Scriptures
Ether 2


2. Kapitel

D’Jarediten bereeden sech op hir Rees an dat versprachent Land vir—Et ass een auserwieltent Land, wou d’Mënschen dem Christus dénge mussen, soss ginn si ewech gerappt—Den Här schwätzt dräi Stonne mam Brudder vum Jared—D’Jaredite baue Schëffer—Den Här freet de Brudder vum Jared, e Virschlag ze maachen, wéi d’Schëffer beliicht solle ginn.

1 An et huet sech erginn: De Jared a säi Brudder an hir Familljen an och d’Frënn vum Jared a vu sengem Brudder an deenen hir Familljen si mat hirem Véi, dat si zesummegedriwwen haten, männlech a weiblech, vu jiddwer Gattung, an d’Dall erof, dat nërdlech war (an den Numm vum Dall war Nimrod, well et war no engem gewaltege Jäger benannt) gezunn.

2 An si hunn och Fale geluecht a Vulle vum Himmel gefaangen; an si hunn och e Schëff virbereet, an deem si d’Fësch vum Waasser mat sech gedroen hunn.

3 An si hunn och Deseret matgeholl, wat, iwwersat, eng Hunnegbei ass; an esou hunn si Schwäerme vu Beie matgeholl, an all Zort vun deem, wat op der Uewerfläch vum Land war, Som vun all Zort.

4 An et huet sech erginn: Wéi si an den Dall Nimrod erofkomm waren, koum den Här erof an huet mam Jared sengem Brudder geschwat; an hie war an enger Wollek, an de Jared säi Brudder huet hien net gesinn.

5 An et huet sech erginn: Den Här huet hinne gebueden, an d’Wüüst erauszezéien, jo, an deen Deel, wou nach ni ee Mënsch gewiescht war. An et huet sech erginn: Den Här ass virun hinnen hiergaangen an huet mat hinne gesprach, wéi hien sech an enger Wollek befonnt huet, an huet Uweisunge ginn, wouhinner si zéie sollten.

6 An et huet sech erginn: Si sinn an d’Wüüst gezunn an hu Schëffer gebaut, wouranner si vill Waasser iwwerquéierten, well si goufe bestänneg vun der Hand vum Här ugewisen.

7 An den Här huet net zougelooss, datt si doriwwer eraus vum Mier an der Wüüst stoe bleiwen, mee hien huet gewollt, datt si higaange sinn, jo, an d’Land vum Verspriechen, dat virun allen anere Länner auserwielt war, dat den Här Gott fir ee gerecht Vollek erhalen hat.

8 An hien hat dem Jared sengem Brudder a senger Roserei geschwuer, datt alleguerten, déi dëst Land vum Verspriechen vun där Zäit un a fir ëmmer besëtze géifen, him, dem richtegen an eenzege Gott, dénge missten, soss géifen si fale gelooss ginn, wann d’Fëllt vu senger Roserei iwwer si kéim.

9 An elo, mir kënnen d’Conseile Gottes a Bezuch op dëst Land erkennen, nämlech datt et ee Land vum Verspriechen ass; a wéi eng Natioun et och ëmmer besëtzt, déi soll Gott déngen, soss gëtt se fale gelooss, wann d’Fëllt vu senger Roserei iwwer si kënnt. An d’Fëllt vu senger Roserei kënnt iwwert si, wann si an den Ongerechtegkeete räif gi sinn.

10 Well kuckt, dëst ass ee Land, dat virun allen anere Länner auserwielt ass; dofir, wien et besëtzt, dee soll Gott déngen, soss gëtt e fale gelooss; well dëst ass den éiwegen Dekreet vu Gott. An eréischt, wann et ënnert de Kanner vum Land zu enger Fëllt vun Ongerechtegkeete komm ass, wäerten si fale gelooss ginn.

11 An dëst kënnt zu iech, O dir Heiden, fir datt dir d’Dekreeter vu Gott kenne léiert—fir datt dir ëmkéiert a net méi mat ären Ongerechtegkeete weiderfuert, bis d’Fëllt kënnt, fir datt dir net d’Fëllt vun der Roserei vu Gott op iech erofbréngt, wéi d’Awunner vum Land et bis elo gemaach hunn.

12 Kuckt, dëst ass een auserwieltent Land, a wéi eng Natioun och ëmmer et besëtzt, déi wäert fräi si vu Sklaverei a vu Gefaangenschaft a vun allen aneren Natiounen ënnert dem Himmel, wann se nëmmen dem Gott vum Land dénge wëll, nämlech de Jesus Christus, deen duerch dat matgedeelt ginn ass, wat mir geschriwwen hunn.

