Scriptures
Moroni 9


Déi zweet Epistel vum Mormon u säi Jong Moroni.

Enthält Kapitel 9.

9. Kapitel

Souwuel d’Nephiten ewéi och d’Lamaniten si verduerwen an degeneréiert—Si folteren an ermorden sech géigesäiteg—De Mormon biet, datt Gnod a Guttheet fir ëmmer op dem Moroni roue kënnen. Ongeféier 401 n. Chr.

1 Mäi léiwe Jong, ech schreiwen dir erëm, dir datt s du weess, datt ech nach liewen; mee ech schreiwen dir iwwer eppes, wat Wéi deet.

2 Well kuck, ech hunn ee schwéiere Kampf mat de Lamanite gehat, a mir hunn net gewonnen; an den Archeantus ass duerch d’Schwäert gefall, och de Luram an den Emron; jo, a mir hunn eng grouss Unzuel vun eise gewielte Männer verluer.

3 An elo kuck, mäi Jong, ech fäerten, d’Lamanite wäerten dëst Vollek vernichten; well et kéiert net ëm, an de Satan stëppelt et bestänneg zur Roserei géinteneen op.

4 Kuck, ech méie mech bestänneg mat hinnen; a wann ech d’Wuert Gottes mat voller Däitlechkeet schwätzen, dann zidderen si a si rosen op mech; wann ech et awer net mat Däitlechkeet maachen, da verhäerten si hiert Häerz dogéint; dofir fäerten ech, de Geescht Gottes huet opgehalen, sech mat hinnen ofzeméien.

5 Well si sinn esou immens rosen, datt et mir schéngt, als hätten si keng Angscht virum Dout; a si hunn hir Léift zouenee verluer; a si si bestänneg no Blutt a Rache duuschtereg.

6 An elo, mäi léiwe Jong, trotz hirer Häert, loosse mir fläisseg schaffen; well wa mir ophale mat schaffen, géife mir ënner Verurteelung bruecht ginn; well mir hunn eng Aarbecht ze maachen, wärend mir an dësem Tabernakel aus Leem sinn, fir datt mir de Feind vun all Gerechtegkeet besiigen an eis Séilen am Räich vum Gott raschte kënnen.

7 An elo schreiwen ech dir e bëssen iwwer d’Leide vun dësem Vollek. Well nom Wëssen, dat ech vum Amoron empfaangen hat, kuck, do hunn d’Lamanite vill Gefaangener, déi si vum Tuerm vu Scherrizah geholl haten; an et ware Männer, Fraen a Kanner.

8 An d’Männer a Pappe vun deene Fraen a Kanner hunn si ëmbruecht; a si hunn de Fraen d’Fleesch vun hirem Mann ze iesse ginn an de Kanner d’Fleesch vun hirem Papp; a Waasser hunn si hinne keent ginn, ausser ganz e wéineg.

9 An onbeuecht dëser grousser Abscheilechkeet vun de Lamaniten iwwertrëfft et awer net déi vun eisem Vollek zu Moriantum. Well kuckt, vill vun den Duechtere vun de Lamaniten hunn si gefaange geholl; an nodeems si hinnen dat geholl hunn, wat am léifsten a wäertvollsten iwwer all aner Saache war, nämlech d’Keuschheet an d’Dugend—

10 an nodeems si dat gemaach hunn, hunn si si op héchst grausam Weis ermort, well si hunn hire Léif zu Doud gefoltert; an nodeems si dat gemaach hunn, hunn si hiert Fleesch verschlongen wéi wëll Déieren, wéinst hirer Häerzenshäert; a si maachen dëst als Zeeche vun hirem Mutt.

11 O mäi léiwe Jong, wéi kann esou ee Vollek, dat ouni jiddwer Zivilisatioun ass—

12 (an nëmmen e puer Joer si vergaangen, zënter si een ziviliséiert an angeneemt Vollek waren),

13 Mee mäi Jong, wéi kann e Vollek wéi dëst, dat sou vill Freed un sou vill Abscheilechkeet huet—

14 wéi kënne mir erwaarden, datt Gott seng Hand um Geriicht géint eis stoppe wäert?

