéngt huet; an dëst alles, fir datt dëse Mënsch wéisst, datt hie Gott wier, nämlech wéinst de ville grousse Wierker, déi den Här him gewisen hat.
19 A well dëse Mënsch dat wousst, konnt hien net dovunner ofgehale ginn, hannert de Schleier ze blécken; an hien huet de Fanger vum Jesus gesinn, a wéi hien e gesinn huet, ass hie voll Angscht nidder gefall; well hie wousst, datt et de Fanger vum Här wier; an hien hat net méi laang Glawen, well elo huet hie gewosst, an hien huet an näischt gezweiwelt.
20 Dofir, well hien dëst vollkomme Wësse vu Gott hat, konnt hien net bannent dem Schleier ewechgehale ginn; dofir huet hien de Jesus gesinn; an hien huet him geeschtlech gedéngt.
21 An et huet sech erginn: Den Här huet zum Jared sengem Brudder gesprach: Kuck, du solls dat, wat s du gesinn an héieren hues, net un d’Welt erausgoe loossen, bis déi Zäit kënnt, wou ech mäin Numm am Fleesch verherrleche wäert; dofir solls du dat, wat s du gesinn an héieren hues, wéi ee Schatz protegéieren an et kengem Mënsch weisen.
22 A kuck, wann s du da bei mech kënns, solls du et nidderschreiwen a versigelen, fir datt keen et iwwersetze kann; well du solls et an enger Sprooch schreiwen, datt een et net liese kann.
23 A kuck, dës zwee Steng ginn ech dir, an du soll se zesumme mat deem versigelen, wat s du schreiwe wäerts.
24 Well kuck, déi Sprooch, déi s du schreiwe wäerts, hunn ech duerchernee gemaach; dofir wëll ech zu där vu mir bestëmmten Zäit maachen, datt dës Steng de Mënschenaen dat, wat s du schreiwe wäerts, däitlech maachen.
25 A wéi den Här dës Wierder gesprach hat, huet hien dem Jared sengem Brudder all d’Äerdbewunner, déi gewiescht waren, an och alleguerten, déi nach wäerte sinn, gewisen; an hien huet se sengem Bléck net entzunn, jo, bis un d’Enner vun der Äerd.
26 oder hien hat him schonn emol gesot, datt wann hie géif un hie gleewen, datt hien him alles kéint weisen—et sollt him gewise ginn; dofir konnt den Här him näischt zeréckhalen, well hie wousst, datt den Här him alles kéint weisen.
27 An den Här huet zu him gesprach: Den Här huet him gebueden: Schreif dëst nidder a versigel et; an ech wäert et zu där vu mir bestëmmten Zäit de Mënschekanner weisen.
28 An et huet sech erginn: Den Här huet him gebueden, déi zwee Steng ze versigelen, déi hien empfaangen hat, a se net ze weisen, bis den Här se de Mënschekanner weise géif.