13 An elo fueren ech mat mengem Bericht weider; well kuckt, et huet sech erginn: Den Här huet de Jared a seng Bridder hin bis un dat grousst Mier gefouert, dat d’Länner deelt. A wéi si un d’Mier koumen, hunn si hier Zelter opgebaut; a si hunn deem Uert den Numm Moriancumer ginn; an si hunn an Zelter gewunnt, a si hu véier Joer laang un der Küst vun de Mieren an Zelter gewunnt.

14 An et huet sech erginn: Um Enn vun de véier Joer koum den Här erëm zum Brudder vum Jared, stoung an enger Wollek an huet mat him gesprach. An dräi Stonne laang huet den Här mam Jared sengem Brudder gesprach an huet hie bestrooft, well hien net dorunner geduecht hat, den Numm vum Här unzeruffen.

15 An dem Jared säi Brudder ass vun deem Béisen, wat hie gemaach hat, ëmgekéiert an huet den Numm vum Här wéinst senge Bridder, déi bei him waren, ugeruff. An den Här huet zu him gesprach: Ech wëll dir an denge Bridder hir Sënde verzeien; mee du solls net méi sëndegen, well du solls dorunner denken, datt sech mäi Geescht net ëmmer mat de Mënschen ofméie wäert; dofir, wann dir sëndege wëllt, bis dir vëlleg räif gi sidd, da wäert dir aus der Géigewaart vum Här ewech geschnidde ginn. An dëst si meng Gedanken iwwer d’Land, dat ech iech als Ierfschaft wëll ginn; well et wäert ee Land sinn, auserwielt virun allen anere Länner.

16 An den Här huet gesprach: Géi un d’Wierk a bau Schëffer no der Weis, wéi dir se bis elo gebaut hutt. An et huet sech erginn: Dem Jared säi Brudder ass un d’Wierk gaangen, an och seng Bridder, a si hu Schëffer gebaut no der Weis, wéi si gebaut haten, no de Uweisunge vum Här. Se ware kleng, a se ware liicht um Waasser, jo, sou liicht ewéi ee Villchen um Waasser.

17 A se waren op eng Weis gebaut, datt se immens dicht waren, jo, datt se d’Waasser gehalen hunn ewéi eng Schossel; an hir Säite waren dicht ewéi eng Schossel; an hir Enner sinn an eng Spëtzt ausgelaf; an hiren ieweschten Deel war dicht ewéi eng Schossel; an hir Längt war d’Längt vun engem Bam; an hir Dier, wann se zou war, war dicht ewéi eng Schossel.

18 An et huet sech erginn: Dem Jared säi Brudder huet zum Här gejaut, nämlech: O Här, ech hunn d’Wierk gemaach, dat s du mir gebueden hues, an ech hunn d’Schëffer gemaach, no denger Uweisung u mech.

19 A kuck, o Här, doranner ass keng Luucht; wouhinner wäerte mir steieren? A mir wäerten och ënner goen, well doranner kënne mir net ootmen, ausser déi Loft, déi doranner ass; dofir wäerte mir ëmkommen.

20 An den Här huet zum Jared sengem Brudder gesprach: Kuck, du solls ee Lach am ieweschten Deel maachen an och am Buedem; a wann et dir u Loft feelt, solls du d’Lach opmaachen a Loft eraloossen. A wann d’Waasser iwwer dech erastierzt, kuck, da solls du d’Lach verschléissen, fir datt s du net an der Flut ëmkënns.

21 An et huet sech erginn: Dem Jared säi Brudder huet dëst gemaach, nom Gebot vum Här.

22 An hien huet erëm zum Här gejaut, nämlech: O Här, kuck, ech hu gemaach, jo, wéi s du mir gebueden hues; an ech hunn d’Gefierer fir mäi Vollek virbereet, a kuck, et ass keng Luucht doranner. Kuck, O Här, wëlls du zouloossen, datt mir dëst grousst Waasser an der Däischtert iwwerquéieren?

23 An den Här huet zum Jared sengem Brudder gesprach: Wat wëlls du, datt ech maache soll, fir datt dir Luucht an äre Gefierer hutt? Well kuck, dir kënnt keng Fënster hunn, well se géifen a Stécker geschloe ginn; och sollt dir kee Feier mathuelen, well dir sollt iech net no der Luucht vum Feier riichten.

24 Well kuck, wéi ee Wal wäert dir si matzen am Mier; well d’Wellebierger wäerten iwwert iech era briechen. Mee wëll ech iech erëm aus der Déift vum Mier ervirbréngen; well de Wand ass aus mengem Mond ausgaangen, an och de Reen an d’Fluten hunn ech ausgeschéckt.

25 A kuckt, ech bereeden iech dorobber vir; well dir kënnt dës grouss Déift net iwwerquieren, ausser ech bereeden iech vir op d’Welle vum Mier an de Wand, deen ausgaangen ass, an d’Fluten, déi komme wäerten. Dofir: Wat wëlls du, datt ech fir iech preparéiere soll, fir datt dir Luucht hutt, wann dir an den Déifte vum Mier verschlonge sidd?