Scriptures
Temoignage vun Dräi Zeien


Den Temoignage vun Dräi Zeien

Et soll all Natiounen, Geschlechter, Sproochen a Vëlker bekannt sinn, zu deenen dëst Wierk kënnt: Datt mir, duerch d’Gnod vu Gott, dem Papp, an eisem Här Jesus Christus, d’Placke gesinn hunn, déi dës Opzeechnung enthält, déi eng Opzeechnung vum Vollek vum Nephi ass, an och vun de Lamaniten, hire Bridder, an och vum Vollek vum Jared, déi vum Tuerm koumen, vun deem geschwat gouf. A mir wëssen och, datt se duerch d’Gab an d’Muecht vu Gott iwwersat goufen, well seng Stëmm et eis verkënnegt huet; dofir wësse mir mat Sécherheet, datt d’Wierk wouer ass. A mir temoignéieren och, datt mir d’Gravurë gesinn hunn, déi op de Placke sinn; an si goufen eis duerch d’Muecht vu Gott gewisen, an net vum Mënsch. An mir deklaréiere mat seriéise Wierder, datt en Engel vu Gott vum Himmel erofkomm ass, an hien huet d’Placken an d’Gravuren drop virun eis Ae bruecht a geluecht, sou datt mir d’Placken an d’Gravuren drop gesinn hunn; a mir wëssen, datt et duerch d’Gnod vu Gott, dem Papp, an eisem Här Jesus Christus ass, datt mir se gesinn hunn a ginn Temoignage, datt dës Saache wouer sinn. An et ass wonnerbar an eisen Aen. Trotzdeem huet d’Stëmm vum Här eis gebueden, datt mir Temoignage dovunner solle ginn; dofir, fir de Geboter vu Gott ze follegen, gi mir Temoignage iwwer dës Saachen. A mir wëssen, datt, wa mir trei a Christus sinn, mir eis Kleeder vum Blutt vun alle Mënsche wäerte befreien, a virum Riichter-Stull vum Christus makellos befonnt wäerte ginn, a mir wäerten éiweg mat him am Himmel wunnen. An d’Éier soll ginn dem Papp, dem Jong, an dem Hellege Geescht, déi ee Gott sinn. Amen.

Oliver Cowdery

David Whitmer

Martin Harris