Scriptures
Mormon 5


5. Kapitel

De Mormon féiert d’nephitesch Arméien erëm an d’Schluechte vu Blutt a Gemetzelt—D’Buch vum Mormon kënnt eraus, fir ganz Israel ze iwwerzeegen, datt de Jesus de Christus ass—Wéinst hirer Ongleewegt ginn d’Lamanite verstreet, an de Geescht wäert ophalen, mat hinnen ze kämpfen—Si kréien d’Evangelium vun den Heiden an de leschten Deeg. Ongeféier 375–384 n. Chr.

1 An et huet sech erginn: Ech sinn zu den Nephiten higaangen, an et huet mech den Eed bereit, deen ech geleescht hat, datt ech hinnen net méi bäistoe géif; a si hu mir erëm de Kommando iwwert hier Arméie ginn, well si hunn zu mir erop gebléckt, wéi wann ech si aus hire Problemer befreie kéint.

2 Mee kuckt, ech war ouni Hoffnung, well ech hunn d’Strofgeriicht vum Här kannt, dat iwwert si komme wäert; well si si vun hiren Ongerechtegkeeten net ëmgekéiert, mee hu gekämpft ëm hiert Liewen, ouni deen unzeruffen, deen si erschaf hat.

3 An et huet sech erginn: D’Lamanite si géint eis gezunn, wou mir zur Stad Jordan geflücht waren; mee kuckt, si sinn zeréck gejot ginn, sou datt si deemools d’Stad net ageholl hunn.

4 An et huet sech erginn: Si sinn erëm géint eis gezunn, a mir hunn d’Stad behaapt. An et goufen och aner Stied, déi vun den Nephite behaapt gi sinn, an dës Festungen hunn hinnen de Wee ofgeschnidden, sou datt si net an dat Land virun eis komme konnten, fir d’Bewunner vun eisem Land ze vernichten.

5 An et huet sech erginn: Wa mir duerch iergendwellech Länner gezu sinn an hier Bewunner net gesammelt gi sinn, sou goufen si vun de Lamanite vernicht, an hier Uertschaften an Dierfer a Stied goufen niddergebrannt; an esou sinn dräihonnertnéngasiwwenzeg Joer vergaangen.

6 An et huet sech erginn: Am dräihonnertachtzegte Joer koumen d’Lamaniten erëm zum Kampf géint eis, a mir hunn hinnen ouni Angscht widderstanen; mee et war alles fir näischt, well sou grouss war hier Unzuel, datt si d’Vollek vum Nephi ënnert hire Féiss zertrëppelt hunn.

7 An et huet sech erginn: Mir hunn erëm d’Flucht ergraff, an déijéineg, déi op der Flucht méi schnell waren ewéi d’Lamaniten, sinn entkomm, an déijéineg, deenen hier Flucht de Lamaniten u Schnellegkeet net iwwertraff huet, goufen nidder gemaach a vernicht.

8 An elo kuckt: Ech Mormon, hunn net de Wonsch, Mënscheséilen doduerch ze quälen, datt ech hinnen esou fuerchtbar Biller vu Blutt a Gemetzelt virun Ae féieren, wéi se mir virun Ae gefouert goufen; mee ech weess, datt dëst gewise muss ginn an datt alles, wat verstoppt ass, vun den Hausdiech erof reveléiert muss ginn—

9 An och soll d’Wëssen iwwer dës Saachen zum Iwwerrescht vun dësem Vollek kommen, an och un d’Heiden, vun deenen den Här gesot huet, datt si dëst Vollek zerstreeë sollen, an dëst Vollek sollt bei hinnen als näischt gezielt ginn—dofir schreiwen ech eng kuerz Zesummefaassung, well ech mech net trauen, e vollstännege Bericht iwwer dat ze ginn, wat ech gesinn hunn, wéinst dem Gebot, dat ech empfaangen hunn, an och fir datt dir net ze vill Trauer hutt wéinst der Béist vun dësem Vollek.

10 A kuckt, dëst soen ech zu hiren Nokommen an och zu den Aneren, déi ëm d’Haus vun Israel besuergt sinn, déi nämlech erkennen a wëssen, vu wouhier hier Seenunge kommen.

