2. Kapitel
De Mormon féiert d’nephitesch Arméien un—Blutt a Gemetzelt erwëschen d’Land—D’Nephiten traueren a kräische mat der Trauer vun de Verdaamten—Hiren Dag vun der Gnod ass eriwwer—De Mormon kritt d’Placke vum Nephi—D’Kricher gi weider. Ongeféier 327–350 n. Chr.
1 An et huet sech erginn: Am selwechte Joer huet erëm ee Krich tëschent den Nephiten an de Lamaniten ugefaangen. An onofhängeg vu menge jonke Jore war ech grouss u Statur; dofir huet d’Vollek Nephi mech zu hirem Führer oder zum Führer vun hiren Arméie bestëmmt.
2 Dofir huet et sech erginn: A mengem siechzéngte Joer sinn ech un der Spëtzt vun enger nephiteschen Arméi géint d’Lamaniten eraus gezunn; also waren dräihonnertsechsanzwanzeg Joer vergaangen.
3 An et huet sech erginn: Am dräihonnertsiwwenanzwanzegte Joer koumen d’Lamanite mat extrem grousser Muecht iwwert eis, sou datt si meng Arméien erschreckt hunn; dofir wollten si net kämpfen, a si hunn ugefaangen, sech an déi nërdlech Länner zeréckzezéien.
4 An et huet sech erginn: Mir koumen zur Stad Angola, a mir hunn se a Besëtz geholl an hu Virbereedunge getraff, eis géint d’Lamaniten ze verdeedegen. An et huet sech erginn: Mir hunn d’Stad mat aller Kraaft befestegt; mee onofhängeg vun all eise Befestegunge koumen d’Lamaniten iwwert eis an hunn eis aus der Stad verjot.
5 A si hunn eis och aus dem Land David verjot.
6 A mir si weider marschéiert a koumen an d’Land Joshua, dat am Grenzgebitt westlech un der Mieresküst louch.
7 An et huet sech erginn: Mir hunn eist Vollek esou schnell ewéi méiglech gesammelt, fir et enk zesummenzeschléissen.
8 Mee kuckt, d’Land war voll vu Raiber a Lamaniten; an onofhängeg vun der groussen Zerstéierung, déi iwwert mengem Vollek houng, ass et vu senge béisen Doten net ëmgekéiert; dofir huet sech Blutt a Gemetzelt iwwer d’ganz Land ausgebreet, souwuel op Säite vun den Nephiten ewéi och op Säite vun de Lamaniten; an iwwerall am ganze Land gouf et eng komplett Upassung.
9 Elo haten d’Lamaniten awer ee Kinnek, a säin Numm war Aaron; an hie koum mat enger Arméi vu véieravéierzegdausend géint eis. A kuckt, ech hunn him mat zweeavéierzegdausend widderstanen. An et huet sech erginn: Ech hunn hie mat menger Arméi geschloen, sou datt hie viru mir fortgelaf ass. A kuckt, all dëst ass geschitt, an dräihonnertdrësseg Joer ware vergaangen.
10 An et huet sech erginn: D’Nephiten hunn ugefaangen, vun hiren Ongerechtegkeeten ëmzekéieren, an hunn ugefaange mat jäizen, wéi et vum Prophet Samuel prophezeit gi war; well kuckt, kee konnt dat, wat säin eege war, festhalen, an zwar wéinst den Déif, an de Raiber, an de Mäerder, an der Magie, an der Hexekonscht, déi et am Land ginn ass.
11 An dowéinst hunn am ganze Land een Traueren a Lamentéieren ugefaangen, besonnesch awer ënnert dem Vollek Nephi.
12 An et huet sech erginn: Wéi ech, de Mormon, hiert Lamentéieren an Traueren an hier Suerge virum Här gesinn hunn, huet mäin Häerz ugefaangen, sech a mir ze freeën, well ech hunn d’Baarmhäerzegkeet a Gedold vum Här kannt; dofir hunn ech gemengt, hie géif zu hinne baarmhäerzeg sinn, a si géifen erëm ee gerecht Vollek ginn.
13 Mee kuckt, dës Freed war ëmsoss, well hier Trauer net zur Ëmkéiert war, wéinst der Guttheet vu Gott; mee et war éischter d’Trauer vun de Verdaamten, well den Här net ëmmer erlaabt huet, datt si an der Sënd Gléck fannen.
14 A si koumen net mat gebrachenem Häerz a bereiendem Geescht bei de Jesus, mee hu Gott verflucht a gewënscht ze stierwen. An awer wollten si mam Schwäert ëm hiert Liewe kämpfen.
