Scriptures
Titel Säit vum Buch vum Mormon


D’Buch vum Mormon

E Bericht, geschriwwe vun
der Hand vum Mormon
op Placken,
déi vun de Placke vum Nephi geholl goufen

Et ass dëst dofir een Auszuch aus dem Bericht iwwer d’Vollek Nephi an och iwwer d’Lamaniten—Geschriwwe fir d’Lamaniten, déi een Iwwerrescht vum Haus vun Israel sinn, an och fir d’Judden a fir déi Aner—Geschriwwen op ee Gebot hin an och duerch de Geescht vun der Prophezeiung an Offenbarung—Geschriwwen a versigelt a fir den Här verstoppt, fir datt et net zerstéiert géif—Op datt et duerch d’Gab an d’Muecht Gottes ervirkéim, fir iwwersat ze ginn—Versigelt vum Moroni senger Hand a fir den Här verstoppt, fir datt et zur bestëmmten Zäit duerch déi Anere ervirbruecht géif—D’Iwwersetzung duerch d’Gab Gottes.

Een Auszuch och aus dem Buch vum Ether, dat ee Bericht iwwer d’Vollek Jared ass, dat zu där Zäit verstreet gouf, wou den Här d’Sprooch vun de Mënschen duerchernee gemaach huet, wéi si een Tuerm gebaut hunn, fir an den Himmel ze kommen—Dëst Wierk soll dem Iwwerrescht vum Haus vun Israel weisen, wat den Här Grousses fir hir Pappe gemaach huet; a si sollen d’Allianze vum Här erkennen a wëssen, datt si net fir ëmmer verstouss sinn—Och sollen d’Judden an déi Aner dovunner iwwerzeegt ginn, datt de Jesus de Christus ass, den Éiwege Gott, deen sech allen Natioune weist—A wann doranner Mängel sinn, sou sinn et Feeler vu Mënschen; dofir verurteelt net, wat vu Gott kënnt, fir datt dir eemol virum Riichterstull Christi als makellos befonnt géift ginn.

Original Iwwersetzung vun de Placken op Englesch
vum Joseph Smith, Jun.