Scriptures
Temoignage vun Aacht Zeien


Den Temoignage vun Aacht Zeien

Et soll all Natiounen, Geschlechter, Sproochen a Vëlker bekannt sinn, zu deenen dëst Wierk kënnt: Datt de Joseph Smith, Jr., den Iwwersetzer vun dësem Wierk, eis d’Placke gewisen huet, vun deene geschwat gouf, déi d’Erscheinung vu Gold hunn; an esou vill vun de Blieder, déi de Smith iwwersat huet, hu mir an eisen Hänn gehalen; a mir hunn och d’Gravuren drop gesinn, déi all d’Ausgesi vun anticker Aarbecht an enger kuriéiser Handwierkskonscht hunn. An dëst temoignéiere mir mat seriéise Wierder, datt de Smith eis se gewisen huet, well mir hunn se gesinn an opgehuewen, a wësse mat Sécherheet, datt de Smith d’Placke kritt huet, vun deene mir geschwat hunn. A mir ginn eis Nimm der Welt, fir der Welt vun deem ze temoignéieren, wat mir gesinn hunn. A mir léien net, Gott ass Zeien dovun.

Christian Whitmer

Jacob Whitmer

Peter Whitmer, Jun.

John Whitmer

Hiram Page

Joseph Smith, Sen.

Hyrum Smith

Samuel H. Smith