Scriptures
Ether 14


14. Kapitel

D’Ongerechtegkeet vum Vollek bréngt e Fluch iwwer d’Land—De Koriantumr féiert Krich géint de Gilead, duerno géint de Lib, an da géint de Shiz—Blutt an Gemetzelt bedecken d’Land.

1 Elo awer huet et ugefaangen, datt sech e grousse Fluch iwwer d’ganz Land geluecht, wéinst den Ongerechtegkeete vum Vollek, esou datt, wann e Mann säin Aarbechtsgeschier oder säi Schwäert op seng Plaz geluecht huet, oder op déi Plaz wou hien se leeë wollt, hien et den nächsten Dag net méi fonnt huet—sou grouss war de Fluch iwwer d’Land.

2 Dofir huet jiddwereen dat, wat säin eege war, mat sengen Hänn festgehalen a wollt weder léinen nach verléinen; a jiddwereen huet de Grëff vu sengem Schwäert an der rietsen Hand gehalen, fir säin Eegentum a säi Liewen a seng Fraen a Kanner ze verdeedegen.

3 An elo, no zwee Joren an nom Doud vum Schared, kuckt, do huet sech de Brudder vum Schared erhuewen an hien huet dem Koriantumr ee Kampf geliwwert, wouranner de Koriantumr hie geschloen huet an hie bis an d’Wüüst vun Akish verfollegt huet.

4 An et huet sech erginn: De Brudder vum Schared huet him an der Wüüst vun Akish ee Kampf geliwwert; an de Kampf gouf immens hefteg, a vill Dausender sinn duerch d’Schwäert gefall.

5 An et huet sech erginn: De Koriantumr huet d’Wüüst belagert; an de Brudder vum Schared ass nuets aus der Wüüst eraus marschéiert an huet een Deel vum Koriantumr senger Arméi ëmbruecht, wéi si bedronk waren.

6 An hien ass weider an d’Land Moron gezunn an huet sech op dem Koriantumr säin Troun gesat.

7 An et huet sech erginn: De Koriantumr ass zwee Jore laang mat senger Arméi an der Wüüst bliwwen, an an där Zäit huet hie vill Verstäerkung fir seng Arméi kritt.

8 De Brudder vum Schared awer, deem säin Numm Gilead war, huet fir seng Arméi och vill Verstäerkung kritt, nämlech opgrond vun de geheime Verbindungen.

9 An et huet sech erginn: Säin Hohepriister huet hien ermort, wou hien op sengem Troun souz.

10 An et huet sech erginn: Ee vun de geheime Verbindungen huet hien an engem geheime Gang ermort an huet fir sech d’Räich kritt; a säin Numm war Lib; an de Lib war ee Mann vu grousser Statur, méi grouss wéi iergendeen aneren ënnert dem ganze Vollek.

11 An et huet sech erginn: Am éischte Joer vum Lib koum de Koriantumr an d’Land Moron erop an huet dem Lib ee Kampf geliwwert.

12 An et huet sech erginn: Hien huet mam Lib gekämpft, an do huet de Lib him op den Aarm geschloen, sou datt hie blesséiert war; mee huet dem Koriantumr seng Arméi esou op de Lib ageschloen, sou datt hien an d’Gebitt un der Mieresküst fortgelaf ass.

13 An et huet sech erginn: De Koriantumr huet hie verfollegt; an de Lib huet him un der Mieresküst ee Kampf geliwwert.

14 An et huet sech erginn: De Lib huet dem Koriantumr seng Arméi geschloen, sou datt si erëm an d’Wüüst vun Akish fortgelaf sinn.

15 An et huet sech erginn: De Lib huet hie verfollegt, bis hien un de Niveau vun Agosh koum. A wéi de Koriantumr virum Lib geflücht ass, huet hien alles Vollek an deen Deel vum Land matgeholl, wouhinner hie geflücht ass.

16 A wéi hien un den Niveau vun Agosh komm war, huet hien dem Lib ee Kampf geliwwert, an hien huet op en ageschloen, bis e gestuerwen ass; mee ass dem Lib säi Brudder a senger Plaz géint de Koriantumr ervirkomm, an de Kampf gouf immens hefteg, an an deem säi Verlaf ass de Koriantumr erëm virun der Arméi vum Lib sengem Brudder fortgelaf.

