Scriptures
Temoignage vum Prophet Joseph Smith


Den Temoignage vum Prophet Joseph Smith

Dem Prophet Joseph Smith seng eege Wierder iwwer d’Entstoe vum Buch vum Mormon sinn:

„Oou war et um Owend vu…te September, deen ech vir [1823] …ht an d’Bett geluecht hat, hunn ech mech a ferventem Gebiet. …

„Wärend ech esou am Gaang war, Gott unzeruffen, hunn ech bemierkt, wéi a mengem Zëmmer ee Liicht geschéngt huet, dat ëmmer méi staark ginn ass, bis de Raum schliisslech méi hell war wéi mëttes, wéi gläich drop u mengem Bett eng Gestalt siichtbar gouf, an de Betreffende stoung an der Loft, well seng Féiss hunn de Buedem net beréiert.

„Hien hatt ee Kleed un, dat lass an aussergewéinlech wäiss war. Et war méi wäiss ewéi alles, wat ech jeemools op der Äerd gesinn hat; Ech gleewen net, datt eppes Ierdesches esou immens wäiss an hell liichtend gemaach ka ginn. Seng Hänn waren opgedeckt, och seng Äerm och bis knapp iwwer dem Handgelenk; genausou waren seng Féiss plakeg an och d’Been bis knapp iwwer dem Knéchel. Säi Kapp a säin Hals waren och net bedeckt. Ech konnt erkennen, dat hien ausser dësem Kleed keng aner Kleedung gedroen huet, well et war op, an ech hunn seng Broscht gesinn.

„Net nëmme säi Kleed war immens wäiss, mee déi ganz Gestalt war onbeschreiflech herrlech, d’Gesiicht huet geliicht wéi ee Blëtz. Am Zëmmer war et immens hell, mee awer net esou hell ewéi ganz no bei him. Wéi ech hien erbléckt hunn, hunn ech als éischt gefaart; mee séier huet mech d’Angscht verlooss.

„Hien huet mech beim Numm genannt an zu mir gesot, hie wier geschéckt ginn, aus der Géigewaart Gottes zu mir geschéckt, an heescht Moroni; Gott hätt eng Aarbecht fir mech; mäin Numm wäert bei allen Natiounen, Geschlechter a Sprooche fir gutt oder béis gëllen, jo, et wäert een ënnert allem Vollek souwuel gutt ewéi och béis vu mir schwätzen.

„Hien huet gesot, et wier ee Buch sécher versuergt, op gëlle Placke geschriwwen, an doranner wier ee Bericht iwwer déi fréier Bewunner vun dësem Äerddeel an hir Hierkonft ze fannen. Hien huet weider gesot, an deem Buch wier d’Fëllt vum éiwegen Evangelium enthalen, wéi et den Erléiser deene Bewunner deemools bruecht hat.

„Och, datt et zwéi Steng a sëlwere Béi gouf - an dës Steng, déi un engem Broschtschëld befestegt waren, hunn dat wat Urim an Thummim genannt gëtt, ausgemaach - zesumme mat de Placken; an de Besëtz an d’Benotzung vun dëse Steng waren d‘t, wa’ „Seher” an der aler oder fréierer Zäit ausgemaach huet; an datt Gott se fir den Zweck vun der Iwwer …

„Weider huet hien zu mir gesot, wann ech d’Placken, vun deenen hie gesprach huet, kréie wäert—well déi Zäit wier nach net komm, wou een se sollt kréien—dann dierft ech se kengem Mënsch weisen, och net de Broscht-Schëld mam Urim an Thummim. Nëmmen deenen dierft ech se weisen, déi mir genannt wäerte géifen; soss sollt ech vernicht ginn. Wärend hie mat mir iwwert d’Placke geschwat huet, huet sech mir eng Visioun opgemaach, an ech konnt déi Plaz gesinn, wou d’Placke verstoppt waren, an zwar sou kloer an däitlech, datt ech den Uert spéider erëm erkannt hunn, wéi ech dohinner koum.

„No dëser Matdeelung hunn ech gesinn, wéi sech d’Luucht am Zëmmer ëm hien, deen zu mir gesprach hat, direkt zesumme gezunn huet, bis et am Raum erëm däischter war, ausser ganz no bei him ronderëm. An dësem Moment hunn ech souzesoen ee Schacht sech bis an den Himmel opmaache gesinn, an de Visiteur ass an d’Héicht opgefuer, bis hie ganz verschwonne war; am Zëmmer war et elo erëm esou ewéi fréier, bevir déi himmlesch Luucht sech gewisen hat.

