Scriptures
Mormon 9


9. Kapitel

De Moroni rifft déi, déi net u Christus gleewen, op, ëmzekéieren—Hie verkënnegt e Gott vu Wonner, deen Offenbarunge gëtt, a Gaben an Zeeche fir déi Gleeweg ausschëtt—Wonner héieren op wéinst Ongleewegt—Zeeche verfollegen déi, déi gleewen—D’Mënsche ginn exhortéiert, schlau ze sinn an d’Geboter ze halen. Ongeféier 401–421 n. Chr.

1 An elo wëll ech och a Bezuch op déijéineg schwätzen, déi net u Christus gleewen.

2 Kuckt, wäert dir un deem Dag, wou dir heemgesicht gitt, gleewen—kuckt, wann den Här kënnt, jo, souguer un deem groussen Dag, wou d’Äerd wéi eng Schrëftrull zesummegerullt gëtt, an d’Elementer mat gliddeger Hëtzt schmëlzen, jo, un deem groussen Dag, wou dir virun d’Lämmche vu Gott bruecht gitt—wäert dir da soen, datt et kee Gott gëtt?

3 Wäert dir dann nach méi laang de Christus verleegnen, oder kënnt dir dann d’Lämmche vu Gott gesinn? Mengt dir dann, dir wäert mat deem Bewosstsinn vun ärer Schold bei him wunne kënnen? Mengt dir dann, et géif iech glécklech maachen, bei dësem hellege Wiesen ze wunnen, wou dach är Séil vum Scholdbewosstsi geplot ass, datt dir seng Gesetzer ëmmer fir net seriö geholl hutt?

4 Kuckt, ech soen iech: Dir wäert vill méi miserabel drun, wann dir bei engem hellegen a gerechte Gott wunne géift, am Bewosstsinn, datt dir virun him dreckeg sidd, wéi wann dir bei de verdammte Séilen an der Hell wunne géift.

5 Well kuckt, wann dir viru Gott bruecht gitt, fir är Blouss ze gesinn, an och d’Herrlechkeet vu Gott an d’Hellegkeet vum Jesus Christus, da wäert an iech eng Flam entfachen, e Feier, dat net ausgemaach ka ginn.

6 Dofir, o dir, déi dir net gleeft, wennt iech zum Här; jäizt mächteg zum Papp am Numm vum Jesus, fir datt dir vläicht awer um groussen a leschten Dag als ouni Feeler, reng, schéin a wäiss befonnt gitt, nodeems dir duerch d’Blutt vum Lämmche gebotzt gi sidd.

7 An ech schwätzen nach eng Kéier zu iech, déi d’Offenbarunge vu Gott verleegnen a soen, datt se ewechgeholl sinn, datt et keng Offenbarungen, keng Prophezeiungen, keng Gaben, keng Heelung, keng Zongeried, a keng Interpretatioun vun der Zongeried gëtt;

8 kuckt, ech soen iech: Wien dat verleegent, dee kennt d’Evangelium vum Christus net; jo, hien huet d’Schrëften net gelies, a wann, sou versteet hien se net.

9 Well liese mir net, datt Gott deselwechten ass gëschter, haut a fir ëmmer an datt et an him kee Verännerlecht, keng Spuer vun enger Ännerung gëtt?

10 An elo, wann dir iech ee Gott agebilt hutt, deen sech verännert oder an deem et och nëmmen eng Spuer vun enger Ännerung gëtt, dann hutt dir iech ee Gott agebilt, deen net ee Gott vu Wonner ass.

11 Mee kuckt, ech wäert iech ee Gott vu Wonner weisen, jo, de Gott vum Abraham an de Gott vum Isaak an de Gott vum Jakob; an et ass dëse selwechte Gott, deen d’Himmelen an d’Äerd an alles, wat doranner ass, erschaf huet.

12 Kuckt, hien huet den Adam erschaf, an duerch den Adam koum de Fall vum Mënsch. A wéinst dem Fall vum Mënsch koum de Jesus Christus, jo, de Papp an de Jong; a wéinst dem Jesus Christus koum d’Erléisung vum Mënsch.

