Scriptures
Ether 13


13. Kapitel

Den Ether schwätzt vun engem Neie Jerusalem, dat an Amerika vun den Nokomme vum Joseph gebaut gëtt—Hie prophezeit, gëtt verjot, schreift d’Geschicht vun de Jarediten a seet d’Zerstéierung vun de Jaredite viraus—Krich herrscht am ganze Land.

1 An elo fueren ech, de Moroni, weider, mäi Bericht iwwer d’Zerstéierung vum Vollek, vun deem ech geschriwwen hunn, op een Enn ze bréngen.

2 Well kuckt, si hunn all Wierder vum Ether verworf; well hien huet hinne wierklech vun allem erzielt, vum Ufank vum Mënsch un, an datt, nodeems d’Waasser sech vun dësem Land zeréckgezunn hat, et virun allen anere Länner een erwieltent Land gi wier, ee vum Här auserwieltent Land; dofir wollt den Här hunn, datt all Mënschen, déi doranner wunnen, him déngen;

3 an datt et d’Plaz vum Neien Jerusalem wier, dat vum Himmel erofkomme sollt, an den hellege Sanctuaire vum Här.

4 Kuckt, Den Ether huet d’Deeg vum Christus gesinn, an hien huet vun engem Neie Jerusalem an dësem Land geschwat.

5 An hien huet och iwwert d’Haus Israel geschwat, an iwwer Jerusalem, vu wou de Lehi komme wäert—nodeems et zerstéiert gi wier, géif et erëm opgebaut ginn, eng Stad, helleg dem Här; dofir kann et net een neit Jerusalem sinn, well et huet schonn an aler Zäit bestanen; mee et sollt erëm opgebaut ginn an eng helleg Stad vum Här ginn; an et sollt fir d’Haus vun Israel opgebaut ginn—

6 A fir den Iwwerrescht vun den Nokomme vum Joseph géif an dësem Land hei een Neit Jerusalem gebaut ginn, an dofir huet et ee Virbild ginn.

7 Well esou wéi de Joseph säi Papp an d’Land Ägypten erofgeholl huet, sou ass hien awer do gestuerwen; dofir huet den Här een Iwwerrescht vun den Nokomme vum Joseph aus dem Land vu Jerusalem gefouert, fir datt hien zu den Nokomme vum Joseph baarmhäerzeg kéint sinn, fir datt si net ëmkomme géifen, jo, wéi hien zum Joseph sengem Papp baarmhäerzeg war, fir datt hien net ëmkomme géif.

8 Dofir wäert den Iwwerrescht vum Haus Joseph an dësem Land opgebaut ginn; an et wäert ee Land vun hirer Ierfschaft sinn; a si wäerten dem Här eng helleg Stad erriichte wéi dat aalt Jerusalem; a si wäerten net méi duerchernee sinn, bis d’Enn kënnt, wann d’Äerd vergoe wäert.

9 An et wäert een neien Himmel an eng nei Äerd ginn; a se wäerten ewéi déi al sinn, ausser datt déi al vergaange sinn an alles nei ginn ass.

10 An da kënnt dat Neit Jerusalem; a geséint sinn déi, déi doranner wunnen, well si sinn et, deenen hir Kleeder duerch d’Blutt vum Lämmche wäiss sinn; a si sinn et, déi dem Iwwerrescht vun den Nokomme vum Joseph dobäigezielt ginn, déi vum Haus vun Israel waren.

11 An da kënnt och dat aalt Jerusalem; an d’Awunner dovun—geséint sinn si, well si am Blutt vum Lämmche gewäsch goufen; a si sinn déi, déi zerstreet waren an aus de véier Enner vun der Äerd an aus den nërdleche Länner agesammelt goufen, a si hunn Deel un der Erfëllung vun der Allianz, déi Gott mat hirem Papp Abraham gemaach huet.

12 An wann dës Saache geschéien, da geet d’Schrëft an Erfëllung, déi seet: do sinn déi, déi déi éischt waren, déi déi lescht solle sinn; an déi, déi déi lescht waren, déi sollen déi éischt sinn.

13 An ech war dorunner, méi ze schreiwen, mee et ass mir verbuede ginn; mee grouss a wonnerbar waren d’Prophezeiunge vum Ether; mee et huet een hie fir näischt geuecht an huet hien ausgestouss; an hien huet sech an enger Höl am Fielsen am Dag verstoppt, an nuets ass hien erausgaangen, fir ze kucken, wat iwwer d’Vollek komme géif.

