Scriptures
Mormon 8


8. Kapitel

D’Lamanite sichen an zerstéieren d’Nephiten—D’Buch vum Mormon wäert duerch d’Muecht vu Gott erauskommen—Leed gëtt iwwer déi ausgeschwat, déi Roserei a Sträit géint d’Wierk vum Här ausblosen—D’nephitesch Opzeechnung wäert un engem Dag vu Béist, Degeneratioun an Apostasie erauskommen. Ongeféier 400–421 n. Chr.

1 Kuckt, ech, de Moroni, féieren de Bericht vu mengem Papp Mormon zu Enn. Kuckt, ech hunn nëmmen e bëssen ze schreiwen, an dat ass mir vu mengem Papp gebuede ginn.

2 An elo huet et sech erginn: Nom groussen an entsetzleche Kampf bei Cumorah, kuckt, do goufen d’Nephiten, déi an d’Land südlech entkomm waren, vun de Lamanite gehetzt, bis si alleguerte vernicht waren.

3 An och mäi Papp gouf vun hinnen ëmbruecht, an ech sinn eleng iwwreg gebliwwen, fir déi traureg Geschicht vun der Vernichtung vu mengem Vollek nidderzeschreiwen. Mee kuckt, si sinn dohinner, an ech erfëllen d’Gebot vu mengem Papp. An ob si mech ëmbrénge wäerten, dat weess ech net.

4 Dofir wëll ech schreiwen an d’Opzeechnungen an der Äerd verstoppen; an et mécht näischt aus, wouhinner ech ginn.

5 Kuckt, mäi Papp huet dëse Bericht ugefäerdegt, an hien huet säin Zweck niddergeschriwwen. A kuckt, och ech géif en nidderschreiwen, wann ech op de Placken dofir nach Plaz hätt, mee ech hunn se net; an Äerz hunn ech keent, well ech sinn eleng. Mäi Papp ass an deem Kampf ëmbruecht ginn, genausou ewéi meng ganz Famill, an ech hu keng Frënn an néierens fir hinzegoen; a wéi laang den Här et zouloosse wäert, datt ech liewen, dat weess ech net.

6 Mee kuckt, zënter dem Komme vun eisem Här a Retter si véierhonnert Joer vergaangen.

7 A kuckt, d’Lamaniten hu mäi Vollek, d’Nephiten, vu Stad zu Stad a vun Uert zu Uert gehetzt, jo, bis et si net méi gëtt; a grouss ass hiert Fale gewiescht; jo, grouss a wonnerbar ass d’Zerstéierung vu mengem Vollek, den Nephiten.

8 A kuckt, d’Hand vum Här huet dat gemaach. A kuckt och, d’Lamanite befannen sech mateneen am Krich; an dat ganzt Land ass eng bestänneg Ronn vu Mord a Bluttvergéissen; a kee weess d’Enn vum Krich.

9 An elo, kuckt, ech soen näischt méi iwwert si, well ausser Lamaniten a Raiber ass am ganze Land kee méi do.

10 An et gëtt keen, deen de richtege Gott kennt, ausser d’Jünger vum Jesus, déi am Land verbliwwe sinn, bis d’Béist vum Vollek esou grouss war, datt den Här si net méi beim Vollek verbleiwe gelooss huet; an ob si sech am Land befannen, dat weess kee Mënsch.

11 Mee kuckt, mäi Papp an ech hunn si gesinn, a si hunn eis gedéngt.

12 A wien dëse Bericht empfänkt an en net wéinst den Onvollkommenheete verurteelt, déi doranner sinn, dee wäert nach méi Grousses wësse wéi dëst. Kuckt, ech sinn de Moroni; a wann et méiglech wär, géif ech iech alles verkënnegen.

13 Kuckt, ech halen op, a Bezuch op dëst Vollek ze schwätzen. Ech sinn de Jong vum Mormon, a mäi Papp war een Nofollger vum Nephi.

14 An ech selwer sinn et, deen dëse Bericht fir den Här verstoppt; d’Placken dovunner si vu kengem Wäert, well den Här et esou gebueden huet. Well hien huet wierklech gesot, datt keen se wäert hunn, fir Gewënn doraus ze zéien; mee de Bericht dorobber ass vu groussem Wäert; a wien en un d’Luucht bréngt, dee wäert den Här séinen.

