Scriptures
Ether 5


5. Kapitel

Dräi Zeien an d’Wierk selwer wäerten als Temoignage vun der Wourecht vum Buch vum Mormon déngen.

1 An elo hunn ech, de Moroni, d’Wierder geschriwwen, déi mir gebuede goufen, no mengem Gediechtnes; an ech hunn dir déi Saachen erzielt, déi ech versigelt hunn; dofir beréier se net, fir datt s du iwwersetze kéints; well dat ass dir verbueden, ausser Gott a senger Weisheet léist et eng Kéier geschéien.

2 A kuck, du wäerts vläicht de Virzuch hunn, dës Placken deenen ze weisen, déi mathëllefe wäerten, dëst Wierk ervirzebréngen;

3 an dräi wäerten se duerch d’Muecht Gottes gewise ginn; dofir wäerten si mat Gewëssheet wëssen, datt dëst wouer ass.

4 An duerch de Mond vun dräi Zeie sollen dës Saache bestätegt ginn; an den Temoignage vun dräi, an dëst Wierk, an deem d’Muecht vu Gott an och säi Wuert gewise gëtt, vun deem de Papp, de Jong an den Hellege Geescht Temoignage ginn—an all dëst soll als Temoignage géint d’Welt um leschten Dag stoen.

5 A wann si ëmkéieren an am Numm vum Jesus zum Papp kommen, wäerten si am Räich Gottes empfaange ginn.

6 An elo urteelt, ob ech vläicht keng Autoritéit dozou hunn; well dir wäert wëssen, datt ech Autoritéit hunn, wann dir mech wäert gesinn a mir um leschten Dag viru Gott stoe wäerten. Amen.