13 A wéinst der Erléisung vum Mënsch, déi duerch de Jesus Christus etabléiert ginn ass, ginn si an d’Géigewaart vum Här zeréckbruecht; jo, dat ass et, wouduerch all Mënschen erléist ginn, well den Doud vum Christus d’Opersteeung etabléiert, an dëst etabléiert d’Erléisung vun engem Schlof ouni Enn, an aus dësem Schlof wäerten all Mënschen duerch d’Muecht Gottes erwächt ginn, wann d’Trompett kléngt; a si wäerten ervirkommen, kleng a grouss, an alleguerte wäerten si viru sengem Geriicht stoen, well si sinn erléist a vun den éiwege Bänner vum Doud lassgemaach, an dësen Doud ass een zäitlechen Doud.

14 An da kënnt de Riichtersproch vum Hellegen iwwert si; an da kënnt déi Zäit, wou deen, deen dreckeg ass, och dann nach dreckeg wäert sinn; a wie gerecht ass, dee wäert och dann nach gerecht sinn; a wie glécklech ass, dee wäert och dann nach glécklech sinn; an wien onglécklech ass, dee wäert och dann nach onglécklech sinn.

15 An elo, o dir alleguerten, déi dir iech ee Gott agebilt hutt, dee keng Wonner bewierke kann, wëll ech iech froen: Ass dëst alles vergaangen, wouvunner ech gesprach hunn? Ass d’Enn scho komm? Kuckt, ech soen iech: Nee, a Gott huet net opgehalen, ee Gott vu Wonner ze sinn.

16 Kuckt, ass net dat, wat Gott bewierkt huet, an ären Ae wonnerbar? Jo, a wie kann déi wonnerbar Wierker vu Gott erfaassen?

17 Wie wëll soen, et wier net ee Wonner, datt duerch säi Wuert Himmel an Äerd sinn an datt duerch d’Muecht vu sengem Wuert de Mënsch aus dem Stëbs vun der Äerd erschaf gouf an datt duerch d’Muecht vu sengem Wuert Wonner bewierkt goufen?

18 A wie wëll soen, de Jesus Christus hätt net vill mächteg Wonner bewierkt? A vill mächteg Wonner goufen duerch d’Hand vu den Apostele bewierkt.

19 A wann deemools Wonner bewierkt goufen, wéi huet da Gott opgehalen, ee Gott vun de Wonner ze sinn, an ass awer een onverännerlecht Wiesen? A kuckt, ech soen iech: Hien ännert sech net; well wann et esou wär, géif hien ophalen, Gott ze sinn; an hien huet net opgehalen, Gott ze sinn, well hien ass ee Gott vun de Wonner.

20 An de Grond, firwat hien opgehalen huet, Wonner ënnert de Mënschekanner ze wierken, ass deen, datt si an Onglawe verfalen a vum richtege Wee ofwäichen an de Gott net erkennen, op deen si vertraue sollten.

21 Kuckt, ech soen iech: Wien u Christus gleeft an net zweiwelt, deem wäert dat, wat hie vum Papp am Numm vum Christus biet, accordéiert ginn; an dëst Verspriechen ass fir alleguerten, jo, bis un d’Enner vun der Äerd.

22 Well kuckt, sou huet de Jesus Christus, de Jong vu Gott, zu senge Jünger, déi bleiwe sollten, gesprach, jo, an och zu all senge Jünger, an d’Leit hunn et héieren: Gitt hin an all Welt, a priedegt d’Evangelium jiddwer Kreatur;

23 a wien do gleeft a sech deefe léisst, dee wäert erléist ginn, mee wien net gleeft, dee wäert verdaamt ginn;

24 an dës Zeeche wäerten deenen nofollegen, déi do gleewen: A mengem Numm wäerten si Däiwelen ausdreiwen; a si wäerte mat neien Zonge schwätzen; si wäerte Schlaangen ophiewen; a wann si eppes Déidleches drénken, wäert et hinnen net schueden; si wäerten de Kranken d’Hänn opleeën, an déi wäerten sech erhuelen;

25 a wien u mäin Numm gleeft an an näischt zweiwelt, deem wëll ech all meng Wierder bestätegen, jo, bis un d’Enner vun der Äerd.