15 Well keen huet d’Muecht, et zum Liicht ze bréngen, ausser et gëtt him vu Gott ginn; well Gott wëll, datt et nëmme geschitt mat engem Bléck op seng Herrlechkeet, oder op d’Wuel vum anticken a laang verstreete Vollek vun der Allianz vum Här.

16 A geséint sief, wien dëst un d’Luucht bréngt; well et soll aus der Däischtert un d’Luucht bruecht ginn nom Wuert Gottes; jo, et soll aus der Äerd ervirbruecht ginn an aus der Däischtert liichten an dem Vollek Wësse bréngen; an dat wäert duerch d’Muecht Gottes geschéien.

17 A wann doranner Feeler sinn, sou sinn et Feeler vun engem Mënsch. Mee kuckt, mir kenne kee Feeler; trotzdeem weess Gott alles; dofir, dee verurteelt, soll oppassen, datt hien net a Gefor vum Feier vun der Hell kënnt.

18 An deen, dee seet: Weis et mir, soss gëss du geschloen—hie soll oppassen, datt hien net dat befielt, wat vum Här verbueden ass.

19 Well kuckt, deen, dee vireileg riicht, gëtt och selwer vireileg geriicht; well no senge Wierker wäert hien och säi Loun kréien. Dofir, deen dee schléit, dee wäert vum Här nees geschloe ginn.

20 Kuckt, wat d’Schrëft seet—De Mënsch soll net schloen, nach soll e verurteelen; well d’Rechtsspriechung ass mäin, seet den Här, an och d’Vergeltung ass mäin, an ech wäert zeréckbezuelen.

21 An deen, dee Roserei a Streidereie géint d’Wierk vum Här a géint d’Vollek vun der Allianz vum Här, dat d’Haus vun Israel ass, ausbléist, a seet: Mir wäerten d’Wierk vum Här zerstéieren, an den Här wäert sech net u seng Allianz erënneren, déi hie mam Haus vun Israel gemaach huet—deem seng Séil ass a Gefor, ofgehaen a an d’Feier geworf ze ginn;

22 well déi éiweg Absicht vum Här wäert weider rullen, bis sech all seng Verspriechen erfëllt wäerten hunn.

23 Fuerscht an de Prophezeiunge vum Jesaja. Kuckt, ech kann se net nidderschreiwen. Jo, kuckt, ech soen iech: Déi Helleger, déi viru mir dohinner gaange sinn an dëst Land besëtzt hunn, wäerte jäizen, jo, aus dem Stëbs wäerten si zum Här jäizen; an esou wouer den Här lieft, wäert hien der Allianz gedenken, deen hie mat hinne gemaach huet.

24 An hie kennt hier Gebieder, déi do zu Gonschte vun hire Bridder duerbruecht goufen. An hie kennt hire feste Glawen, well a sengem Numm konnten si Bierger versetzen; an a sengem Numm konnten si d’Äerd biewe loossen; an duerch d’Muecht vu sengem Wuert hunn si Prisongen astierze gelooss; jo, souguer de Feieruewe konnt hinnen net schueden, och net wëll Déieren oder Gëftschlaangen, an zwar wéinst der Muecht vu sengem Wuert.

25 A kuckt, hier Gebieder waren och fir deejéinegen, deen den Här dëst hei ervirbrénge loosse wäert.

26 A keen däerf soen, et wäert net ervirkommen, well et wäert gewëss ervirkommen, well den Här huet et gesot; well aus der Äerd wäert et kommen, duerch d’Hand vum Här, a kee kann se zeréckhalen; an et wäert un engem Dag kommen, wou ee soe wäert, et gi keng Wonner méi; an et wäert esou kommen, als géif ee vun den Doudegen hier schwätzen.

27 An et wäert un engem Dag kommen, wou d’Blutt vun den Helleger zum Här wäert jäize wéinst de geheime Verbindungen an de Wierker vun der Däischtert.

