Scriptures
Moroni 8


8. Kapitel

D’Daf vu klenge Kanner ass eng béis Abscheilechkeet—Kleng Kanner si lieweg am Christus wéinst der Versönung—Glawen, Ëmkéiert, Duussheet a Bescheidenheet vum Häerz, den Hellege Geescht kréien a bis zum Schluss aushalen, féieren zur Erléisung. Ongeféier 401–421 n. Chr.

1 Eng Epistel vu mengem Papp Mormon, geschriwwen u mech, de Moroni; an e gouf gläich no menger Beruffung zum geeschtlechen Déngscht geschriwwen. An op dës Weis huet hie mir geschriwwen, nämlech:

2 Mäi léiwe Jong Moroni, ech freeë mech iwwer d’Moossen, datt däin Här Jesus Christus denger geduecht huet an dech zu sengem geeschtlechen Déngscht a sengem hellege Wierk beruff huet.

3 Ech gedenken denger ëmmer a menge Gebieder, well ech biede bestänneg zu Gott dem Papp am Numm vu sengem Hellege Kand Jesus, hie géif dech duerch seng onendlech Guttheet a Gnod beschützen, sou datt s du am Glawen u säin Numm bis un d’Enn aushäls.

4 An elo, mäi Jong, schwätzen ech zu dir iwwer dat, wat mir iwwer d’Moosse wéi deet; well et deet mir wéi, datt ënnert iech Ausenanersetzungen opkommen.

5 Well wann ech d’Wourecht héieren hunn, sou huet et ënnert iech Ausenanersetzungen iwwer d’Daf vun äre klenge Kanner ginn.

6 An elo, mäi Jong, wënschen ech, dir géift iech äifreg dorëmmer beméien, datt dëse schwéiere Feeler ënnert iech ausradéiert gëtt; well zum dësem Zweck schreiwen ech dës Epistel.

7 Well direkt nodeems ech dëst vun dir gewuer gi sinn, hunn ech den Här a Bezuch op dës Saach befrot. An d’Wuert vum Här ass u mech gaangen duerch d’Muecht vum Hellege Geescht, nämlech:

8 Lauschter op d’Wierder vum Christus, dengem Erléiser, dengem Här an dengem Gott. Kuck, ech koum an d’Welt, net fir déi Gerecht zur Ëmkéiert ze ruffen, mee d’Sënder; déi Gesond brauche keen Dokter, mee déi, déi krank sinn; kleng Kanner awer si gesond, well si sinn net fäeg, Sënd ze begoen; dofir ass a mir de Fluch vum Adam vun hinne geholl, sou datt e keng Muecht iwwert si huet; an d’Gesetz vun der Beschneidung ass a mir ofgeschaaft.

9 An op dës Weis huet mir den Hellege Geescht d’Wuert Gottes manifestéiert; dofir, mäi léiwe Jong, weess ech, datt et ee feierlecht Gespött viru Gott ass, wann dir kleng Kanner deeft.

10 Kuck, ech soen dir: Dir sollt dëst enseignéieren—Ëmkéiert an Daf fir déijéineg, déi zourechnungsfäeg an amstand sinn, Sënd ze begoen; jo, enseignéiert d’Elteren, datt si ëmkéieren an sech deefe loossen an sech wéi hir kleng Kanner humiliéiere mussen, da wäerten si all mat hire klenge Kanner erléist ginn.

11 An hir kleng Kanner brauche keng Ëmkéiert a keng Daf. Kuck, d’Daf ass fir d’Ëmkéiert, fir d’Geboter ze erfëllen, déi der Verzeiung vun de Sënden déngen.

12 Mee kleng Kanner sinn a Christus lieweg, souguer vun der Grënnung vun der Welt un; wär et net esou, da wär Gott ee parteiesche Gott an och ee verännerleche Gott a géif bei de Mënschen Ënnerscheeder maachen; well wéi vill kleng Kanner sinn ouni Daf gestuerwen!

13 Wann also kleng Kanner ouni Daf net erléist kéinte ginn, hätten si an eng endlos Hell misse kommen.

14 Kuck, ech soen dir: Wien do mengt, kleng Kanner bräichten d’Daf, dee befënnt sech an der Gal vun der Batterkeet an an de Fessele vun der Ongerechtegkeet, well hien huet weder Glawen nach Hoffnung nach Nächsteléift; dofir muss hien, falls hien ewech geschnidde gëtt, soulaang hien nach esou denkt, an d’Hell erofgoen.