15 An et huet sech erginn: Meng Suerg ass erëm zu mir zeréckkomm, an ech hu gesinn, datt den Dag vun der Gnod un hinne laanschtgaange war, souwuel zäitlech wéi och geeschteg; well ech hu gesinn, wéi Dausende vun hinnen an oppener Rebellioun géint hire Gott zesummegeschloen a gläich wéi Mëscht um Buedem op gestapelt goufen. An esou waren dräihonnertvéieravéierzeg Joer vergaangen.
16 An et huet ech erginn: Am dräihonnertfënnefavéierzegte Joer hunn d’Nephiten ugefaangen, virun de Lamanite fortzelafen; a si goufe verfollegt, sou datt si bis an d’Land Jashon koumen, bevir et méiglech war, si op hirem Réckzuch unzehalen.
17 Elo war d’Stad Jashon awer no vun deem Land, wou den Ammaron d’Opzeechnunge fir den Här hannerluecht hat, fir datt se net vernicht géifen. A kuckt, ech war nom Wuert vum Ammaron higaangen an hat d’Placke vum Nephi geholl an hunn no de Wierder vum Ammaron ee Bericht geschriwwen.
18 An op de Placke vum Nephi hunn ech e komplette Bericht iwwer all d’Béist an d’Abscheilechkeeten opgestallt; awer op dëse Placken hunn ech et vernoléissegt, e komplette Bericht iwwer hir Béist an hir Abscheilechkeeten opzestellen, well kuckt, eng stänneg Zeen vu Béist an Abscheilechkeeten ass mir virun Aen, zënter ech amstand war, d’Weeër vum Mënsch ze beobachten.
19 A Wéi ass mir wéinst hirer Béist; well mäin Häerz ass wéinst hirer Béist vu Suerg erfëllt, all meng Deeg; mee ech weess: Ech wäert um leschten Dag héich gehuewe ginn.
20 An et huet sech erginn: An dësem Joer gouf d’Vollek Nephi erëm gehetzt a gejot. An et huet sech erginn: Mir goufe weider gejot, bis mir nërdlech an d’Land komm waren, dat Schem geheescht huet.
21 An et huet sech erginn: Mir hunn d’Stad Schem befestegt, a mir hunn eist Vollek erabruecht, souwäit et méiglech war, fir et vläicht virun der Vernichtung ze retten.
22 An et huet sech erginn: Am dräihonnertsechsavéierzegte Joer hunn si ugefaangen, erëm iwwert eis ze kommen.
23 An et huet sech erginn: Ech hunn zu mengem Vollek gesprach an et mat vill Energie inspiréiert, ouni Angscht virun de Lamaniten ze bestoen a fir hier Fraen a Kanner an hier Haiser an hiert Doheem ze kämpfen.
24 A meng Wierder hunn si eenegermoossen zu Ausdauer opgerëselt, sou vill, datt si virun de Lamaniten net fortgelaf sinn, mee hinne staark Resistenz geleescht hunn.
25 An et huet sech erginn: Mir hu mat enger Arméi vun drëssegdausend géint eng Arméi vu fofzegdausend gestridden. An et huet sech erginn: Mir hunn hinne mat esou enger Festegkeet widderstanen, datt si virun eis fortgelaf sinn.
26 An et huet sech erginn: Wéi si fortgelaf waren, hu mir si mat eisen Arméie verfollegt a sinn erëm op si getraff an hunn si geschloen; mee war d’Stäerkt vum Här net mat eis; jo, mir sinn eis selwer iwwerlooss bliwwen, sou datt de Geescht vum Här net an eis war; dofir ware mir schwaach ginn ewéi eis Bridder.
27 An mäin Häerz war voller Trauer wéinst dëser grousser Katastroph vu mengem Vollek, wéinst hirer Béist an hiren Abscheilechkeeten. Mee kuckt, mir si géint d’Lamaniten an d’Gadiantonraiber gezunn, bis mir d’Länner vun eiser Ierfschaft erëm an eise Besëtz geholl haten.
28 An dat dräihonnertnéngavéierzegt Joer war vergaangen. An am dräihonnertfofzegte Joer hu mir mat de Lamaniten an de Gadiantonraiber ee Kontrakt gemaach, wouranner mir d’Länner vun eiser Ierfschaft opgedeelt hunn.
29 An d’Lamaniten hunn eis d’Land nërdlech ginn, jo, bis zum enken Duerchgang, deen zum Land südlech gefouert huet. A mir hunn de Lamaniten alles Land südlech ginn.