Scriptures
Mormon 1


D’Buch vum Mormon

1. Kapitel

Den Ammaron instruéiert de Mormon iwwert déi helleg Opzeechnungen—Krich fänkt tëscht den Nephiten an de Lamaniten un—Déi Dräi Nephiten ginn ewechgeholl—Béist, Ongleewegt, Zauberkonscht an Hexerei huelen zou. Ongeféier 321–326 n. Chr.

1 An elo maachen ech, Mormon, ee Bericht vun deem, wat ech gesinn an héieren hunn, an nennen en d’Buch vum Mormon.

2 An ongeféier zu där Zäit, wou den Ammaron d’Opzeechnunge fir den Här verstoppt huet, koum hie bei mech (ech war ongeféier zéng Joer al an hunn ugefaangen, entspriechend dem Wësse vu mengem Vollek e bësse beléiert ze sinn); an den Ammaron huet zu mir gesprach: Ech gesinn, du bass een eescht Kand an talentéiert am Beobachten;

3 dofir, wann s du eng Kéier véieranzwanzeg Joer al bass, hätt ech gären, datt s du dech un dat erënners, wat s du a Bezuch op dëst Vollek beobacht huet: a wann s du esou al bass, géi an d’Land Antum op een Hiwwel, dee Schim genannt gëtt; an do hunn ech fir den Här all helleg Gravéierungen a Bezuch op dëst Vollek hannerluecht.

4 A kuck, du solls d’Placke vum Nephi un dech huelen, an dat iwwregt solls du un deem Uert loossen, wou et ass; an du solls op de Placke vum Nephi alles agravéieren, wat s du a Bezuch op dëst Vollek beobacht hues.

5 An ech, Mormon, deen ech een Nofollger vum Nephi sinn (an den Numm vu mengem Papp war Mormon), hu mech un dat erënnert, wat den Ammaron mir gebueden hat.

6 An et huet sech erginn: Wéi ech eelef Joer al war, gouf ech vu mengem Papp an d’Land südlech bruecht, jo, an d’Land Zarahemla.

7 Dat ganzt Land war voll mat Bauwierker, an d’Vollek war bal esou vill, wéi wann et Sand um Mier wier.

8 An et huet sech erginn: An dësem Joer huet ee Krich ugefaangen tëschent den Nephiten, déi aus den Nephiten an de Jakobiten an de Josephiten an den Zoramiten bestanen hunn;an dëse Krich war tëschent den Nephiten an de Lamaniten an de Lemueliten an den Ischmaeliten.

9 D’Lamaniten a Lemueliten an Ischmaeliten goufe Lamanite genannt, an déi béid Parteie waren d’Nephiten an d’Lamaniten.

10 An et huet sech erginn: De Krich tëschent hinnen huet am Grenzgebitt vun Zarahemla ugefaangen, un de Waasser vum Sidon.

11 An et huet sech erginn: D’Nephiten hunn eng grouss Unzuel vu Männer zesummebruecht, jo, un Zuel méi ewéi drëssegdausend. An et huet sech erginn: Si haten an dësem selwechte Joer eng Unzuel vu Kämpfen, an deenen d’Nephiten d’Lamanite geschloen hunn a vill vun hinnen ëmbruecht hunn.

12 An et huet sech erginn: D’Lamaniten hu vun hire Pläng ofgelooss, an am Land ass Fridden hiergestallt ginn; an ongeféier véier Joer laang ass Fridde bestoe bliwwen, sou datt et kee Bluttvergéisse ginn ass.

13 Mee d’Béist huet am ganze Land Iwwerhand geholl, sou datt den Här seng léif Jünger ewechgeholl huet, an datt Wonner an Heelunge wéinst den Ongerechtegkeete vum Vollek opgehalen hunn.

14 An et goufe keng Gabe méi vum Här, a wéinst hirer Béist an hirer Ongleewegt koum den Hellege Geescht iwwer kee méi.

15 An ech, wéi ech fofzéng Joer al war a relativ erniichter war, dofir gouf ech vum Här besicht, an hunn d’Guttheet vum Jesus geschmaacht a kannt.

16 An ech wollt ufänken, dësem Vollek ze priedegen, mee de Mond gouf mir verschloss, an et gouf mir verbueden, hinnen ze priedegen; well kuckt, si hunn sech virsätzlech géint hire Gott rebelléiert; a wéinst hiren Ongerechtegkeete sinn déi léif Jünger aus dem Land ewechgeholl ginn.

17 Mee ech sinn ënnert hinne verbliwwen, mee wéinst hirer Häerzenshäert gouf et mir verbueden, hinnen ze priedegen; an d’Land gouf wéinst hirer Häerzenshäert verflucht.

18 An dës Gadiantonraiber, déi sech ënnert de Lamanite befonnt hunn, hunn d’Land onsécher gemaach, sou vill, datt d’Bewunner ugefaangen hunn, hier Schätz an der Äerd ze verstoppen; well se sinn hinnen entwutscht, well den Här d’Land verflucht hat, sou datt si se weder festhalen nach zeréckkréie konnten.

19 An et huet sech erginn: Et gouf Zauberei an Hexekonscht a Magie; an d’Muecht vum Béisen huet sech am ganze Land ausgewierkt, jo, sou datt sech all Wierder vum Abinadi an och vum Samuel dem Lamanitt erfëllt hunn.