17 De Numm vum Lib sengem Brudder awer war Schiz. An et huet sech erginn: De Schiz huet de Koriantumr verfollegt, an hien huet vill Stied zu Fall bruecht a vill Fraen a Kanner ëmbruecht, an hien huet d’Stied niddergebrannt.

18 An Angscht virum Schiz huet d’ganzt Land ergraff, jo, ee Jäizen ass duerch d’ganzt Land gaangen: Wie kann der Arméi vum Schiz standhalen? Kuckt, hie kiert d’Äerd virun sech hir!

19 An et huet sech erginn: D’Vollek huet ugefaangen, sech iwwerall am ganze Land zu Arméien zesummenzefannen.

20 A si hunn sech gedeelt; een Deel vun hinnen ass zur Arméi vum Schiz gelaf, an een Deel vun hinnen ass zur Arméi vum Koriantumr gelaf.

21 An esou hefteg an unhalend war de Krich gewiescht an esou laang hunn d’Bluttvergéissen an d’Gemetzelt gedauert, datt dat ganzt Land vun de Läiche vun den Doudege bedeckt war.

22 An de Krich war esou séier a schnell, datt kee méi do war, fir déi Doudeg ze begruewen; si sinn ëmmer weider vu Bluttvergéissen zu Bluttvergéisse gezunn, a si hunn d’Läiche vu Männer, Fraen a Kanner iwwer d’Land verstreet hannerlooss, fir d’Beut vun de Wierm vum Fleesch ze ginn.

23 An de Geroch dovunner ass iwwer d’Land higezunn, jo, iwwer dat ganzt Land; dofir huet de Gestank dovunner dem Vollek bei Dag a bei Nuecht ze schafe gemaach.

24 Mee de Schiz huet net opgehalen, de Koriantumr ze verfollegen; well hien hat geschwuer, hie géif sech um Koriantumr fir d’Blutt vu sengem Brudder, deen ëmbruecht gi war, rächen, an d’Wuert vum Här, dat un den Ether gaange war, nämlech, datt de Koriantumr net duerch d’Schwäert fale sollt, futti maachen.

25 An esou gesi mir, datt den Här si mat der Fëllt vu senger Roserei heemgesicht huet an datt hir Béist an hir Abscheilechkeeten de Wee fir eng éiweg Zerstéierung prett gemaach haten.

26 An et huet sech erginn: De Schiz huet de Koriantumr ëstlech verfollegt, an d’Gebitt un der Mieresküst, an do huet hien dem Schiz dräi Deeg laang ee Kampf geliwwert.

27 An esou schrecklech war d’Vernichtung ënnert den Arméie vum Schiz, datt d’Vollek ugefaangen huet, ze fäerten a virun den Arméie vum Koriantumr fortzelafen; a si sinn an d’Land Korihor geflücht an hunn d’Bewunner virun sech hir gekiert, alleguerten, déi sech hinnen net uschléisse wollten.

28 A si hunn hir Zelter am Dall Korihor opgebaut; an de Koriantumr huet seng Zelter am Dall Schurr opgebaut. D’Dall Schurr awer war no dem Hiwwel Comnor; dofir huet de Koriantumr seng Arméien op dem Hiwwel Comnor gesammelt, an hien huet fir d’Arméie vum Schiz eng Trompett blose gelooss, fir se zum Kampf opzefuerderen.

29 An et huet sech erginn: si sinn erbäi gezunn, goufen awer erëm verjot; a si koumen nach eng Kéier, an erëm goufen si verjot. An et huet sech erginn: Si koumen nach eng drëtte Kéier, an de Kampf ass immens hefteg ginn.

30 An et huet sech erginn: De Schiz huet op de Koriantumr ageschloen, sou datt hien him vill déif Wonnen zougefüügt huet; an de Koriantumr, dee Blutt verluer hat, gouf ohnmächteg a gouf ewech gedroen, wéi wann hien dout wier.

31 De Verloscht u Männer, Fraen a Kanner war awer op béid Säiten esou grouss, datt de Schiz sengem Vollek kommandéiert huet, dem Koriantumr seng Arméien net ze verfollegen; dofir sinn si an hiert Lager zeréckgaangen.