Scriptures
Ether 7


7. Kapitel

Orihah regéiert a Gerechtegkeet—Matzen an Usurpatioun a Sträit ginn déi rivaliséierend Kinnekräicher Schul a Kohor gegrënnt—Prophete verurteelen d’Béist an de Gëtzendéngscht vum Vollek, dat dann ëmkéiert.

1 An et huet sech erginn: Den Orihah huet all seng Deeg gerecht Geriicht iwwer d’Land gehalen, a senger Deeg waren et der ganz vill.

2 An hien huet Jongen an Duechtere prokreéiert; jo, hien huet der eenandrësseg prokreéiert, ënnert deenen dräianzwanzeg Jonge waren.

3 An et huet sech erginn: Hien huet a sengem héijen Alter och de Kib prokreéiert. An et huet sech erginn: De Kib huet a senger Plaz regéiert; an de Kib huet de Korihor prokreéiert.

4 A wéi de Korihor zweeanzwanzeg Joer al war, huet hien sech géint säi Papp rebelléiert an ass eriwwer gaangen an huet am Land Nehor gewunnt; an hien huet Jongen an Duechtere prokreéiert, a se goufen immens schéin; dofir huet de Korihor vill Vollek mat ewech gezunn.

5 A wéi hien eng Arméi zesummebruecht hat, ass hien erop an d’Land Moron gezunn, wou de Kinnek gewunnt huet, an huet hie gefaange geholl; doduerch gouf d’Wuert vum Jared sengem Brudder erfëllt, nämlech datt si a Gefaangenschaft gerode géifen.

6 D’Land Moron awer, wou de Kinnek gewunnt huet, war no deem Land, dat vun den Nephite Verwüüstung genannt ginn ass.

7 An et huet sech erginn: De Kib a säi Vollek hunn ënnert sengem Jong Korihor a Gefaangenschaft gelieft; mee huet de Kib a sengem héijen Alter de Schul prokreéiert, wärend hien nach a Gefaangenschaft war.

8 An et huet sech erginn: De Schul war rosen iwwert säi Brudder; an de Schul gouf staark a mächteg, wat d’Stäerkt vun engem Mann betrëfft; an hie war och mächteg a sengem Urteel.

9 Dofir ass hien zum Hiwwel Efraim gaangen an hien huet aus dem Hiwwel geschmolt an huet Schwäerter aus Stol fir déijéineg gemaach, déi hie mat sech ewech gefouert hat; an nodeems hien si mat Schwäerter bewaffent hat, ass hien an d’Stad Nehor zeréckkomm an huet sengem Brudder Korihor ee Kampf geliwwert, wouduerch hien d’Räich kritt an et sengem Papp Kib zeréck ginn huet.

10 An als Resultat vun deem, wat de Schul gemaach hat, huet säi Papp him d’Räich ginn; dofir huet hien ugefaangen, an der Plaz vu sengem Papp ze regéieren.

11 An et huet sech erginn: Hien huet Geriicht a Gerechtegkeet gehalen; an hien huet säi Räich iwwer d’ganzt Land ausgebreet, well d’Vollek war immens vill ginn.

12 An et huet sech erginn: Och de Schul huel vill Jongen an Duechtere prokreéiert.

13 An de Korihor ass vum ville Béisen, wat hie gemaach huet, ëmgekéiert; dofir huet de Schul him Muecht a sengem Räich ginn.

14 An et huet sech erginn: De Korihor hat vill Jongen an Duechteren. An ënnert de Jonge vum Korihor war een, deem säin Numm war Noah.

15 An et huet sech erginn: Den Noah huet géint de Kinnek Schul rebelléiert an och géint säi Papp Korihor, an hien huet säi Brudder Kohor a vill vu senge Bridder a vill vum Vollek ewech gezunn.

16 An hien huet dem Kinnek Schul ee Kampf geliwwert, wouduerch hien d’Land vu senger éischter Ierfschaft kritt huet; an hien ass Kinnek iwwert dësen Deel vum Lann ginn.

17 An et huet sech erginn: Hien huet dem Kinnek Schul nach ee weidere Kampf geliwwert; an hien huet de Kinnek Schul ergraff an huet hien no Moron gefaange gefouert.

18 An et huet sech erginn: Wéi hien dorunner war, hien hinzeriichten, hunn sech d’Jonge vum Schul bei Nuecht an dem Noah säin Haus geschlach an hunn hien ëmbruecht an hunn d’Dier vum Prisong opgebrach an hire Papp eraus gefouert an hien a sengem Räich op den Troun gesat.

19 Dofir huet de Jong vum Noah säi Räich a senger Plaz opgebaut; mee hunn si iwwert de Kinnek Schul keng Muecht méi gewonnen, an dat Vollek, dat der Regierung vum Kinnek Schul ënnerstoung, ass iwwer d’Moossen opgebléit a gouf grouss.

20 An d’Land gouf gedeelt; an et goufen zwee Räicher, d’Räich vum Schul an d’Räich vum Kohor, dem Noah säi Jong.

21 An de Kohor, dem Noah säi Jong, huet säi Vollek dozou bruecht, dem Schul ee Kampf ze liwweren, wouranner de Schul si geschloen huet an de Kohor ëmbruecht huet.

22 Elo awer hat de Kohor ee Jong, deen Nimrod geheescht huet; an den Nimrod huet dem Kohor säi Räich un de Schul iwwerginn, an hien huet Gonscht an den Ae vum Schul kritt; dofir huet de Schul him grouss Gonscht erwisen, an hien huet am Schul sengem Räich gemaach, wat hie wollt.

23 An ënnert der Regierung vum Schul koumen och Propheten ënner d’Vollek, déi vum Här geschéckt waren, an hu prophezeit, datt d’Béist an de Gëtzendéngscht vum Vollek ee Fluch iwwer d’Land brénge géifen a si géifen zerschloe ginn, wann si net géifen ëmkéieren.

24 An et huet sech erginn: D’Vollek huet d’Prophete veruecht a verspott. An et huet sech erginn: De Kinnek Schul huet Geriicht gehalen iwwert alleguerten, déi d’Prophete veruecht hunn.

25 An hien huet am ganze Land ee Gesetz duerchgesat, dat de Prophete Muecht ginn huet, hinzegoen, wou ëmmer si wollten; an doduerch gouf d’Vollek zur Ëmkéiert bruecht.

26 A well d’Vollek vu sengen Ongerechtegkeeten a sengem Gëtzendéngscht ëmgekéiert ass, huet den Här et verschount; a si hunn ugefaangen, am Land opzebléien. An et huet sech erginn: De Schul huet a sengem héijen Alter Jongen an Duechtere prokreéiert.

27 An et gouf kee weidere Krich méi an den Deeg vum Schul; an hien huet un dat Grousst geduecht, dat den Här fir seng Pappe gemaach hat, andeems hien si iwwert déi grouss Déift an d’versprachent Land gefouert hat; dofir huet hien all seng Deeg a Gerechtegkeet Geriicht gehalen.