Scriptures
Aféierung


Aféierung

D’Buch vum Mormon ass e Band vun helleger Schrëft, déi mat der Bibel vergläichbar ass. Et ass ee Bericht vu Gottes Ëmgang mat den anticke Bewunner vun Amerika an enthält d’Fëllt vum éiwegen Evangelium.

D’Buch gouf vu villen anticke Propheten duerch de Geescht vun der Prophezeiung an der Offenbarung geschriwwen. Hir Wierder, déi op Placken aus Gold geschriwwe goufen, goufe vun engem Prophet-Historiker mam Numm Mormon zitéiert a verkierzt. D’Opzeechnung gëtt e Bericht iwwer zwou grouss Zivilisatiounen. Eng koum aus Jerusalem am Joer 600 v. Chr. an huet sech duerno an zwou Natiounen opgedeelt, bekannt als d’Nephiten an d’Lamaniten. Déi aner koum vill méi fréi, wéi den Här d’Sproochen um Tuerm vu Babel duerchernee bruecht huet. Dës Grupp ass als d’Jaredite bekannt. No Dausende vu Jore goufen all zerstéiert ausser d’Lamaniten, an si gehéieren zu de Virfare vun den Amerikaneschen Indianer.

Den Héichpunkt vun deenen am Buch vum Mormon beschriwwenen Evenementer ass de perséinleche Ministère vum Här Jesus Christus bei den Nephitë kuerz Zäit no senger Opersteeung. Et stellt d’Doktrinne vum Evangelium vir, skizzéiert de Plang vun der Erléisung a seet de Mënsche wat si maache mussen, fir Fridden an dësem Liewen an éiweg Erléisung am nächste Liewen ze kréien.

Nodeems de Mormon seng Schrëfte fäerdeg hat, huet hien de Bericht sengem Jong Moroni iwwerginn, deen e puer eege Wierder dobäigesat huet an d’Placken um Cumorah-Hiwwel verstoppt huet. Den 21. September 1823 ass dee selwechte Moroni, dunn ee verherrlecht, opgestanent Wiesen, dem Prophet Joseph Smith erschéngt an huet him iwwert den anticke Bericht a seng spéider Iwwersetzung an déi englesch Sprooch instruéiert.

Zur bestëmmten Zäit goufen d’Placken dem Joseph Smith iwwerreecht, deen se duerch d’Gab an d’Muecht Gottes iwwersat huet. D’Opzeechnung gëtt elo a ville Sprooche publizéiert als en neien a weideren Temoignage, datt de Jesus Christus de Jong vum liewege Gott ass an datt all déi, déi bei Hie kommen an d’Gesetzer an d’Veruerdnunge vu Sengem Evangelium respektéieren, gerett kënne ginn.

Iwwer dës Opzeechnung sot de Prophet Joseph Smith: „Ech hunn de Bridder gesot, datt d’Buch vum Mormon dat korrektst vun all de Bicher op der Äerd wier, an de Schlussstee vun eiser Relioun, a keen anert Buch ee Mënsch méi no bei Gott bréngt, wann en sech un déi Virschrëften an dësem Buch hält.“

Nieft dem Joseph Smith huet den Här dofir gesuergt, datt eelef aner d’Placken aus Gold selwer gesinn a speziell Zeie vun der Wourecht an der Gëttlechkeet vum Buch vum Mormon sinn. Hir schrëftlech Ausso ass en dësem Buch ze fannen, „Den Temoignage vun Dräi Zeien“ an „Den Temoignage vun Aacht Zeien“.

Mir invitéieren all Mënschen iwwerall, d’Buch vum Mormon ze liesen, an hiren Häerzer iwwer d’Botschaft, déi et enthält, nozedenken, an dann de Gott, den Éiwege Papp, am Numm vum Christus ze froen, ob d’Buch wouer ass. Déi, déi dëse Wee verfollegen a mat Glawe froen, kréien duerch d’Muecht vum Hellege Geescht een Temoignage vu senger Wourecht a Gottheet. (Kuckt Moroni 10:3–5)

Déi, déi dëse gëttlechen Temoignage vum Hellege Geescht kréien, wäerten och duerch déi selwecht Muecht wëssen, datt de Jesus Christus de Retter vun der Welt ass, datt de Joseph Smith Säin Offenbarer a Prophet an dëse leschten Deeg ass, an datt d’Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de Leschten Deeg d’Kinnekräich vum Här ass, dat erëm op der Äerd etabléiert ass, als Virbereedung op dat Zweet Komme vum Messias.