Scriptures
Moroni 6


6. Kapitel

Persoune, déi ëmkéieren, gi gedeeft an an d’Gemeinschaft opgeholl—De Membere vun der Kierch, déi ëmkéieren, gëtt verzien—D’Versammlunge gi vun der Muecht vum Hellege Geescht geleet. Ongeféier 401–421 n. Chr.

1 An elo schwätzen ech iwwer d’Daf. Kuckt, Eelsten, Priister an Enseignante goufe gedeeft; an si goufen net gedeeft, ausser si hu Fruucht gedroen, déi derzou bäidroe konnten, datt si et wierdeg waren.

2 Och hunn si kee fir d’Daf ugeholl, ausser hien ass mat gebrachenem Häerz a bereiendem Geescht virgetrueden an huet der Kierch bezeit, datt hie wierklech vun all senge Sënden ëmgekéiert war.

3 A kee gouf fir d’Daf ugeholl, deen net den Numm vum Christus op sech geholl huet mat der Entschlossenheet, him bis un d’Enn ze déngen.

4 An nodeems si d’Daf ugeholl haten, an duerch d’Muecht vum Hellege Geescht verwandelt a gerengegt goufen, goufen si zu de Membere vun der Kierch vum Christus gezielt; an hir Nimm goufen opgeschriwwen, fir datt si net vergiess géife ginn a géife gestäerkt ginn duerch dat gutt Wuert vu Gott, fir si um richtege Wee ze halen, fir si bestänneg am Gebiet waakreg ze erhalen, an sech eleng op d’Verdéngschter vum Christus ze verloossen, deen den Auteur an de Vollender vun hirem Glawen ass.

5 An d’Kierch huet sech dacks versammelt, fir ze faaschten an ze bieden a mateneen iwwer d’Wuelergoe vun hirer Séil ze schwätzen.

6 A si hunn sech dacks versammelt, fir zum Gediechtnes vum Här Jesus Brout a Wäin zou sech ze huelen.

7 A si hu streng dorobber opgepasst, datt et ënnert hinne keng Ongerechtegkeet géif ginn; a wa festgestallt gouf, datt ee Béises begaangen huet, a wann dräi Zeie vun der Kierch hie virun den Eelste schëlleg gesprach hunn a wann hien net Ëmkéiert geüübt an net bekannt huet, sou ass säin Numm ausgeläscht ginn, an hie gouf net méi dem Vollek vum Christus dobäi gezielt.

8 Mee esou dacks si Ëmkéiert geüübt a mat wierklechem Virsaz no Verzeiung gesicht hunn, ass hinne verzie ginn.

9 An hir Versammlunge goufe vun der Kierch esou, wéi de Geescht op si agewierkt huet, an duerch d’Muecht vum Hellege Geescht dirigéiert; well ewéi d’Muecht vum Hellege Geescht si dirigéiert huet, sief et ze priedegen oder ze ermanen oder ze bieden oder ze suppliéieren oder ze sangen, esou ass et geschitt.