Scriptures
Ether 4


4. Kapitel

De Moroni kritt de Befeel, d’Schrëfte vum Brudder vum Jared ze versigelen—Si ginn net opgedeckt, bis d’Mënsche Glawen hunn, sou wéi de Brudder vum Jared—De Christus befielt de Mënschen, Senge Wierder an deene vu Senge Jünger ze gleewen—D’Mënsche kréien de Befeel, ëmzekéieren, dem Evangelium ze gleewen a gerett ze ginn.

1 An den Här huet dem Jared sengem Brudder gebueden, aus der Géigewaart vum Här vum Bierg erofzeklammen an dat nidderzeschreiwen, wat hie gesinn hat; an et gouf verbueden, datt et un d’Mënschekanner kënnt, bevir hien um Kräiz héich gehuewe wäert sinn; an aus dësem Grond huet de Kinnek Mosiah et zeréckgehalen, fir datt et net un d’Welt kéim, bis de Christus sech sengem Vollek weise géif.

2 An nodeems de Christus sech sengem Vollek wierklech gewisen hat, huet hie gebueden, datt si sollen higoen, fir dëst ze verkënnegen.

3 An elo, duerno, sinn si alleguerten an Ongleewegt verfall; an et ass kee méi do ausser de Lamaniten, a si hunn d’Evangelium vum Christus verworf; dofir ass et mir gebuede ginn, dëst erëm an der Äerd ze verstoppen.

4 Kuck, ech hunn op dës Placken eben dat geschriwwen, wat de Jared säi Brudder gesinn huet; an nimools gouf Gréisseres manifestéiert wéi dat, wat dem Jared sengem Brudder manifestéiert gi war.

5 Dofir huet den Här mir gebueden, et nidderzeschreiwen; an ech hunn et niddergeschriwwen. An hien huet mir gebueden, et ze versigelen; an hien huet mir gebueden, och d’Iwwersetzung dovunner ze versigelen; dofir hunn ech d’Iwwersetzer nom Gebot vum Här versigelt.

6 Well den Här huet zu mir gesprach: Si sollen net un déi Aner komme bis zu deem Dag, wou si vun hiren Ongerechtegkeeten ëmkéieren a virum Här reng ginn.

7 An un deem Dag, wou si feste Glawen u mech üben, seet den Här, jo, wéi dem Jared säi Brudder, a sech a mir hellegen, do wäert ech hinnen dat verkënnegen, wat de Jared säi Brudder gesinn huet, jo, sou datt ech hinnen all meng Offenbarungen entfalen, seet de Jesus Christus, de Jong vu Gott, de Papp vun den Himmelen an der Äerd an all deem, wat doranner ass.

8 A wien géint d’Wuert vum Här streide wëll, dee wäert verflucht sinn; a wien dëst verleegne wäert, dee soll verflucht sinn; well deene wäert ech dat Gréissert net weisen, seet de Jesus Christus; well ech sinn et, dee schwätzt.

9 An op mäi Gebot ginn d’Himmelen op an zou; an op mäi Wuert wäert d’Äerd biewen; an op mäi Gebot wäerten hir Bewunner vergoen ewéi duerch Feier.

10 A wien menge Wierder net gleeft, dee gleeft och menge Jünger net; an urteelt awer, ob ech net schwätzen; well dir wäert um leschten Dag wëssen, datt ech et sinn, dee schwätzt.

11 Mee wien dat gleeft, wat ech geschwat hunn, dee wëll ech mat Verkënnegunge vu mengem Geescht besichen, an hie wäert wëssen an Temoignage ginn. Well wéinst mengem Geescht wäert hie wëssen, datt et wouer ass; well dëse beweegt d’Mënschen, Guddes ze maachen.

12 A wat och ëmmer d’Mënsche beweegt, Guddes ze maachen, ass vu mir; well Guddes kënnt vu kengem ausser vu mir. Ech sinn dee selwechten, deen d’Mënschen zu allem Gudde féiert; a wien net u meng Wierder gleeft, dee gleeft och net u mech—datt ech et sinn; a wien net u mech gleeft, dee gleeft och net un de Papp, dee mech geschéckt huet. Well kuckt, ech sinn de Papp, ech sinn d’Luucht an d’Liewen a d’Wourecht vun der Welt.

13 Kommt bei mech, O dir Anerer, an ech wëll iech dat Gréissert weisen, dat Wëssen, dat wéinst Ongleewegt verstoppt ass.

14 Kommt zu mir, O dir Haus vun Israel, an et wäert iech manifestéiert ginn, wat de Papp vun der Grondleeung vun der Welt u Grousses fir iech prett gemaach huet; an et ass wéinst Ongleewegt net bei iech komm.

15 Kuckt, wann dir de Schleier vun der Ongleewegt zerräisst, deen iech dozou bréngt, an ärem schrecklechen Zoustand vu Béist, Häerzenshäert a Blannheet vum Geescht ze bleiwen, da wäerten déi grouss a wonnerbar Saachen, déi zënter der Grënnung vun der Welt virun iech verstoppt waren—jo, wann dir de Papp a mengem Numm urufft, mat engem gebrachenen Häerz an engem bereiende Geescht, da wësst dir, datt de Papp un d’Allianz geduecht huet, deen hie mat äre Pappe gemaach huet, O Haus vun Israel.

16 An da wäerte meng Offenbarungen, déi ech vu mengem Kniecht Johannes nidderschreiwe gelooss hunn, virun den Ae vun all Vëlker entfaalt ginn. Denkt drun, wann dir dës Saache gesitt, da wësst dir, datt d’Zäit no ass, datt se wierklech manifestéiert ginn.

17 Dofir: Wann dir dëse Bericht empfaange wäert, kënnt dir wëssen, datt d’Wierk vum Papp an all Land ugefaangen huet.

18 Dofir kéiert ëm, all dir Enner vun der Äerd, a kommt bei mech a gleeft u mäin Evangelium a loosst iech a mengem Numm deefen; well wie gleeft a sech deefe léist, dee wäert erléist ginn; wien awer net gleeft, dee wäert verdaamt ginn; an Zeeche wäerten deenen nofollegen, déi u mäin Numm gleewen.

19 A geséint ass, bei wiem um leschten Dag fonnt gëtt, datt hie mengem Numm trei ass; well hie soll héich gehuewe ginn, fir an deem Räich ze wunnen, dat fir hie vun der Grondleeung vun der Welt un prett gemaach ass. A kuckt, ech sinn et, deen et gesot huet. Amen.