26 An elo, kuckt, wie ka géint d’Wierker vum Här bestoen? Wie kann seng Wierder verleegnen? Wie wäert sech géint déi allmächteg Muecht vum Här opstellen? Wie wäert d’Wierker vum Här veruechten? Wie wäert d’Kanner vum Christus veruechten? Kuckt, all dir, déi d’Wierker vum Här veruechten, well dir wäert iech wonneren an ëmkommen.

27 Dofir veruecht net a verwonnert iech net, mee lauschtert op d’Wierder vum Här, a biet de Papp am Numm vum Jesus ëm alles, wat dir braucht. Zweiwelt net, mee sidd gleeweg, a fänkt ewéi an alen Zäiten un a kommt zum Här mat ganzem Häerzen, a bewierkt är Erléisung mat Angscht an Ziddere virun him.

28 Sidd weis an de Deeg vun ärer Proufzäit; leet all Onrengheet of; frot net, fir et an äre Begieren ze verbrauchen, mee frot mat onerschëtterlecher Festegkeet, datt dir kenger Versuchung nogitt, mee dem richtegen a liewege Gott déngt.

29 Kuckt, datt dir iech net onwierdeg deefe loosst; kuckt, datt dir net onwierdeg vum Sakrament vum Christus huelt; mee kuckt, datt dir alles a Wierdegt maacht an datt dir et am Numm vum Jesus Christus maacht, dem Jong vum liewege Gott; a wann dir dëst maacht a bis un d’Enn aushaalt, wäert dir op kee Fall ausgestouss ginn.

30 Kuckt, ech schwätzen zu iech, wéi wann ech vun den Doudegen hir schwätzen; well ech weess, datt dir meng Wierder wäert hunn.

31 Spriecht mech net schëlleg wéinst menger Onvollkommenheet, och net mäi Papp wéinst senger Onvollkommenheet, och net déijéineg, déi virun him geschriwwen hunn; mee dankt villméi Gott, datt hien iech eis Onvollkommenheet manifestéiert huet, fir datt dir léiert, méi weis ze sinn, wéi mir et gewiescht sinn.

32 An elo kuckt, mir hunn dëse Bericht geschriwwen no eisem Wëssen, an der Schrëft, déi mir ënnert eis reforméiert Ägyptesch nennen, iwwerliwwert a vun eis ofgeännert, no eiser Manéier fir ze Schwätzen.

33 A wann eis Placke grouss genuch gewiescht wären, sou hätte mir hebräesch geschriwwen; mee och dat Hebräescht ass vun eis ofgeännert ginn; a wa mir hebräesch hätte schreiwe kënnen, kuckt, sou hätt dir an eisem Bericht keng Onvollkommenheet gehat.

34 Mee den Här weess dat, wat mir geschriwwen hunn, an och, datt keen anert Vollek eis Sprooch kennt; dofir huet hie fir seng Iwwersetzung Mëttel virbereet.

35 An dëst ass geschriwwen, fir datt mir eis Kleeder vum Blutt vun eise Bridder rengegen, déi an Onglawe verfall sinn.

36 A kuckt, dës Saachen, déi mir eis fir eis Bridder gewënscht hunn, jo, souguer hir Restauratioun an d’Wësse vum Christus, sinn no de Gebieder vun all den Hellegen, déi am Land gewunnt hunn.

37 A géif den Här Jesus Christus erlaben, datt hir Gebieder no hirem feste Glawen erhéiert ginn; a géif Gott de Papp der Allianz gedenken, deen hie mam Haus vun Israel gemaach huet; a géif hien si fir ëmmer séinen duerch feste Glawen un den Numm vum Jesus Christus. Amen.