14 A wéi hien an der Höl am Fielse gewunnt huet, huet hien nach den iwwregen Deel vun dësem Bericht ugefäerdegt, andeems hien nuets d’Zerstéierunge gekuckt huet, déi iwwer d’Vollek koumen.

15 An et huet sech erginn: Am selwechte Joer, wou hie vum Vollek ausgestouss gouf, huet ee grousse Krich ënnert dem Vollek ugefaangen, well et goufen der vill, déi sech erhuewen hunn, déi mächteg Männer waren an duerno gesicht hunn, de Koriantumr duerch hir geheim Pläng vun der Béist ze vernichten, vun deene gesprach ginn ass.

16 De Koriantumr awer hat sech selwer an all Krichskonscht an aller Schlauheet vun der Welt beléiert, dofir huet hien deenen, déi hie vernichte wollten, ee Kampf geliwwert.

17 Mee hien ass net ëmgekéiert, och net seng schéi Jongen an Duechteren; och net déi schéi Jongen an Duechtere vum Kohor; och net déi schéi Jongen an Duechtere vum Korihor; a schliisslech gouf et ënnert de schéine Jongen an Duechtere keen, dee vu senge Sënden ëmgekéiert ass.

18 Dofir huet et sech erginn: Am éischte Joer, wou den Ether an der Höl am Fielse gewunnt huet, gouf et vill Vollek, dat duerch d’Schwäert vun deene geheime Verbindungen ëmbruecht ginn ass, déi géint de Koriantumr gekämpft hunn, fir d’Räich ze kréien.

19 An et huet sech erginn: D’Jonge vum Koriantumr hu vill gekämpft a vill geblutt.

20 An am zweete Joer ass d’Wuert vum Här un den Ether gaangen, datt hien higoen an dem Koriantumr prophezeie sollt, datt wann hien a säi ganzt Haus ëmkéiere géifen, géif den Här him säi Räich ginn an d’Vollek verschounen—

21 anerefalls géifen si vernicht ginn, och säi ganzt Haus, ausser hie selwer. An hie géif nëmmen nach erliewen, datt sech d’Prophezeiungen erfëllen, déi dovunner gesprach haten, datt een anert Vollek d’Land als Ierfschaft empfänke géif; an de Koriantumr géif vun hinnen ee Begriefnes kréien a jiddwer Séil géif zerstéier ginn, ausser de Koriantumr.

22 An et huet sech erginn: De Koriantumr ass net ëmgekéiert, och net säin Haus, och d’Vollek net; an d’Kricher hunn net opgehalen; an si hunn duerno gesicht, den Ether ëmzebréngen, mee hien ass virun hinne fortgelaf an huet sech erëm an der Höl am Fielsel verstoppt.

23 An et huet sech erginn: Et huet sech de Schared erhuewen, an hien huet dem Koriantumr ee Kampf geliwwert; an hien huet e geschloen, sou datt hien en am drëtte Joer a Gefaangenschaft gefouert huet.

24 An d’Jonge vum Koriantumr hunn de Schared am véierte Joer geschloen an hunn d’Räich fir hire Papp erëm kritt.

25 Elo awer huet am ganze Land ee Krich ugefaangen; jiddwer Mann mat senger Band huet ëm dat gekämpft, wouno et him verlaangt huet.

26 An et goufe Raiber a schliisslech allerhand Béist op der Uewerfläch vum ganze Land.

27 An et huet sech erginn: De Koriantumr war immens rosen op de Schared, an hien ass mat sengen Arméie géint hien zum Kampf gezunn; a si sinn a grousser Roserei openee getraff; an si hunn sech am Dall vu Gilgal begéint; an de Kampf gouf immens hefteg.

28 An et huet sech erginn: De Schared huet dräi Deeg laang géint hie gekämpft. An et huet sech erginn: De Koriantumr huet hie geschloen a verfollegt, bis hien op den Niveau vun Heschlon koum.

29 An et huet sech erginn: De Schared huet him um Niveau erëm ee Kampf geliwwert; a kuckt, hien huet de Koriantumr geschloen an huet hien erëm an den Dall Gilgal zeréck gejot.

30 An de Koriantumr huet dem Schared am Dall Gilgal erëm ee Kampf geliwwert, wouranner hien de Schared geschloen an ëmbruecht huet.

31 An de Schared huet de Koriantumr um Uewerschenkel blesséiert, sou datt hien zwee Joer laang net an de Kampf gezunn ass, a wärend dëser Zäit huet d’ganzt Vollek Blutt vergoss, a kee war do, deen se zeréckgehalen hätt.