5. Kapitel
D’Aart a Weis wéi de Wäi fir de Sakrament zerwéiert gëtt, gëtt festgeluecht. Ongeféier 401–421 n. Chr.
1 D’Aart a Weis, de Wäin ze séinen—Kuckt, si hunn de Kellech geholl a gesprach:
2 O Gott, Éiwege Papp, mir bieden dech am Numm vun dengem Jong, Jesus Christus, séin an helleg dëse Wäi fir d’Séil vun all deenen, déi dovunner drénken, fir datt si et zur Erënnerung un d’Blutt vun dengem Jong maachen, dat fir si vergoss gouf, fir datt si dir, O Gott, Éiwege Papp, temoignéieren, datt si wierklech ëmmer un hien denken, fir datt säi Geescht mat hinne wier. Amen.