15 Kuck, mäin Häerz jäizt: Wéi dësem Vollek. Trëtt ervir a Rechtsspriechung, O Gott, a verstopp hir Sënden an hir Béist an hir Abscheilechkeete virun dengem Gesiicht!

16 A weider, mäi Jong, et ginn och vill Wittfraen an hir Duechteren, déi a Scherrizah bliwwe sinn; an deen Deel vun de Reserven, deen d’Lamaniten net ewech gefouert hunn, kuck, deen huet d’Arméi vum Zenephi ewech gefouert an iwwerléisst et hinnen, hin an hir ze sträifen, wouhinner och ëmmer, fir Iessen ze sichen; a vill al Frae ginn ënnerwee schwaach a stierwen.

17 An déi Arméi, déi bei mir ass, ass schwaach; an d’Arméie vun de Lamanite stinn tëschent Scherrizah a mir; an alleguerten, déi zur Arméi vum Aaron geflücht sinn, sinn hirer fuerchtbare Brutalitéit zum Affer gefall.

18 O wéi eng Verworfenheet vu mengem Vollek! Si halen sech u keng Uerdnung a sinn ouni Baarmhäerzegkeet. Kuck, ech sinn nëmmen ee Mënsch, an ech hunn nëmmen d’Stäerkt vun engem Mënsch, an ech ka meng Befeeler net méi duerchsetzen.

19 A si sinn an hirer Perversioun staark ginn; a si sinn alleguerte gläich schlëmm a verschoune keen, weder al nach jonk; a si freeën sech un allem, ausser un deem, wat gutt ass; an d’Leide vun eise Fraen a Kanner iwwerschreit alles; jo, d’Zong kann et net soen, et léisst sech och net nidderschreiwen.

20 An elo, mäi Jong, verbleiwen ech net méi laang bei dëse schreckleche Biller. Kuck, du kenns d’Béist vun dësem Vollek; du weess, datt si ouni Grondsaz sinn a kee Gefill méi hunn; an hir Béist ass schlëmmer wéi déi vun de Lamaniten.

21 Kuck, mäi Jong, ech kann si Gott net u recommandéieren, well hie mech soss schléit.

22 Mee kuck, mäi Jong, ech recommandéieren dech u Gott, an ech vertrauen op Christus, datt s du erléist wäerts sinn; an ech bieden zu Gott, hie géif däi Liewe verschounen, fir de Retour vu sengem Vollek zu him ze gesinn, oder awer seng vëlleg Zerstéierung; well ech weess, si mussen ëmkommen, wann si net ëmkéieren an zu him zeréckkommen.

23 A wann si ëmkommen, da wäert et si wéi mat de Jarediten, wéinst dem Eegesënn vun hirem Häerz, dat no Blutt a Vergeltung sicht.

24 A wann si ëmkommen, wësse mir, datt sech vill vun eise Bridder zu de Lamaniten eriwwer ofgespléckt hunn, a vill weiderer wäerten sech zu hinnen eriwwer ofsplécken; dofir schreif nach e wéineg nidder, falls du verschount bleifs an ech ëmkommen an dech net gesinn; mee ech vertrauen dorobber, datt ech dech gläich gesinn; well ech hunn helleg Opzeechnungen, déi ech dir iwwerliwwere wëll.

25 Mäi Jong, sief trei am Glawen u Christus; a géif dat, wat ech geschriwwen hunn, dir net wéi doen, sou datt et dech bis an den Doud nidder drécke géif; mee géif Christus dech erhiewen, a géifen seng Leiden a säin Doud an datt hien eise Pappe säi Leif gewisen huet, jo, géifen seng Baarmhäerzegkeet a Gedold an d’Hoffnung op seng Herrlechkeet an op éiwegt Liewe fir ëmmer an dengem Häerz verbleiwen.

26 A géifen d’Gnod Gottes vum Papp, deem säin Troun héich an den Himmelen ass, an eisen Här Jesus Christus, deen zur rietsen Hand vu senger Muecht sëtzt, bis him alles ënnerworf ass, fir ëmmer mat dir sinn a bei dir verbleiwen. Amen.