„Ech hunn do geleeën an iwwer dëst eenzegaartegt Evenement nogeduecht a mech vill iwwer dat gewonnert, wat mir dësen ongewéinlechen Engel gesot hat; do, matzen a mengem Nodenken, hunn ech plëtzlech bemierkt, datt et am Zëmmer erëm ugefaangen huet hell ze ginn; a souzesoen am nächste Moment stoung deselwechten Engel erëm u mengem Bett.

„Hien huet ugefaangen a mir dat selwecht gesot, wat hie mir bei sengem éischte Besuch gesot hat, ouni déi geréngsten Ofwäichung. Duerno huet hie mech iwwer d’Strofgeriicht Gottes ënnerriicht, dat mat grousser Vernichtung duerch Hongersnout, Schwäert an Epidemie iwwer d’Äerd komme wäert, an dëst schmäerzlecht Strofgeriicht wäert an dëser Generatioun iwwer d’Äerd kommen. Nodeems hie mir dëst matgedeelt hat, ass hien, wéi virdrun, an d’Héicht opgefuer.

„Zu dësem Zäitpunkt waren d’Andréck a mengem Geescht sou déif, datt de Schlof mir aus den Ae fort war, an ech louch iwwerwältegt vun Erstaunen iwwer dat, wat ech gesinn an héieren hat. Awer wat war meng Iwwerraschung, wéi ech erëm dee selwechte Botschafter u mengem Bett gesinn hunn, an hien héieren hunn, wéi hie mir déi selwecht Saachen ewéi virdru widderholl huet; an huet mir eng Warnung bäigefüügt, andeems hie mir gesot huet, datt de Satan géif probéieren, mech (wéinst den aarmen Ëmstänn vun der Famill vu mengem Papp) ze verféieren, fir d’Placken ze kréien, fir räich ze ginn. Dëst huet hie mir verbueden a gesot, datt ech keen anert Zil beim Kréie vun de Placken däerf hunn, wéi Gott ze verherrlechen, an ech däerf mech net vun engem anere Motiv wéi dem Opbau vu sengem Räich beaflosse loossen; soss kéint ech se net kréien.

„No dësem drëtte Besuch ass hien an den Himmel opgefuer wéi virdrun, an ech war erëm eleng a konnt iwwer dat Komescht nodenken, wat ech elo grad erlieft hat; mee kaum war den Engel fir d’drëtt vu mir opgefuer, do huet den Hunn gekréit, a mir ass bewosst ginn, datt et Dag gouf, sou datt dës Besich also missen déi ganz Nuecht gedauert hunn.

„Kuerz drop hunn ech mech erhuewen a si wéi gewéinlech un déi noutwenneg Dagesaarbecht gaangen; wéi ech awer mat schaffen ugefaangen hunn ewéi soss, war ech därmoosse midd, datt ech zu näischt fäeg war. Mäi Papp, dee mat mir zesumme geschafft huet, huet bemierkt, datt eppes mat mir net an der Rei war, an huet mech heem geschéckt. Ech hu mech op de Wee gemaach a wollt zum Haus higoen; wéi ech awer um Rand vum Terrain, op deem mir geschafft hunn, iwwer d’Clôture klamme wollt, hu mech d’Kräfte verlooss, an ech sinn zu Buedem gefall; eng Zäit laang war ech einfach bewosstlos.

„Dat éischt, wourunner ech mech erënnere kann, war eng Stëmm, déi zu mir gesprach huet a mech beim Numm geruff huet. Ech hunn opgekuckt an deselwechten Engel iwwer mir stoe gesinn, vu Liicht ëmginn ewéi virdrun. Nach eemol huet hie mir alles widderholl, wat hie mir an der vergaangener Nuecht gesot hat, hien huet mir gebueden, bei mäi Papp ze goen an him vun der Visioun an den Uweisungen, déi ech empfaangen hat, ze erzielen.

„Ech hu gefollegt, si bei mäi Papp op d’Feld zeréckgaangen an hunn him alles erzielt. Seng Äntwert war, et wier vu Gott an ech soll higoen a maachen, wat den Engel mir gebueden huet. Ech si vum Feld fortgaangen an un deen Uert, wou no de Wierder vum Engel d’Placke verstoppt waren; dank der Däitlechkeet vun der Visioun, déi ech dovunner kritt hat, hunn ech déi Plaz direkt erkannt, wéi ech do ukomm sinn.