11 Well ech weess, datt si sech wéinst der Fatalitéit vum Haus vun Israel schummen; jo, si wäerten sech wéinst der Zerstéierung vun dësem Vollek schummen; si wäerten sech schummen, datt dëst Vollek net ëmgekéiert ass, sou datt de Jesus et a seng Äerm hätt kënnen huelen.

12 Dëst hei ass awer fir den Iwwerrescht vum Haus vum Jakob geschriwwen; an et gëtt op dës Weis geschriwwen, well Gott weess, datt d’Béist et net fir si ervirbrénge kann; an et wäert fir den Här verstoppt ginn, fir zu där vun him bestëmmten Zäit ervirzekommen.

13 An dëst ass d’Gebot, dat ech empfaangen hunn, a kuckt, et wäert nom Gebot vum Här ervirkommen, wann hien et a senger Weisheet fir richteg hält.

14 A kuckt, et wäert un déi Ongleeweg ënnert de Judde kommen, an zwar zu dësem Zweck—datt si sech iwwerzeege loossen, datt de Jesus de Christus ass, de Jong vum liewege Gott; datt de Papp duerch säi Jong, deen hie vill gären huet, seng grouss an éiweg Absicht ausféiert, andeems hien d’Judden oder d’ganzt Haus vun Israel erëm an d’Land vun hirer Ierfschaft féiert, dat den Här, hire Gott, hinne ginn huet, fir seng Allianz ze erfëllen;

15 an och, datt d’Nokomme vun dësem Vollek nach méi u säin Evangelium gleewen, dat vun den Aneren aus un si ergoe wäert; well dëst Vollek wäert zerstreet ginn a wäert een donkelt, een dreckegt an een eeklegt Vollek ginn, iwwert d’Beschreiwung vun deem eraus, wat jeemools ënnert eis gewiescht ass, jo souguer iwwer dat eraus, wat ënnert de Lamanite war, an dëst wéinst hirer Ongleewegt an hirem Gëtzendéngscht.

16 Well kuckt, de Geescht vum Här huet schonn opgehalen, sech mat hire Pappen ofzeméien; a si sinn ouni Christus a Gott an der Welt; a si ginn hin an hier gejot ewéi Spree virum Wand.

17 Si waren eemol een angeneemt Vollek, a si haten de Christus als hiren Hiert; jo, si goufe souguer vum Gott de Papp gefouert.

18 Mee elo, kuckt, si gi vum Satan ronderëm gefouert, sou wéi d’Spree virum Wand gedriwwe gëtt, oder wéi e Schëff op de Wellen hin an hier gehäit gëtt, ouni Seegel oder Anker, oder ouni eppes fir et ze steieren; a sou wéi dëst ass, sou sinn si och.

19 A kuckt, den Här huet hier Seenungen zeréckgehalen, déi si am Land hätten empfänke kënnen, an zwar wéinst den Aneren, déi d’Land besëtze wäerten.

20 Mee kuckt, et wäert sech erginn: Si wäerte vun den Anere gejot an zerstreet ginn; an nodeems si vun den Anere verjot an zerstreet gi sinn, kuckt, da wäert den Här der Allianz gedenken, deen hie fir den Abraham a fir d’ganzt Haus vun Israel gemaach huet.

21 An den Här wäert och de Gebieder vun de Gerechte gedenken, déi fir si virun hie bruecht gi sinn.

22 An dann, o dir Anerer, wéi kënnt dir virun der Muecht Gottes bestoen, wann dir net ëmkéiert an iech vun äre béise Weeër ëmdréint?

23 Wësst dir net, datt dir an den Hänn Gottes sidd? Wësst dir net, datt hien all Muecht huet an datt op säi grousse Befeel d’Äerd zesummegerullt wäert gi wéi eng Buchroll?

24 Dofir kéiert ëm, an humiliéiert iech virun him, fir datt hien net mat Rechtsspriechung géint iech ervirtrëtt—fir datt net een Iwwerrescht vum Jakob sengen Nokommen ënnert iech higeet wéi ee Léif, an iech a Stécker räisst,a keen ass do, dee befreit.