Scriptures
Mormon 4


4. Kapitel

Krich a Gemetzelt gi weider—Déi Béis bestrofen déi Béis—Eng nach vill méi grouss Béist wéi jeemools virdrun herrscht a ganz Israel—Fraen a Kanner ginn den Idoler geaffert—D’Lamanite fänken un, d’Nephiten virun hinnen ze verdreiwen. Ongeféier 363–375 n. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: Am dräihonnertdräiasiechzegte Joer sinn d’Nepite mat hiren Arméien aus dem Land Verwüüstung zum Kampf géint d’Lamanite gezunn.

2 An et huet sech erginn: D’Arméie vun den Nephite sinn an d’Land Verwüüstung zeréck gejot ginn. A wéi si nach midd waren, koum eng frësch Arméi vun de Lamaniten iwwert si; a si haten ee schwéiere Kampf, esou schwéier, datt d’Lamaniten d’Stad Verwüüstung a Besëtz geholl hunn a vill vun den Nephite ëmbruecht a vill Gefaangener gemaach hunn.

3 An den Iwwerrescht ass fortgelaf an huet sech den Awunner vun der Stad Teankum ugeschloss. D’Stad Teankum awer huet am Gebitt vun der Mieresküst geleeën; a se war och no vun der Stad Verwüüstung.

4 A well d’Arméie vun den Nephiten zu de Lamaniten eropgezu waren, ass et geschitt, datt si ugefaangen hunn, geschloen ze ginn; well wann dat net geschitt wär, hätten d’Lamanite keng Muecht iwwert si gehat.

5 Mee kuckt, d’Strofgeriicht Gottes kënnt iwwert déi Béis, an déi Béis ginn eben duerch déi Béis bestrooft; well et sinn déi Béis, déi de Mënschekanner d’Häerz zum Bluttvergéissen incitéieren.

6 An et huet sech erginn: D’Lamaniten hu Virbereedunge getraff, fir géint d’Stad Teankum ze zéien.

7 An et huet sech erginn: Am dräihonnertvéierasiechzegte Joer sinn d’Lamanite géint d’Stad Teankum gezunn, fir och d’Stad Teankum a Besëtz ze huelen.

8 An et huet sech erginn: si goufe vun den Nephiten zeréckgeschloen a verjot. A wéi d’Nephite gesinn hunn, datt si d’Lamanite verjot haten, hunn si sech erëm mat hirer eegener Stäerkt gebretzt; an si si mat aller Muecht higaangen an hunn d’Stad Verwüüstung erëm a Besëtz geholl.

9 Dëst alles awer war geschitt, an et waren op béid Säiten Dausender ëmbruecht ginn, souwuel Nephiten ewéi och Lamaniten.

10 An et huet sech erginn: Dat dräihonnertsechsasiechzegt Joer war vergaangen, an d’Lamanite koumen erëm zum Kampf iwwer d’Nephiten; an awer sinn d’Nephiten net vun deem Béisen ëmgekéiert, wat si gemaach haten, mee si bestänneg an hirer Béist verbliwwen.

11 An et ass onméiglech, datt d’Zong et beschreiwen oder datt de Mënsch eng vollkomme Beschreiwung vun de grujelege Biller vu Blutt a Gemetzelt nidderschreiwe kann, déi et ënner dem Vollek ginn ass, souwuel bei den Nephiten ewéi och bei de Lamaniten; a jiddwer Häerz war haart, sou datt si sech bestänneg um Bluttvergéisse gefreet hunn.

12 An et gouf nach ni sou eng grouss Béist ënnert all de Kanner vum Lehi, nach ënnert dem ganzen Haus vun Israel, no de Wierder vum Här, wéi et ënnert dësem Vollek war.

13 An et huet sech erginn: D’Lamaniten hunn d’Stad Verwüüstung a Besëtz geholl, an zwar, well hier Unzuel d’Unzuel vun den Nephiten iwwertraff huet.

14 A si sinn och géint d’Stad Teankum eramarschéiert an hunn d’Awunner doraus verjot an hu vill Gefaangener gemaach, souwuel Frae wéi och Kanner, an hunn si hire Gëtze-Gëtter als Affer duerbruecht.

15 An et huet sech erginn: Am dräihonnertsiwenasiechzegte Joer waren d’Nephite rosen, well d’Lamaniten hier Fraen a Kanner geaffert haten, sou datt si mat extrem grousser Roserei géint d’Lamanite gezu sinn, sou datt si d’Lamaniten erëm geschloen hunn an si aus hire Länner verjot hunn.

16 An d’Lamaniten si bis zum dräihonnertfënnefasiwwenzegte Joer net méi géint d’Nephite gezunn.

17 An an dësem Joer koumen si mat aller Muecht géint d’Nephiten erof; a wéinst hirer groussen Unzuel goufen si net gezielt.

18 A vun dëser Zäit un hunn d’Nephitë keng Muecht méi iwwer d’Lamanite gewonnen, mee hunn ugefaangen, vun hinnen iwwerrannt ze ginn, datt si vergaange sinn ewéi den Tau virun der Sonn.

19 An et huet sech erginn: D’Lamanite koume géint d’Stad Verwüüstung erof; an et gouf am Land Verwüüstung een extrem schwéiere Kampf gekämpft, wouranner si d’Nephite geschloen hunn.

20 A si sinn erëm virun hinne fortgelaf a koumen zur Stad Boas; an do hunn se de Lamanite mat immens grousser Audacitéit Widderstand geleescht, sou vill, datt d’Lamaniten si net geschloen hunn, bis si déi nächste Kéier géint si komm sinn.

21 A wéi si déi nächste Kéier komm waren, goufen d’Nephite gejot an an engem immens grousse Gemetzelt hi geschluecht; hier Fraen a Kanner goufen erëm de Gëtzen geaffert.

22 An et huet sech erginn: Erëm sinn d’Nephite virun hinne fortgelaf an hunn all Awunner matgeholl, souwuel aus de Stied wéi och aus den Dierfer.

23 Ech, Mormon, hunn awer gesinn, datt d’Lamaniten dorunner waren, d’Land ze vernichten; dofir sinn ech zum Hiwwel Schim gaangen an hunn all Opzeechnungen u mech geholl, déi den Ammaron fir den Här verstoppt hat.