„Praktesch beim Duerf Manchester, Ontario Grofschaft, New York, steet en Hiwwel vu beträchtlecher Gréisst, an den héchste vun all deenen an der Noperschaft. Op der Westsäit vun dësem Hiwwel, net wäit vun der Spëtzt ewech, ënnert engem Stee vu beträchtlecher Gréisst, louchen d’Placken, déi an enger Këscht aus Steen ofgelagert waren. Dëse Stee war déck an an der Mëtt op der ieweschter Säit ofgeronnt, a méi dënn un de Kanten, sou datt de mëttleren Deel dovun iwwer dem Buedem ze gesi war, awer de Rand ronderëm war mat Äerd bedeckt.

„Nodeems ech d’Äerd ewech geholl hat, hunn ech mir een Hiewel gesicht, hunn en ënnert de Rand vum Steen ugesat an ouni vill Ustrengung héich gehuewen. Ech hunn era gekuckt, an do hunn ech tatsächlech d’Placken, den Urim an Thummim souwéi de Broschtschëld gesinn, genausou, wéi den Engel et gesot hat. De Behälter, wouranner dëst geleeën huet, war mat Steng gemaach, dee mat enger Aart Zement unenee gemaach gi waren. Um Buedem vum Behälter waren zwee Steng queesch geluecht, an op dëse Steng louchen d’Placken an déi aner Géigestänn.

„Ech hu mech ugestallt, fir se eraus ze huelen, mee den Engel huet et mir verbueden; erëm hunn ech ze héiere kritt, datt d’Zäit, fir se un d’Luucht ze bréngen, nach net komm wier—eréischt véier Joer drop wäert et esou wäit sinn; hien huet mir awer gesot, ech soll a genau engem Joer erëm un déi selwecht Plaz kommen an hie wäert mech dann do treffen. Ech soll dëst esou laang fortsetzen, bis d’Zäit komm wier, wou ech d’Placke kréie wäert.

„Ech sinn dowéinst, wéi mir gebuede gi war, ëmmer no Oflaf vun engem Joer dohinner gaangen, an all Kéiers hunn ech deselwechten Engel do virfonnt a vun him bei jiddwer Bespriechung Uweisungen an Informatiounen doriwwer empfaangen, wat den Här virhuet a wéi an op wéi eng Weis säi Räich an de leschten Deeg ze leede wier. …

„Endlech koum den Dag, wou ech d’Placken, den Urim an Thummim souwéi de Broschtschëld kréie sollt. Den zweeanzwanzegste September uechtzénghonnert siwenanzwanzeg, wéi gewinnt sinn ech no Oflaf vun engem Joer erëm un deen Uert gaangen, wou sech d’Placke befonnt hunn—huet deselwechten Engel se mir mat folgender Warnung iwwerginn: wann se mir aus Onbeduecht oder duerch iergendeng Noléissegkeet vu menger Säit verluere sollt kommen, géif ech vernicht ginn; wann ech awer all meng Kräften dofir asetze wéilt, se ze beschützen, bis hien, den Engel, se erëm ofhuele kéim, géifen se geschützt sinn.

„Séier hunn ech eraus fonnt, firwat ech dës esou streng Instruktioun kritt hat, se sécher ze versuergen, a firwat den Engel gesot hat, hie wäert d’Placken erëm siche kommen, soubal ech vollbruecht hunn, wat vu mir gefuerdert gi wier. Kaum war bekannt ginn, datt se sech a mengem Besëtz befonnt hunn, do si schonn déi heftegst Ustrengungen ënnerholl ginn, fir se mir ewech ze huelen. Zu dësem Zweck gouf jiddwer erdenklech Rüs ugewannt. Ech gouf méi gehässeg a méi hefteg verfollegt ewéi virdrun, a vill Leit ware stänneg dorobber aus, mir wa méiglech d’Placken ewech ze huelen. Mee dank der Weisheet Gottes sinn se sécher a menger Hand bliwwen, bis ech mat hinne vollbruecht hat, wat vu mir gefuerdert war. Wéi den Engel, wéi ausgemaach, se siche komm ass, hunn ech him se iwwerginn, an hien huet se bis haut, den zweete Mee uechtzénghonnert aachtandrësseg, a senger Ophutt.„

Fir e méi komplette Bericht, kuckt Joseph Smith—Geschicht an der Pärel vu Groussem Wäert.

Den anticke Bericht, deen esou aus der Äerd als d’Stëmm vun engem Vollek, dat aus dem Stëbs schwätzt, erausbruecht an duerch d’Gab a d’Muecht vu Gott a modern Sprooch iwwersat gouf, wéi duerch gëttlech Bestätegung bestätegt, gouf fir d’éischt am Joer 1830 op Englesch als The Book of Mormonder Welt publizéiert.