28 Jo, et wäert un engem Dag kommen, wou d’Muecht vu Gott verleegent gëtt a wou Kierchen entweit wäerte sinn an sech an hirem Häerzensstolz iwwerhiewen, jo, un engem Dag, wou d’Führer vu de Kierchen an d’Instructeuren an hirem Häerzensstolz iwwerhieflech sinn, sou datt si vun deene beneit ginn, déi zu hire Kierche gehéieren.

29 Jo, et wäert un engem Dag kommen, wou ee vu Feier an Onwiederen an Damp a frieme Länner héiere wäert;

30 an et wäert een och vu Kricher a Krichsgerüchter héieren, vun Äerdbiewen u verschidde Plazen.

31 Jo, et wäert un engem Dag kommen, wou et op der Uewerfläch vun der Äerd grouss Verschmotzunge wäert ginn; do wäert et Mord ginn a Vol a Léien an Täuschung a Prostitutioun an allerhand Abscheilechkeet; do wäert et vill ginn, déi schwätzen: Maach dëst oder maach dat, an et mécht näischt, well den Här wäert esou een um leschten Dag héichhalen. Mee wéi hinnen, well si sinn an der Gall vun der Batterkeet an an de Fessele vun der Ongerechtegkeet.

32 Jo, et wäert un engem Dag kommen, wou ee Kierchen opriichte wäert, déi soen: Komm bei mech, a fir däi Geld wäerten dir d’Sënde vergi ginn.

33 O dir béist a perverst an tockskäppegt Vollek, firwat hutt dir Kierchen fir iech selwer opgeriicht, fir Gewënn ze kréien? Firwat hutt dir dat hellegt Wuert vu Gott verännert, fir datt dir Verdaamt iwwert är Séile brénge kënnt? Kuckt, bléckt op d’Offenbarunge vu Gott; well kuckt, d’Zäit kënnt un deem Dag, wou sech dëst alles erfëlle muss.

34 Kuckt, den Här huet mir Grousses a Wonnerbares a Bezuch op dat gewisen, wat a kuerzem komme muss, un deem Dag, wou dëst hei ënnert iech ervirkomme muss.

35 Kuckt, ech schwätzen zu iech, wéi wann dir géigewäerteg wiert, an dach sidd dir et net. Mee kuckt, de Jesus Christus huet iech mir gewisen, an ech weess, wat dir maacht.

36 An ech weess, datt dir am Stolz vun ärem Häerz wandelt; an ausser e puer wéineger gëtt et keen, dee sech net a sengem Häerzensstolz iwwerhieft, sou datt e ganz schéi Kleeder dréit, sou datt et Näid a Sträit a Béiswëlleges a Verfollgung an allerhand Ongerechtegkeete gëtt; an är Kierchen, jo, alleguerten, si wéinst ärem Häerzensstolz verschmotz ginn.

37 Well kuckt, dir hutt d’Geld an äre Besëtz an är schéi Kleeder an d’Dekoratioune vun äre Kierche léiwer, wéi dir déi Aarm an Hëllefsbedierfteger, déi Krank an Ënnerdréckte gären hutt.

38 O dir Verschmotzungen, dir Hypokritten, dir Enseignanten, déi dir iech ëm dat verkaaft, wat zerfrësst, firwat hutt dir déi helleg Kierch vu Gott verschmotzt? Firwat schummt dir iech, den Numm vum Christus op iech ze huelen? Firwat mengt dir net, datt de Wäert vun engem onendleche Gléck méi grouss ass wéi dat Misär, dat ni stierft—wéinst dem Luef vun der Welt?

39 Firwat dekoréiert dir iech mat deem, wat kee Liewen huet, a loosst awer déi Hongreg a Bedierfteger, Déi Plakeg a Krank an Hëllefsbedierfteger un iech laanscht goen a beuecht se net?

40 Jo, firwat baut dir är geheim Abscheilechkeeten op, fir Gewënn ze kréien, a loosst d’Wittfrae virum Här traueren, an och d’Waise virum Här traueren, an och d’Blutt vun hire Pappen an hire Männer vum Buedem aus den Här uruffen, ëm Vergeltung iwwer är Käpp?

41 Kuckt, d’Schwäert vun der Vergeltung hänkt iwwert iech; an d’Zäit kënnt geschwënn, datt hien sech fir d’Blutt vun den Hellegen un iech rächt, well hie wäert hiert Gejäiz net méi erdroen.