Scriptures
Moroni 1


D’Buch vum Moroni

1. Kapitel

De Moroni schreift zum Wuel vun de Lamaniten—D’Nephiten, déi Christus net verleegnen, ginn ëmbruecht. Ongeféier 401–421 n. Chr.

1 Mee nodeems ech, de Moroni, mat der Ofkierzung vum Bericht vum Vollek vum Jared op en Enn komm war, hat ech gemengt, näischt méi ze schreiwen ze hunn; mee ech sinn nach ëmmer do; an ech weise mech de Lamaniten net, soss vernichten si mech.

2 Well kuckt, hir Kricher ënnerenee sinn immens hefteg; a wéinst hirem Haass riichten si jiddwer Nephit hin, deen de Christus net verleegne wëll.

3 An ech, de Moroni, wëll de Christus net verleegnen; dofir wanderen ech iwwerall hin, wou ech mengem Liewe sécher ka sinn.

4 Dofir schreiwen ech eppes méi, entgéint deem, wat ech gemengt hat; well ech hat gemengt, näischt méi ze schreiwen ze hunn; mee ech schreiwen nach e bësse méi, fir datt et vläicht fir meng Bridder, de Lamaniten, enges Daags an der Zukunft vu Wäert wier, nom Wëlle vum Här.