15 Well et ass eng fuerchtbar Béist, unzehuelen, Gott erléist dat eent Kand wéinst der Daf, an dat anert misst ëmkommen, well et keng Daf kritt huet.

16 Wéi deenen, déi d’Weeër vum Här op dës Weis pervertéieren, well si wäerten ëmkommen, wann si net ëmkéieren. Kuck, ech schwätzen ouni Angscht, well ech hunn Autoritéit vu Gott; an ech fäerten näischt, wat Mënsche maache kënnen, well vollkomme Léift verdreift all Angscht.

17 An ech si vun Nächsteléift erfëllt, déi eng éiweg Léift ass; dofir si fir mech all Kanner gläich; dofir hunn ech déi kleng Kanner mat vollkommener Léift gären; a si sinn alleguerte gläich an hunn un der Erléisung Deel.

18 Well ech weess, datt Gott kee parteiesche Gott ass, och kee verännerlecht Wiesen; mee hien ass onverännerlech vun all Éiwegkeet bis an all Éiwegkeet.

19 Kleng Kanner kënnen net Ëmkéiert üben; dofir ass et eng fuerchtbar Béist, déi reng Baarmhäerzegkeet Gottes fir si ze verleegnen, well si si wéinst senger Baarmhäerzegkeet alleguerten an him lieweg.

20 A wien do seet, kleng Kanner bräichten d’Daf, verleegent d’Baarmhäerzegkeet vum Christus an uecht seng d’Versönung an d’Muecht vu senger Erléisung fir näischt.

21 Wéi deenen, well si sinn a Gefor vum Doud, der Hell an enger onendlecher Qual. Ech soen dat ouni Angscht; Gott huet et mir gebueden. Lauschtert dach no, a beuecht et, soss wäert dëst um Riichterstull Christi géint iech opstoen.

22 Well gesitt dach, all kleng Kanner sinn a Christus lieweg, genausou och alleguerten déi, déi ouni Gesetz sinn. Well d’Muecht vun der Erléisung kënnt allen zegutt, déi kee Gesetz hunn; dofir kann, wien net verurteelt ginn ass oder wien ënner kenger Verurteelung steet, net Ëmkéiert üben; an esou engem nëtzt d’Daf näischt—

23 mee et ass ee Gespött viru Gott, wann een d’Baarmhäerzegkeet vum Christus an d’Muecht vu sengem Hellege Geescht verleegent a Vertrauen an doudeg Wierker setzt.

24 Kuck, mäi Jong, dës sollt net esou sinn; well d’Ëmkéiert ass fir déijéineg, déi ënnert Schëllegspriechung an ënnert dem Fluch vun engem gebrachene Gesetz stinn.

25 An déi éischt Fruucht vun der Ëmkéiert ass d’Daf; an d’Daf kënnt aus dem Glawen, wouduerch een d’Geboter erfëllt; an d’Erfëllung vun de Geboter bréngt d’Verzeie vun de Sënden;

26 an d’Verzeie vun de Sënden bréngt d’Duussheet an d’Humilitéit vum Häerz; an op Duussheet a Bescheidenheet vum Häerz hi kënnt de Besuch vum Hellege Geescht, an dësen Tréischter erfëllt mat Hoffnung a vollkommener Léift, an d’Léift hält duerch Fläiss am Gebiet aus, bis d’Enn kënnt, wou all Helleger mat Gott wunne wäerten.

27 Kuck, mäi Jong, ech wäert dir erëm schreiwen, falls ech net scho bal géint d’Lamaniten auszéien. Kuck, de Stolz vun dëser Natioun, nämlech dem Vollek vun den Nephiten, erweist sech als hir Zerstéierung, wann si net ëmkéieren.

28 Biet fir si, mäi Jong, fir datt hinnen Ëmkéiert zoukënnt. Mee kuck, ech fäerten, de Geescht huet opgehalen, sech mat hinnen ofzeméien; an an dësem Deel vum Land sichen si och duerno, all Muecht an Autoritéit, déi vu Gott kënnt, erofzesetzen; a si verleegnen den Hellege Geescht.

29 An nodeems si een esou grousst Wësse verwerfen, mäi Jong, mussen si gläich ëmkommen, fir datt sech d’Prophezeiungen erfëllen, déi vun de Propheten ausgesprach gi sinn, a och d’Wierder vun eisem Erléiser selwer.

30 Lief wuel, mäi Jong, bis ech dir erëm schreiwen oder dech erëm treffen. Amen.