Eng Kuerz Erklärung zum Buch vum Mormon
D’Buch vum Mormon ass een hellege Bericht vu Vëlker am anticken Amerika, deen op Metallplacken agravéiert gouf. Quellen, aus deenen dës Opzeechnung zesummegestallt gouf, sinn ënner anerem:
-
D’Placke vum Nephi, déi vun zweeërlee Aarte sinn: déi Kléng Placken an déi Grouss Placken. Déi éischt waren haaptsächlech reliéise Preoccupatioune souwéi dem Ministère an de Léiere vun de Prophete gewidmet, wärend déi lescht zum gréissten Deel déi weltlech Geschicht vun de Vëlker erfaasst huet (1 Nephi 9:2–4). Zënter der Zäit vum Mosiah hunn déi Grouss Placken awer och Géigestänn vu grousser geeschtlecher Bedeitung enthalen.
-
D’Placke vum Mormon, déi een Auszuch aus de Grousse Placke vum Nephi sinn, vum Mormon verfaasst a mat villen Erläuterunge versinn. Dës Placken enthalen och eng Fortsetzung vun der Geschicht vum Mormon an Ergänzunge vu sengem Jong Moroni.
-
D’Placke vum Ether, déi d’Geschicht vun de Jarediten duerleeën. Dës Opzeechnung gouf vum Moroni verkierzt, deen seng eege Kommentarer agebaut an d’Opzeechnung mat der allgemenger Geschicht ënnert dem Titel „Buch vum Ether“ integréiert huet.
-
D’Placken aus Messeng, déi d’Leit vum Lehi am Joer 600 v. Chr. vu Jerusalem bruecht hunn. Dës enthalen „déi fënnef Bicher vum Moses, … an och eng Opzeechnung vun de Judde vum Ufank, … bis zum Ufank vun der Herrschaft vum Zedekia, Kinnek vu Juda; an och d’Prophezeiunge vun den hellege Propheten“ (1 Nephi 5:11–13). Vill Zitater vun dëse Placken, déi de Jesaja an aner biblesch an net-biblesch Propheten zitéieren, erschéngen am Buch vum Mormon.
D’Buch vum Mormon besteet aus fofzéng Haaptdeeler oder Ënnerdeelungen, déi mat enger Ausnam als Bicher bekannt sinn, normalerweis mam Numm vun hirem Haaptauteur bezeechent. Den éischten Deel (déi éischt sechs Bicher, déi mam Omni ophalen) ass eng Iwwersetzung vun de klenge Placke vum Nephi. Tëscht de Bicher vum Omni a vum Mosiah ass en Asaz mam Numm d’Wierder vum Mormon. Dësen Asaz verbënnt d’Opzeechnung, deen op de klenge Placke gravéiert ass, mat dem Mormon senger Kierzung vun de grousse Placke.
Dee längsten Deel, vu Mosiah bis Mormon, Kapitel 7, ass eng Iwwersetzung vum Mormon senger Kierzung vun de grousse Placke vum Nephi. Den ofschléissenden Deel, vu Mormon, Kapitel 8, bis zum Enn vum Band, gouf vum Mormon sengem Jong Moroni gravéiert, deen, nodeems hien d’Opzeechnung vum Liewe vu sengem Papp fäerdeg gemaach hat, eng Kierzung vun der jarediteschen Opzeechnung (als d’Buch vum Ether) gemaach huet an duerno déi Deeler bäigefüügt huet, déi als Buch vum Moroni bekannt sinn.
Ëm d’Joer 421 no Christus huet de Moroni, de leschten nephitesche Prophet an Historiker, den hellege Bericht versigelt an e fir den Här verstoppt, fir datt en an de leschten Deeg ervirbruecht géif, wéi Gott et duerch Seng antick Prophete viraussoe gelooss hat. Am Joer 1823 huet deselwechte Moroni als operstanent Wiesen de Prophet Joseph Smith besicht an him duerno déi gravéiert Placken iwwerginn.
Iwwer dës Editioun: Déi ursprénglech Titelsäit, direkt virun der Inhalts-Säit, ass vun de Placken iwwerholl an ass en Deel vum hellegen Text. Aféierungen an enger net-kursiver Schrëft, wéi zum Beispill an 1 Nephi a direkt virum Mosiah, Kapitel 9, sinn och Deel vum hellegen Text. Aféierungen a Kursiv, wéi zum Beispill an de Kapitel-Iwwerschrëften, sinn net originell zum Text, mee sinn als Léierhëllefen, déi d’Liese méi kamoud maachen, agebaut sinn.
E puer kleng Feeler am Text goufen a fréieren Editioune vum Buch vum Mormon, déi op Englesch publizéiert goufen, weidergefouert. Dës Editioun enthält Korrekturen, déi passend schéngen, fir d’Material mat de Manuskripter virun der Publikatioun an de fréien Editiounen, déi vum Prophet Joseph Smith erausgi goufen, an Aklang ze bréngen.