7. Kapitel
De Mormon invitéiert d’Lamanite vun de leschten Deeg, un de Christus ze gleewen, Säin Evangelium unzehuelen a gerett ze ginn—All déi, déi un d’Bibel gleewen, wäerten och un d’Buch vum Mormon gleewen. Ongeféier 385 n. Chr.
1 An elo kuckt, ech wëll iech e puer Saachen zum Iwwerrescht vun dësem Vollek soen, dat verschount bliwwen ass, sou wäit Gott hinne meng Wierder gëtt, fir datt si vun hire Pappe wëssen; jo, ech schwätzen zu iech, dir Iwwerrescht vum Haus vun Israel; an dëst sinn d’Wierder, déi ech schwätzen:
2 Wësst, datt dir vum Haus vun Israel sidd.
3 Wësst, datt dir zur Ëmkéiert komme musst, soss kënnt dir net erléist ginn.
4 Wësst, datt dir är Krichswaffen nidderleeë musst an iech net méi u Bluttvergéisse freeën dierft, se och net méi ophuelen dierft, ausser Gott kommandéiert et iech.
5 Wësst, datt dir zum Wësse vun äre Pappe kommt, a vun all äre Sënden an Ongerechtegkeeten ëmkéiere musst, an un de Jesus Christus gleewe musst, datt hien de Jong vu Gott ass, an datt hie vun de Judden ëmbruecht gouf, an duerch d’Muecht vum Papp erëm operstan ass, wouduerch hien d’Victoire iwwer d’Graf gewonnen huet; an och an him ass de Stachel vum Doud verschléckt.
6 An hien huet och d’Opersteeung vun den Doudegen etabléiert, wouduerch de Mënsch op erwächt muss ginn, fir viru sengem Riichterstull ze stoen.
7 An hien huet d’Erléisung vun der Welt eriwwerbruecht, wouduerch deen, deen um Dag vum Geriicht virun him ouni Schold fonnt gëtt, et him gi gëtt, an der Géigewaart vu Gott a sengem Räich ze wunnen, fir mat de Choueren uewe stänneg ze luewen, dem Papp, dem Jong an dem Hellege Geescht, déi ee Gott sinn, an engem Zoustand vu Gléck, dat keen Enn huet.
8 Dofir kéiert ëm, a loosst iech am Numm vum Jesus deefen, an erfaasst d’Evangelium vum Christus, dat virun iech gesat gëtt, net nëmmen an dësem Bericht, mee och an deem Bericht, dee vun de Judden zu den Anere komme wäert, an dëse Bericht wäert da vun den Aneren zu iech kommen.
9 Well kuckt, dësen hei ass zu deem Zweck geschriwwe ginn, fir datt dir deem anere Bericht gleeft; a wann dir deem anere gleeft, sou wäert dir och dësem gleewen; a wann dir dësem gleeft, sou wäert dir Wëssen hunn a Bezuch op är Pappen an déi wonnerbar Wierker, déi duerch d’Muecht vu Gott ënnert hinne gewierkt ginn ass.
10 An dir wäert och wëssen, datt dir een Iwwerrescht vun den Nokomme vum Jakob sidd; dofir sidd dir dem Vollek vun der éischten Allianz dobäigezielt; a wann dir u Christus gleeft an iech deefe loosst, fir d’éischt mat Waasser an da mat Feier an dem Hellege Geescht, andeems dir dem Beispill vun eisem Retter follegt, no deem, wat hien eis gebueden huet, da wäert et um Dag vum Geriicht mat iech wuel sinn. Amen.